Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie schreift eigentlech d'Dictionnairen?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wie schreift eigentlech d'Dictionnairen?

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch a verréit eis an der Serie Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch méi iwwer d'Lexikografie, eng praktesch Disziplin vun der Linguistik.

auto_stories

5 min

Den Alexandre Ecker ass Lexikograf beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Simon Larosche: So mol, d'Caroline huet eis schonn dacks hei dronke gemaach mat Wierder ewéi Semantik, Syntax a Phoneetik, mee wat der Däiwel ass dann d'Lexikografie?

Alexandre Ecker: Ma jo, d'Lexikografie ass eng praktesch Disziplin vun der Linguistik, déi sech ganz einfach mam Ausschaffe vun Dictionnairë beschäftegt. De Sam, deen s de jo d'lescht Woch op Besuch has, dee géif der d'Wuert elo bestëmmt etymologesch besser erklären ewéi ech, mee komm, ech probéieren et emol: Also, Lexikografie setzt sech zesummen aus Lexiko- (dat kënnt aus dem Spéitgriicheschen lexikón (eigentlech lexikón biblíon) a bedeit wuertwiertlech Wierder - Buch) an dann dem Element -grafie - also d'Schreiwen, dat ee jo och kennt aus Wierder ewéi Biografie a Kalligrafie.

An e Lexikograf ass dann also een, deen Dictionnairë schreift...?

Genee! (hautdesdaags natierlech mat Hëllef vum Computer)

An du bass där een!

Jo, dat ass mäi Beruff. Ech këmmere mech beim ZLS ëm de Lëtzebuerger Online Dictionnaire, deen een ënner lod.lu kann opruffen.

Ass dat da keng ze vill eng dréchen Aarbecht?

A, ech kann der elo net soen, ob jiddwereen se gäre géif maachen, well se natierlech an enger gewësser Hisiicht repetitiv ass. Mee wann een et fäerdeg bréngt, den eenzegaartege Charakter vun all Wuert ze erkennen an ze appreciéieren, da kann et ganz séier richteg flott a spannend ginn!

Wéi mengs de dat, den eenzegaartege Charakter vun all Wuert?

Ma jo, stell der emol vir, du misst engem déi zwee Wierder goen a lafen erklären: déi zwee beschreiwen eng Fortbeweegung - zu Fouss - eemol méi lues, an eemol méi séier...

Jo, genee. Mee et stécht da wuel méi derhannert, wéi een op den éischte Bléck kéint mengen!

Allerdéngs! Am LOD si fir lafen siwe Sënner beschriwwen a fir goen 22. An déi iwwerschneide sech praktesch iwwerhaapt net.

Lo hues de mech awer virwëtzeg gemaach! Fir goen kéime mer vläicht elo spontan dräi Bedeitungen an de Kapp, mee keng 22! Am léifste géif ech elo direkt an den LOD luusse goen!

Ma da komm mer maachen dat! Mer kucken eis einfach e puer Beispillsätz aus dem goen-Artikel un an da mierke mer séier, wéi räich esou e klengt Wuert semantesch ka sinn.

OK! Also dat éischt Beispill, dat ech hei liesen, ass "géi méi séier, soss verpass de den Zuch!"... Do si mer beim offensichtleche Sënn, deen s de scho beschriwwen hues, oder?

Richteg, mee dann huel e Saz ewéi "gees de mat eis op de Bal?"... et kann een och mam Auto op de Bal fueren, an nawell kann een d'Verb goen setzen!

A wann ee freet "geet däi klenge Brudder schonn an d'Schoul?", da freet een, ob e scho scolariséiert ass, net, ob en zu Fouss oder mam Bus an d'Schoul kënnt.

"Meng Auer geet net méi ", "dee Rack geet dir gutt", "eisen Terrain geet bis bei den Drot" - do si mer och wäit vum éischte Sënn ewech.

Richteg! Ech gesinn, du fänks un, Spaass un der Saach ze kréien!

Jo, an dach wier ech, mengen ech, kee gudde Lexikograf, well wéi gesot, dat do hunn ech nach laang net alles am Kapp!

Ma keen huet dat doten alles am Kapp! De Lexikograf schafft dofir jo och net isoléiert (och wann et Leit gëtt, déi praktesch ganz eleng en Dictionnaire geschriwwen hunn - wéi zum Bsp. de bekannte franséische Lexikograf Emile Littré).

Am Idealfall - an dat ass esou beim ZLS - gëtt an enger Ekipp mat méiglechst diverse Profiller geschafft. A mat enger zolitter Dokumentatioun - dozou gehéieren och aner Dictionnairen an e méiglechst representative Korpus.

E Korpus? Wat muss een sech dann dorënner virstellen?

E Korpus ass un sech eng Sammlung vun Texter. Mee doriwwer gëtt et awer sou vill Intressantes ze soen, dass mer vläicht léiwer eng aner Kéier am Detail drop ze schwätze kommen, dat féiert soss elo ze wäit!

Ass notéiert!

Mee fir nach eng Kéier kuerz op de Beruff vum Lexikograf zeréckzekommen: dee schreift net säin eegent Wëssen néier, mee e weess sech unzeleeën, fir e bestëmmtent Wëssen ze sammelen an et esou ze strukturéieren, fir datt eng bestëmmten Zilgrupp eppes Bestëmmtes kann dermat ufänken.

Wéi zum Beispill erausfannen, wat "goen" alles ka bedeiten.

Jo, awer och nach vill aner Saachen, ënner anerem, wéi d'Wierder richteg geschriwwe ginn. Dat sinn déi sougenannte lexikografesch Funktionalitéiten, op déi ech bestëmmt och nach eng aner Kéier ze schwätze kommen.

OK... mee so, eng lescht Fro, éier ech dech -goen- loossen... d'Wierder hu jo awer net all esou vill Bedeitungen, oder?

Nee, goen ass an där Hisiicht effektiv eent vun de relativ komplexe Wierder. Am meeschte Sënner, an zwar 25, huet den Ament d'Verb halen am LOD. Fir déi allermeescht Wierder (ongeféier 76 Prozent, dorënner Ananas, Doudelued, gro, klapen, Zännbiischt) gëtt just een eenzege Sënn beschriwwen.

Ongeféier 8 Prozent vun de Wierder hunn dräi Sënner oder méi. An der Moyenne hu mer 1,3 Sënner pro Artikel. Hunn ech domat op deng Fro geäntwert?

Op déi dote jo, mee et bleiwen der jo awer och nach e puer op! Kënns de dann nach eng Kéier erëm?

Ma ganz gär. Wann s de d'accord bass, huelen ech dech an d'Nolauschterer déi nächste Kéier mat op eng zäitlech Rees, bis zeréck an d'19. Joerhonnert. Da kucke mer zesummen, wat fir Dictionnairë scho virum LOD d'Lëtzebuergescht beschriwwen hunn an och, wéi se dat gemaach hunn.