Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktuelles

Episoden

Situatioun an der Belsch

Déi sanitär Situatioun ronderëm de Covid-19 ass europawäit kritesch. Mee wéi gesäit et da bei eisen Noperen an der Belsch aus?

Coronavirus nees an der vulnerabeler Populatioun ukomm

Déi héich Unzuel un Hospitalisatioune weist, datt de Virus nees bei der vulnerabeler Populatioun ukomm ass. Elo scho musse weider Aktivitéiten deprogramméiert ginn.

Mëtt Oktober hätt ee missen alarméiert sinn

D'Regierung hätt schonn Enn September misse gesinn, datt d'Infektiounzuele bei eelere Leit ze staark klammen, seet de Virolog Claude P. Müller.

De Merz géint de Rescht vun der Welt

De Kampf ëm de Chefposte vun der CDU gëtt verréckelt. Gläichzäiteg fänken d'Konkurrenten un, schaarf ze schéissen.

Méi wéi een Drëttel Covid-19-Fäll asymptomatesch

Och an den Alters- a Fleegeheemer hu vill Corona-Infizéierter guer keng Krankheetssymptomer. Méi wéi een Drëttel wieren ouni Symptomer.

Ugrëff op Konschtwierker zu Berlin

60 Konschtwierker goufen an enger Rei Muséeën zu Berlin attackéiert

"Perfektioun gëtt et am Kampf géint dee Virus net"

Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo hofft, datt d'Chamber déi nei Corona-Mesurë séier ka stëmmen - trotz ville Kritikpunkte vun der Oppositioun.

Collages Feminicides

D'Aktivistinne vum feministesche Mouvement peche kuerz Sätz an den ëffentleche Raum, fir op d'Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen, virgëschter géint Islamfeindlechkeet.

Lëtzebuerger Spideeler: Sich no Personal gëtt ëmmer méi schwéier

Déi nei Coronavirus-Well setzt Lëtzebuerg ënner Drock fir séier neit Gesondheetspersonal ze rekrutéieren. De Konkurrenzkampf mat anere Länner spëtzt sech zou.

Corona: Éischt Analys vun de Regierungsdecisiounen

De Regierungsrot huet nei Mesurë géint de Coronavirus decidéiert. Mir maachen d'Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Däitschland viru Lockdown?

An Däitschland gëtt an de leschten Deeg nees vill virun engem Lockdown gewarnt. D'Land kuckt op e klenge Landkrees a Bayern, wou zanter Dënschdeg ganz strikt Restriktioune gëllen.

Zukunft vum Modell vun de Foiren

Luxexpo The Box rechent mat just 160.000 Gäscht géint 450.000 d'lescht Joer. Verschidde Foirë sinn ausgefall, anerer zéie wéinst de sanitäre Mesurë manner Leit un.

D'Covid-Situatioun an der Belsch

D'Situatioun bei eisen Nopere wier déi schlëmmsten a ganz Europa, mee ass dat esou?

Covid-19: Wéivill Capacitéiten hunn d'Spideeler?

An den nächsten Deeg wäerten alleguer d'Spideeler an d'Phas 3 vun der Cellule de Crise goen. Deemno wäerte verschidden normal Aktivitéite mussen deprogramméiert ginn.

Däitschland léisst Rietsextremismus bei der Police ënnersichen

No laangem Hin an Hier kënnt elo awer eng Etüd zum Rietsextremismus an der däitscher Police. Firwat huet dat esou laang gedauert?

Impakt vu Covid-19 op d'Lëtzebuerger Cooperatiounspolitik

Wéinst der Pandemie konnte verschidde Projeten an den Zillänner net realiséiert ginn. Déi staatlech Contributioun bleift och déi nächst Joer bei engem Prozent vum RNB.

Eisträichesch Autoritéiten hunn zu Ischgl vill Feeler gemaach

Am Mäerz dëst Joer hu sech vill Touristen an enger Bar an der beléifter Wantersport-Uertschaft mam Coronavirus ugestach an en duerno duerch ganz Europa gedroen.

"Fratelli Tutti : Nächsteléift an enger global politescher Dimensioun

Esou gesäit de Jean-Claude Hollerich dem Poopst säin neie Bréif an deem d'Geschwësterlechkeet am Mëttelpunkt steet.

EU-Austrëtt ouni "Deal"?

Et sinn nach 73 Deeg, bis Groussbritannien definitiv aus der Europäescher Unioun austrëtt. An ee Véierels vun de britteschen Entreprisë soen, si wieren nach net prett.

Film iwwer d'Santé mentale

Am Kader vun der Semaine de la santé mentale leeft am Kino de Film "La forêt de mon père" vun der belscher Regisseurin Vero Cratzborn.