Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Radioprogramm

Radioprogramm

/ Déi gutt Noriicht

Episoden

Schutz virum Ofstierwen

E Bakteerie-Stamm kéint Korallen dogéint schützen, ofzestierwen.
headphones

2 min

play_arrow

D'Kulturzeen nees beliewen

Irland huet en Grond-Akommes fir Këschtler:innen ageféiert, als Reaktioun op d'Pandemie, wärend där vill net méi vun hirer Konscht liewe konnten.
headphones

2 min

play_arrow

Manner Gefor fir Mënsch an Déier

Fir Daten iwwer Walen ze sammelen, huet ee bis elo ëmmer no un d'Déier missen erukommen. Elo sollen awer Dronen dobäi hëllefen.
headphones

2 min

play_arrow

Geschwë besser Ëmwelt a Skandinavien

Eng CO2-fräi Pabeierproduktioun aus Schweden a klimafrëndleche Bëtong aus Finnland droen dozou bäi.
headphones

2 min

play_arrow

Keng obligatoresch Doudesstrof méi

A Malaysia gouf et bis elo fir verschidde Verbriechen automatesch d'Doudesstrof, dat soll awer elo geännert ginn.
headphones

2 min

play_arrow

Duerch Social Media manner Infektiounen

Eng Etüd huet gewisen, datt Fotoen op Social Media, zum Deel d'Infektiounszuele wärend der Pandemie beaflosst hunn.
headphones

2 min

play_arrow

Wéi kann ee mat engem schlechten Dag ëmgoen?

Jiddweree kennt déi Deeg, bei deenen een einfach scho mam falsche Fouss opgestanen ass. Mee wéi kann een esou Deeg besser maachen?
headphones

2 min

play_arrow

Ech kréien et net méi aus dem Kapp!

En Ouerewuerm ka scho richteg nerveg sinn. Mee wéi kennt et, datt e puer Lidder am Kapp hänke bléiwen, a wéi gi mir se nees lass?
headphones

2 min

play_arrow

Unerkennung vun den eegene Verbriechen

Wärend der Kolonialzäit, mee och duerno, goufe vill Artefakten aus Afrika an Asie geklaut, déi awer elo zum Deel nees zeréckginn.
headphones

2 min

play_arrow

Unerkennung fir indigène Vëlker

An den USA gëtt e Gebitt ronderëm e Bierg zu engem National Monument, well dëse Bierg bei der indigèner Populatioun en Hellegtum ass.
headphones

2 min

play_arrow

Eng aner Pëll duerno

Et gouf eng Pëll entwéckelt, déi viru Geschlechtskrankheete schütze soll.
headphones

1 min

play_arrow

Schlecht Witzer fir eng besser Entwécklung

Eng Etüd weist, schlecht Witzer kenne Kanner bei hirer Entwécklung hëllefen.
headphones

2 min

play_arrow

Kampf géint d'Inflatioun

A Portugal gëtt fir déi nächst sechs Méint d'TVA op 44 Grond-Liewensmëttelen ausgesat.
headphones

2 min

play_arrow

Manner Allergien

Wa Kanner mat Hausdéieren a Kontakt kommen, hu sI manner Liewensmëttel-Allergien.
headphones

2 min

play_arrow

Net nëmme wichteg fir d'Ëmwelt

Duerch Beie kann een erausfannen, wéi eng Krankheetserreeger an enger Stad ze fanne sinn.
headphones

2 min

play_arrow

De Robin Hood vun de Locatairen

An Holland engagéiert sech de Shane White fir seng Mat-Bierger:innen, wa si ze vill Loyer bezuelen.
headphones

2 min

play_arrow

Déi eege Geschicht opschaffen

Déi brittesch Zeitung The Guardian wëllt sech mat den eegenen Ufänk an dem Grënner auserneesetzen, dee Lienen zum Sklavenhandel hat.
headphones

2 min

play_arrow

Méi Matbestëmmung

Australien wëll der indigeener Bevëlkerung eng méi grouss Stëmm ginn och op engem politesche Niveau
headphones

1 min

play_arrow

E Wandel an de Concertssäll

Den "Orchester des Wandels" setzt sech an Däitschland dofir an datt Orchesteren an Ensembelen sech méi nohalteg verhalen
headphones

2 min

play_arrow

Solidaresch mat den Aktivist:innen

E Konscht-Musée zu Wien huet sech de Klima-Aktivist:innen ugeschloss an huet eng symbolesch Aktioun mat e puer Biller gestart
headphones

1 min

play_arrow