Radioen

On air

Resonanzen  |  Arash Safaian - Concerto fir P. a Vibraph. Nr.4 "Newton's Law", I. Choral Prelude - Sebastian Knauer (Piano), Pascal Schumacher (Vibr.), Zürcher Kammerorchester

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

Kale Krich?

Et bléist ee kale Wand tëschent Europa a Russland. Den RTBF-Chroniker Sandro Calderon kommentéiert.
headphones

5 min

play_arrow

Ee Recht op Reparatur: Bis elo keng eenheetlech Reegelen an der EU

Eppes flécken aplaz et ewechzegeheien: 2019 hu méi wéi 40 ONGen an der EU eng Initiativ lancéiert, déi fir dat Recht kämpft. An der EU kënnt een do nëmme lues virun.
headphones

6 min

play_arrow

Deen éisträichesche Plan de Relance

Mam Programm Next Generation EU sollen d'EU-Memberstaate gehollef kréien, fir hir Ekonomie no der Corona-Kris nees opzebauen.

Transport a sozial Versécherung ouni Grenzen

Wéinst der Mobilitéit iwwert de Grenzen ewech, kënnt et fir datt Grenzgänger déi am Transportwiese schaffe riskéieren hir sozial Versécherung am Residenzland ze hunn a net zu Lëtzebuerg.

EU-Sozialsommet: Zu Porto war d'Glas hallef voll

D'EU ass ëm zwou Deklaratioune fir ee méi soziaalt Europa méi räich. Mee wat ass vum EU-Sozial-Sommet zeréckzebehalen? Gi konkret Mesuren duerno ëmgesat?

De Refrain vun der europäescher Souveränitéit

Wat versteet een eigentlech genee ënner der vill diskutéierter europäescher Souveränitéit? Déi Fro stellt den Olivier Hanrion (RTBF) sech a senger Chronik.

EU-Sozialsommet: Méi wéi just Wierder?

Um EU-Sozialsommet gëtt iwwer d'Ëmsetze vun den Ziler geschwat, déi sech d'EU an der Sozialpolitik ginn huet. Wat ass konkret ze erwaarden?

Den nationale Plan de Relance a Portugal

Portugal huet wëlles, dee gréissten Deel vun de Suen aus dem EU-Anti-Krise-Fonds an den Secteur public ze investéieren. Am Ganze stinn dem Land 16 Milliarden Euro zou.

Dennis Radtke iwwer EU-Sozial-Sommet an EU-Mindestloun

D'EU-Direktiv fir den Europäesche Mindestloun muss verschäerft ginn, dat seet den CDU-Europadeputéierten an eisem Europa-Interview.

Spuenien: Plan de relance soll 800.000 Aarbechtsplaze bréngen

Mat 140 Milliarden Euro ass Spuenien dat EU-Land, dat am zweet meeschte Suen aus dem EU-Antikrisefonds kritt. D'Regierung versprécht konkret Resultater.

De Lëtzebuerger Plan pour la reprise et la résilience

93 Milliounen Euro huet Lëtzebuerg ze gutt: 20 Projete sollen domat co-finanzéiert ginn.

Serie: Wat geschitt mat den EU-Suen? Dee franséische Plan de relance

Start vun der Europa-Aktuell-Serie iwwer d'EU-Hëllef géint d'Covid-Kris: Am éischten Deel kucken mir op de franséische Plang.

EU-Covid-Certificat: Lëtzebuerg wëllt virum Summer prett sinn

Den EU-Covid-Certificat a Form vu QR-Codë soll zu Lëtzebuerg bis virum Summer prett sinn, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lehnert.

Brexit: Europaparlament hëlt lescht Etapp

D'Europaparlament huet ofgestëmmt iwwer den Handelsaccord mat Groussbritannien - d'Resultat gëtt de Moien bekannt. Et gëllt awer als sécher, datt eng Majoritéit dofir stëmmt.

Sofagate: Déck Loft tëschent Conseilspresident a Kommissiounscheffin

D'Kommissiounscheffin hat kee Recht op eng Fotell nieft dem tierkesche President. Gëschter huet d'Ursula von der Leyen dat ëffentlech kritiséiert.

Liberty House: EU-Kommissioun muss Verantwortung iwwerhuelen

Do si sech de Wirtschaftsminister an d'Gewerkschaftssäit eens.

Een ondankbaren Job

Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF geet op ee Posten an, deen hien net wierklech als Kaddo ugesäit.

Kënschtlech Intelligenz an der EU

D'EU ass déi éischt Regioun op der Welt, déi Reegelen fir d'Kënschtlech Intelligenz opstelle wëllt. KI soll engersäits gefërdert, anerersäits solle Grenze gesat ginn.

EU-Klimaschutzgesetz: Historesche Moment oder verpasste Chance?

D'EU ass sech eens ginn iwwer ee Klimaschutzgesetz. D'Meenunge ginn auserneen. Fir déi eng ass et een historesche Moment, fir déi aner een Echec.

Wéi gréng ass d'Atomenergie?

Wéini ass eng Investitioun als gréng unzegesinn? An der EU gëtt et Reegelen, déi dat definéieren: Si sollen iwwerschafft ginn, an do gëtt et Sträit.