Radioen

On air

Notturno  |  Madison Cunningham - Hospital

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Carlo Thill

D’Banke beschwéieren sech iwwer niddreg Zënsen an deier Reguléierungen. Firwat huet d'BGL BNP Paribas trotzdem iwwer 400 Milliounen Euro Gewënn gemaach?

Thérèse Michaelis

Déi fréier Qualitéitsbeoptraagte vun der "Entente des Gestionnaires" vun de Jugendhaiser presentéiert den neie Vademecum.

Robert Urbé

Den Ekonomist a Spriecher vun der Caritas presentéiert de Sozialalmanach 2017. Schwéierpunktthema ass de Wuesstem.

Marc Hansen

Déi aktuell intern Tensioune bei der Uni Lëtzebuerg an dat neit Unisgesetz si Sujet mam Héichschoulminister.

Frank Wolter

Den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung schwätzt iwwert den Zoustand an d'Gestioun vum Lëtzebuerger Bësch.

Volker Strauss

Mam Titularpaschtouer vun der Protestantescher Kierch geet et ëm de Konflikt bannent der Communautéit.

Thierry Nothum

Mam Direkter vun der Handelskonfederatioun geet et ëm d'Erausfuerderungen am Lëtzebuerger Commerce.
Marc Crochet

Marc Crochet

De Vize-Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz beliicht déi humanitär Besoinen an de Kriseregioune vun Ostafrika an dem Jemen.

Annemarie Jung

Déi nei Generalsekretärin vun der Banken- an Banquiersassociatioun schwätzt iwwert d'Transparenz an d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.

Claudia Monti

Déi a Kanner- a Familljerecht spezialiséiert Juristin gouf vun der Chamber zum Ombudsman gewielt. Déi nei Mediatrice ass DP-Parteimember.

Danièle Weber

D'Journalistin an 100,7 Mataarbechterin fënnt, datt 60 Joer nom Ënnerschreiwe vun de Réimesche Verträg d'Ambiance an der EU net déi Bescht wier.

Max Hahn (DP) a Marc Lies (CSV)

Ëmmer méi Leit hu Problemer eng Wunneng ze fannen, déi se sech leeschte kennen. Kann d'Reform vum Fonds du Logement eppes dorun änneren?

Michel Weimerskirch a Peter Gilles

De Grënner vum Projet "Spellchecker" a de Spezialist vun der Lëtzebuerger Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg iwwert d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Felix Braz

Stäerkung vun der Justiz an der Verfassung an d'Schafung vun engem ieweschte Justizrot: de Justizminister erkläert seng Reformproposen.

Liette Braquet

D'Direktesch vun der APEMH, der Associatioun vun Eltere vu geeschteg behënnerte Kanner, schwätzt iwwert d'Reform vun den Ateliers protégés.
headphones

14 min

play_arrow

Romain Poos

Mam President vum Conseil Supérieur de certaines professions de santé geet Rieds iwwert de Secteur vun de Gesondheetsberuffer.
headphones

15 min

play_arrow
Marjolein de Haan

Marjolein de Haan

Déi rietsliberal Partei VVD vum Premier Mark Rutte huet d'Wahlen an Holland gewonnen. Mat der hollännescher Journalistin geet rieds iwwer d'Konsequenze vun dëse Wahlen.
headphones

14 min

play_arrow

Marc Linden

Den Accord tëscht dem Verband vun de Kierchefabricke Syfel an dem Bistum gëtt vum Inneminister verworf. De Syfel-Vizepresident erkläert.
headphones

15 min

play_arrow
Christian Schleck

Christian Schleck

De President vun der Arméigewerkschaft SPAL schwätzt iwwert d'NATO, eng gemeinsam europäesch Arméi an d'Roll vum Zaldot an onsécheren Zäiten.
headphones

12 min

play_arrow
Marco Wagener

Marco Wagener

De President vum Wirtschafts- a Sozialrot schwätzt iwwert dat europäescht Semester an d'Zesummenaarbecht vun de Sozialpartner.
headphones

16 min

play_arrow