Radioen

On air

Al Schanken  |  Paul Weller live

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

AstraZeneka: Déi ënnerschiddlech Reaktiounen an der EU

Et goufe verschidde Fäll vu Problemer no Impfunge mat AstraZeneka gemellt. D'Europäesch Medikamentenagence wëllt en Donneschdeg eng nei Evaluatioun bekannt ginn.

Learning by Corona: D'EU plangt Reforme vu Gesondheets-Agencen

D'Europäesche Gesondheetsagencen EMA an den ECDC solle gestäerkt ginn. Dat ass eng vun de Konsequenzen, déi d'EU aus der Corona-Pandemie zitt.

Ende des Abkommens EU-Türkei?

Die EU unterstützt mit mehr als sechs Milliarden Euro Projekte. Aber Ende April könnte Schluß sein, wenn die EU und die Türkei ihr Abkommen nicht verlängern.

En europäescht Märchen

Den Oliver Hanrion erzielt ee Märche vun enger Konferenz mat engem méiglecherweis nohaltegen Impakt op d'EU.

EU-UK: Finanzservicer nach net gereegelt

D'Verhandlungen tëschent der EU a Groussbritannien iwwer d'Finanz-Servicer kommen net richteg virun. Lockerungen op der Londoner Bourse suerge fir Irritatiounen.

Openlux-Debatt am Europaparlament

Lëtzebuerg stoung am Mëttelpunkt an d'EU-Kommissioun stellt Mesurë géint Bréifkëschten-Entreprisen an Aussiicht.

Wéi soll d'EU besser organiséiert ginn?

Doriwwer soll an der Konferenz iwwer Zukunft vun Europa diskutéiert ginn. Si gëtt haut mat grousser Verspéidung lancéiert.

Europaparlament wëllt EU als LGBTIQ-Freedom-Zon ausruffen

D'Europaparlament wëllt d'EU als LGBTIQ-Freedom-Zon deklaréieren - als Reaktioun op LGBTIQ-fräi Zonen, vun deenen déi éischt virun engem Joer a Polen ausgeruff goufen.

Neien EU-Energielabel fir Haushaltsapparater

Zanter dem 1. Mäerz gëtt et an der EU en neien Energielabel fir Haushaltsapparater. De Konsument soll op eng méi transparent Manéier wéi virdrun informéiert ginn.

Fidesz-EVP: D'Enn vun enger Relatioun voller Spannungen

Dës Woch hunn d'Fidesz-Partei an d'EVP sech getrennt. Et ass d'Enn vun enger Relatioun an där scho méi laang de Wuerm dra war, kommentéiert den Olivier Hanrion.

Europa Aktuell: Aktiounsplang fir méi ee sozialt Europa

Europa Aktuell

Déi 12 Europadeputéiert vun der ungarescher Fidesz-Partei sinn aus der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei ausgetrueden. D'Kapitel ass awer nach net ofgeschloss.

EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren

EU-Kommissioun well Entreprisen méi Transparenz bei de Payen imposéieren. Den Text gesäit Contrainten fir, d'Inegalitéiten tëscht Männer a Fraen opzehiewen.

EU-Kommissioun wëll Propose fir grénge Covid-Impfpass op den Dësch leën

EU-Kommissioun wëll bis den 17te Mäerz eng Propose fir ee gréngen Covid-Impfpass machen. Eng Woch drop soll um EU-Sommet driwwer geschwat ginn.

Post-Brexit "frictionless trade": an der Realitéit eng Fictioun

Zënter dem eischte Januar gëtt et tëschtent Groussbritannien an der EU kee gemeinsamen Bannemarché méi. Wéi spillt sech dësst an der Praxis aus?

Virtuell Covid- Sommeten, a keen Enn

Zanter engem Joer spille sech wichteg politesche Rendez-vousen a virtuelle Raim of, dorënner d'EU-Sommeten. Den Olivier Hanrion vun der RTBF kommentéiert.

Esch2022: Eréischt e Brochdeel vun de Kontrakter ënnerschriwwen

A manner wéi engem Joer ass Esch Europäesch Kulturhaaptstad 2022. Mee et si bis ewell just 20 vun den 132 Konventioune fir d'Kulturprojeten ënnerschriwwen.

EU-Sommet: Ee weidere Versuch, Rees-Restriktiounen ze koordinéieren

Um EU-Sommet maachen d'Länner haut nees de Point iwwer hir Mesuren an der Corona-Pandemie. D'EU-Kommissioun hält verschiddener fir net ubruecht.

EU-Impf-Certificat oder en Impfpass fir ze reesen

Solle Leit, déi géint Corona geimpft sinn, bestëmmte Rechter kréien? Et gëtt un engem eenheetleche EU-Certificat geschafft, verschidde Länner si scho méi wäit wéi anerer.

EU bréngt nei Sanktioune géint Russland op de Wee

D'EU setzt fir d'éischte Kéier hire neie Mënschrechts-Saktiouns-Regimm an - géint Persounen, déi responsabel si fir d'Inhaftéierung vum Alexej Nawalny.