Den Hallwer Néng
100,7 Kannerradionuecht
24 min
Den Owend vu 7 Auer u steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vu senge jonken Nolauschterer. An zwar mat der éischter Kannerradionuecht vum 100,7.
D’Tessy Steffen König an de Jean Claude Majerus presentéiere fënnef Stonne laang e Kannerradiosprogramm zum Theema Wëssenschaft, Erfindungen a Robotere mat Geschichten, Experimenter, Ausstellungen, mat Kannerreporter an och engem ganz geckegen Professer, dee mir den Owend erwaarden.
A speziell ass och d’Weltpremière vum Jhemp Hoscheit senger Geschciht “Den Eppes” als Lauschterstéck. D’Kannerradionuecht den Owend absolut derwäert derbäi ze sinn.
Wat jonk a manner jonk Nolauschterer an d'Nolauschterinnen erwaart, verréit de Jean Claude Majerus.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus