Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

Wéi reagéiert d'EU op d'Hausse vun de Corona-Zuelen?

An der ganzer EU klëmmt d'Zuel vun den Nei-Infektiounen mam Coronavirus. Wéi gëtt an den eenzelen EU-Länner a wéi gëtt zu Bréissel dorop reagéiert?

Den Handel mat Päss oder Visaen

D'EU brauch Reegelen déi verhënneren, datt Länner Geschäfter mat gëllene Päss oder Visae kënne maachen, fannen eng Partie Europaparlamentarier.

Tilly Metz am Gespréich

D'Europaparlament an d'Memberlänner si sech net eens iwwer déi europäesch Agrarreform. Mir hu mat der Europadeputéiert vun deene Grénge geschwat.

Covid-19 als Katalysator fir méi propper Loft?

De Confinement huet deels zu enger méi propperer Loft geféiert. Ëmweltaktivisten hoffen, datt d'Pandemie dozou bäidréit, datt EU-Direktive verbessert ginn.

Vill Kritik um Projet de loi fir kollektiv Recoursen

Dat esou wuel vum Konsumenteschutz a vum Patronatsverband UEL, wéi och vum Conseil de la Concurrence. Dobäi ass eng europäesch Direktiv ënnerwee.

Les coulisses de l'Europe

Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kënnt op den EU-Sommet zeréck. Do stoungen déi zukünfteg Bezéiungen tëschent der EU a Groussbritannien um Programm.

Haarde Coup fir d'Stad Stroossbuerg

D'Europaparlament huet decidéiert, déi nächst Woch net op Stroossbuerg ze goen. Zanter aacht Méint war keen EU-Parlamentarier méi do.

Gréng, orange, rout: neien EU-System fir Risikogebidder auszeweisen

En neie System soll fir Uerdnung suergen am europäesche Chaos vu Risikogebidder. Mee Lëtzebuerg ass net zefridden domat.

Europa-Interview: Christophe Hansen

Wat ass europapolitesch zur Ried vun der Lag vun der Natioun ze soen? Dat froe mir den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen.

Corona mécht regional Ënnerscheeder méi grouss

D'Corona-Pandemie huet d'Regiounen an der EU ganz ënnerscheedlech getraff. En neien regionalen Eurobarometer liwwert Detailer doriwwer.

Regioun Oberes Moseltal: "Hei kann een Europa spieren"

Reportage vun der Musel: D'Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an Däitschland kritt neie Schwong mam Entwécklungskonzept Oberes Moseltal a sengem neie Regionalmanager.

"De Physik-Nobelpräis hätt sollen un d'EU goen"

Chercheuren, déi iwwer d'Schwaarzt Lach gefuerscht hu, kruten en Nobelpräis. Mee och den EU-Rechtsstaat "à géométrie variable" hätt eng Auszeechnung verdéngt, fënnt den Olivier Hanrion.

Europa Aktuell: Ambitiéisen Zäitplang

Däitschland viséiert ee politeschen Accord iwwert déi ëmstridde Reform vum europäeschen Asylsystem bis Enn des Joers un. Dat ass ambitiéis.

Paritéit bei de Payen: Et ass nach net fir muer!

An der EU verdéngen Fraen an der Moyenne baal 15 Prozent manner ewéi Männer. Gewerkschafte fuerderen verbindlech Regelen, fir dogéint virzegoen.

Europa-Interview

D'EU soll méi determinéiert géintiwwer dem ungaresche Premier Orban optrieden, fënnt d'Katarina Barley, Europadeputéiert a fréier däitsch Justizministerin.

Europaparlament: Mir si prett virun ze verhandelen

D'Positioun tëscht dem Europaparlament an de Memberlänner iwwert den EU-Budget leien nach ëmmer auseneen. Dat huet een Debat gëschter am Parlament gewisen.

Lëtzebuerg erëm vun Daitschland als Risikogebiet déclaréiert

D'EU huet nach ëmmer keng eenheetlech Reegelung fir d'Ausweisen vu Corona-Risikogebitter. Enn September ass Lëtzebuerg fir di zweete Kéier vun Däitschland als Risikogebitt aklasséiert ginn.

Am Sprint op den europäesche Parquet

Kuerz nodeems déi nei belsch Regierung vereedegt gouf, war de Premier Alexander De Croo schonn um EU-Sommet vun de Staats- a Regierungschefen dobäi.

EU gëtt sech eens iwwert Belarus-Sanktiounen

No wochelaangen Diskussiounen ass sech d'EU gëscht awer iwwer Sanktiounen géint Persounen, déi responsabel sinn fir d'Gewalt an de Wahlbedruch a Belarus.

EU a Rechtstaat: De Sträit eskaléiert

D'EU Kommissioun huet eklatant Verstéiss géint de Rechtstaat a verschiddenen EU-Länner dokumentéiert. De Sträit riskéiert ze eskaléieren.