Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

EU-Startschoss fir den Covid-Impfstoff: Wéini geet et lass?

Deen éischten Covid-Impfstoff kéint déi nächst Woch an der EU zougelooss ginn. Déi 27 Länner sollen mateneen ufänke mat impfen. Wéi soll dat klappen?

Daniel Hegedus: "EU gouf politesch erpresst"

De Kompromëss, deen d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer den Europäesche Budget ausgehandelt hunn, suergt weider fir Diskussiounen.

Frontalieren am Chômage: aner Länner, aner Rechter

Wann ee Frontalier hei am Land seng Aarbecht verléiert, da muss hie Chômage bei sech doheem ufroen - och wann hien hei cotiséiert a Steiere bezuelt huet.

Frankräich mécht Drock: Europaparlament soll zeréck op Stroosbuerg

De President vum EU-Parlament, den David Sassoli, reest eleng op Stroossbuerg, fir do d'Sessioun vum Dezember opzemaachen. Et ass ee symboleschen Akt.

Iwwerraschung vum leschte Sommet

No engem Verhandlungs-Marathon um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen hunn Ungarn a Polen de Réckgang ageluecht an hire Veto géint de Budget annuléiert.

Keen Accord iwwer d'Koordinatioun vu Sécurité Sociale Systemer

An de Verhandlungen iwwer d'Koordinatioun vu Securité-Sociale-Systemer an der EU ass ee sech méi no komm. Een Accord gëtt et awer net.

Nordmazedonien an d'EU: Bulgarien bleift bei sengem Veto

Ass "mazedonesch" eng eege Sprooch oder ee bulgareschen Dialekt? Déi Fro bestëmmt den Ament, ob d'EU Bäitrëttsverhandlungen mat Nordmazedonien ufänkt.

EU wëll méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virgoen

Zwee Deeg vrum Internationalen Mënscherechtsdag ass sech d'EU iwwert een neie Sanktiounsmechanismus eens ginn. E soll dofir suergen, méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virzegoen.

D'Recht fir net méi un d'Aarbecht ze denken

Muss ee Salarié nonstop iwwer Handy, Tablett oder Computer fir seng Firma erreechbar sinn oder huet en e Recht op ofschalten? Niewend der EU diskutéiert och Lëtzebuerg iwwert de Sujet.

Europa Aktuell

Vun enger "Lockdown-Sexparty" ass déi lescht Woch zu Bréissel Rieds gaang, mat am Zentrum engem ungareschen Deputéierten. Den Olivier Hanrion kënnt drop zréck.

Impfstoff Biontech: 1:0 fir Groussbritannien

Groussbritannien huet d'Nues vir: Schonn an den nächsten Deeg sollen déi éischt Leit géint Covid-19 geimpft ginn. Firwat dauert et an der EU méi laang?

Wantersport: EU hält sech zeréck mat kloren Uweisungen

Op een an de Wantersport reese kann oder net, bleift d'Decisioun vun den EU-Länner. D'EU-Kommissioun gëtt awer keng Entwarnung, wat d'Ophiewe vu Restriktiounen ugeet.

Europa-Interview: Den Europadeputéierten Daniel Freund

Wat maachen Ex-EU-Kommissären haut berufflech? Den EU-Deputéierten huet eng Lëscht gemaach an erausfonnt, datt et eventuell zu Interessekonflikter komme kéint.

Schengen-Zon: Méi oder manner Kontrollen?

Corona-Pandemie oder Terrorismus: An der Schengen-Zon hun an de leschte Joren déi intern Kontrollen op de Grenzen enorm zougeholl. Dat stéisst op Kritik.

Surchauffe bei de Kläranlagen

D'Gemenge kennen hir Kläranlagen net méi finanzéieren, well se wéinst der Pandemie finanziell ënner Drock sinn an duerch en Iwwerhëtzen d'Präisser explodéiert wieren.

Europa Aktuell

An eppes méi wéi 30 Deeg verloossen d'Britten definitiv d'EU. Mee wéi déi Sortie genee soll ausgesinn ass nach onkloer.

Brexit: Kënnt et nach zu engem Accord?

Zanter ufanks des Joers verhandelt d'EU mat Groussbritannien iwwer ee Fräihandelsaccord. D'Zäit gëtt esou lues knapps. Wéi stinn d'Chancen fir nach een Accord ze fannen?

Gender-Diskussiounen an der EU

D'EU ass sech net ëmmer eens, wann et drëms geet, wéi ee soll fir méi Chancëgläichheet suergen. Dat hu gëschter verschidden Debaten am Europaparlament gewisen.

Kann d'EU de Veto vu Polen an Ungarn ëmgoen?

Matten an der Kris blockéieren zwee Länner den europäesche Budget - an domat och den Fonds de Relance. Kann ee si ëmgoen an d'Suen awer deblockéieren?

Europaparlament wëllt streng Krittäre fir Anti-Krise-Fonds

390 Milliarden Euro sollen aus deem Fonds de Relance a Form vu Subside verdeelt ginn - awer net einfach esou. Den Ament gëtt iwwer d'Krittären diskutéiert.