Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - My God

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gutt Noriicht

Episoden

Déi éischt queer Samba-Kinnigin

Beim Karneval vu Rio ass fir déi éischte Kéier e schwule Mann Samba-Kinnigin vun enger Danzschoul ginn.
headphones

1 min

play_arrow

An en neit Liewen integréieren

D'Unicef huet a Polen eng ganz Rei Projeten, fir zum Beispill ukrainesch Kanner a polnesche Schoulen ze integréieren.
headphones

3 min

play_arrow

Méi Chance fir jiddwereen

Fir verschidde Beruffer dierf d'EU elo net méi Däitsch, Franséisch oder Englesch op engem gudde Niveau verlaangen.
headphones

1 min

play_arrow

Inspiréiert un der Natur

E Fuerscher-Team huet Fënsteren entwéckelt, déi hir Faarf ännere kennen an esou méi oder manner Luucht eraloossen.
headphones

1 min

play_arrow

Vum Ëmwelt-Recht Gebrauch gemaach

Déi australesch Regierung huet de Bau vun engem Kuele-Kraaftwierk gestoppt.
headphones

2 min

play_arrow

Asyl fir Fraen a Meedercher

Dänemark gëtt Fraen a Meedercher, déi aus dem Afghanistan kommen, Asyl ouni weider Konditiounen.
headphones

1 min

play_arrow

"En historescht Urteel"

E Geriicht an Holland huet decidéiert, datt Mënschen net méi op Grond vun hirer Hautfaarf op der Grenz dierfe kontrolléiert ginn.
headphones

1 min

play_arrow

Waasserstoff aus Mierwaasser

Engem Fuerschungs-Team ass et gelongen, en op eng effizient an nohalteg Manéier hierzestellen.
headphones

1 min

play_arrow

Trans-Mënsche solle méi agebonne ginn

An enger pakistanescher Regioun ginn et elo Quote fir Trans-Mënschen an ëffentlechen Administratiounen an der Politik.
headphones

1 min

play_arrow

Stënterlechen Doud bei Bëbeeë kéint an Zukunft verhënnert ginn

Fuerscher:innen hunn erausfonnt, datt vill Puppelcher, déi um sougenannte "Plötzlicher Kindstod" gestuerwe sinn, un deels onentdeckte geneteschen Erkrankunge gelidden hunn.
headphones

2 min

play_arrow

Spillsaache gi méi divers

Mëttlerweil kritt ee Poppen am Rollstull, Poppen mat Pigment-Stéierungen oder mat Down-Syndrom.
headphones

1 min

play_arrow

Busser nëmme fir Fraen

Am Pakistan wëllt een domadder Frae viru sexueller Belästegung schützen.
headphones

1 min

play_arrow

Liewensmëttele verschenken

Supermarchéen zu Osnabrück verschenke Liewensmëttelen, déi soss am Bak gelant wieren.
headphones

1 min

play_arrow

Wéi loosse mir eis beim Choix vum Iesse beaflossen?

An engem Experiment gouf ënnersicht, ob eise Choix beim Iessen an der Kantin doduercher beaflosst gëtt, wéi ëmweltschiedlech de Plat ass.
headphones

1 min

play_arrow

Tester ouni Déieren

An den USA musse Medikamenter net méi un Déiere getest ginn, mee alternativ Tester si mëttlerweil erlaabt.
headphones

2 min

play_arrow

An d'Natur amplaz vu Medikamenter

Eng Etüd weist, wie méi dacks an d'Natur geet, fir deen ass et manner warscheinlech Medikamenter géint psychesch Belaaschtungen ze huelen.
headphones

2 min

play_arrow

De Kampf géint den Tubak

A Mexiko ass d'Fëmmen am ëffentleche Raum zanter Kuerzem extreem ageschränkt.
headphones

2 min

play_arrow

D'Konzept vun der Zäitbank

Hei kann ee seng Zäit zur Verfügung stellen an domadder dann Déngschter vun aneren an Usproch huelen.
headphones

2 min

play_arrow

Si Pink Floyd Woke ginn?

Ëm d'Band an de Cover vum Album "Dark Side of The Moon" gëtt et eng kleng Kontrovers, déi awer op wackelege Bee steet.
headphones

2 min

play_arrow

Studente-Boursse fir afghanesch Fraen

Däitschland wëllt ronn 5.000 afghanesche Fraen de Studium bezuelen, well si dat an hirem Heemechtsland net méi kënnen.
headphones

1 min

play_arrow