"Ech weess, datt ech näischt weess". Dëse bekannte Saz gëtt dem Sokrates an de Mond geluecht. Ee vun deene bekanntste Philosophen an der Geschicht. Selwer huet hien näischt Geschriwwenes hannerlooss, sou datt dat Meescht, dat mer vun him wësse vu sengem Schüler Platon ass.
Firwat huet hien awer elo behaapt, datt hien näischt weess? D'Anekdot, natierlech vum Platon, erzielt eis, datt en Orakelsproch vum berüümten Orakel vun Delphi dem Sokrates gesot huet, datt hien dee "weiseste" vun allen Mënsche wier. Datt also kee Mënsch méi gescheit wier, wéi hie selwer.
D'Sich no engem, dee méi gescheit ass
De Sokrates huet dëse Sproch elo als Erausfuerderung verstanen an huet säi Liewe laang probéiert Leit ze fannen, déi méi gescheit si wéi hien. Seng Virgoensweis dobäi war fir Mënschen a Gespréicher ze verwéckelen, a si iwwer verschidde Froen, an deene si sech als Expert dierfte fillen, auszefroen. Dobäi huet hie sech net einfach mat der éischter Äntwert zefridde ginn, mee hien huet ëmmer wieder gefrot, bis zu deem Punkt, wou hien dem Gespréichspartner eng zefriddestellend Äntwert entlackelt, jo "gebuer" huet, oder wou et kloer gouf, datt et déi eng Äntwert net gëtt.
An engem vu Platon sengen Dialoge freet hien z. B. verschidde Feldhären, wat "Tapferkeit" genee ass. D' Resultat vun der intensiver Ausernanersetzung ass eng allgemeng Rotlosegkeet. Wat de Sokrates deemno konnt weisen, ass, datt hien zwar och net weess, wat "Tapferkeit" genee ass, mee op d'mannst mécht hien sech näischt vir a mengt och net, hie géif eleng déi richteg Äntwert kennen. Wat hien also méi weess, wéi all déi aner, déi hien a seng sokratesch Gespréicher verwéckelt, ass datt hien op d'mannst weess, datt hien näischt weess, wärend all déi aner mengen, si wéissten, obwuel si am Fong keng Anung hunn.
Onsécherheet an Zäite vum Coronavirus
Dëse klengen Exkurs an déi antik Philosophie fir iwwerzeleeden zu méi aktuelle Froe ronderëm Wëssen. Natierlech dréit sech de Moment nach ëmmer alles ëm de Coronavirus. A grad hei schéngt dem Sokrates seng Weisheet, méi aktuell wéi jee. Sou gëtt z. B. de Jürgen Habermas, an engem Interview mat der Frankfurter Rundschau, folgendermoossen zitéiert:
"So viel Wissen über unser Nichtwissen und über den Zwang, unter Unsicherheit handeln und leben zu müssen, gab es noch nie."
Wat hien domadder mengt ass engersäits, datt mer de Moment eng Situatioun duerchliewen, déi grouss Onsécherheete mat sech bréngt. Onsécherheete par Rapport zu deem, wéi ee politesch reagéiere soll, wéi ee sech als Individuum verhale soll, wéi laang dësen Zoustand nach dauere soll, wat déi wirtschaftlech Konsequenze wäerte sinn.
Mir sinn als Gesellschaft esou Onsécherheeten zwar gewinnt: e Pluralismus u Meenungen oder Onsécherheeten duerch Krisen oder Terror kenne mer. Mee an der Reegel sinn dës éischter lokal begrenzte Phenomeener, déi net global a gläichzäiteg optrieden. De Moment hu mer et awer mat enger existenzieller Onsécherheet ze dinn, déi déi vernetzten Individue global a gläichzäiteg touchéieren.
Wëssenschaftler weisen de Wee
Op där anerer Säit hu mer de Moment eng Situatioun, wou mer eis méi wéi jee, op d'Wëssenschaft beruffen, fir eis bei eisem politeschen an individuellen Handelen ze orientéieren. Eng Wëssenschaft, déi awer natierlech vu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler gedroe gëtt, also Mënschen, eenzele Perséinlechkeeten, déi hir Virstellungen hunn, wéi een dëser Kris am beschte begéint.
Bekanntste Perséinlechkeet ass den Epidemiolog Anders Tegnell, deen als Wëssenschaftler verantwortlech ass fir de schweedesche anere Wee. Als wëssenschaftlech Autoritéit gëllt donieft d'WHO, Weltgesondheetsorganisatioun, déi hirersäits Empfeelungen ausschwätzt, wéi déi eenzel Länner am beschte sollte reagéieren.
Elo gouf et op jiddwer Fall an Europa an deene meeschte Länner, besonnesch nom Trauma vun Italien, ee Konsens, datt de Lockdown dee sécherste Wee ass, fir eng Iwwerfuerderung vum Gesondheetssystem ze vermeiden. Dat soll och hei guer net a Fro gestallt ginn, ëmmerhin hunn d'Erfarungen aus Italien a Spuenie gewisen, wat d'Konsequenze vun engem ze spéide Reagéiere kënne sinn.
Eng ongewëss Zukunft
Mir wossten deemno op d'mannst iwwer eng Variabel Bescheed, also, datt ouni Moossname katastrophal Konsequenze fir de Gesondheetssystem géifen droen. Gläichzäiteg wësse mer awer och, datt mer iwwer ganz vill Saache ronderëm de Virus näischt oder just ganz wéineg wëssen. Z. B. hu mer keng wëssenschaftlech Studien iwwer déi sozial oder wirtschaftlech Folge vun engem komplette Lockdown. Mir wëssen oder wossten och net mat Sécherheet, datt de komplette Lockdown déi eenzeg Handlungsalternativ wier. Mir wëssen och net genee, wat fir eng Roll Jugendlecher oder Kanner bei der Verbreedung vum Virus spillen. Mir wëssen och net, ob d'Impfung fir de Virus jee wäert kommen, asw., asw.
Mam Wëssen iwwer eist Netwësse stellt sech awer och d'Fro no deem, wat mer maache sollen, also d'Fro nom etheschen Handelen an der Kris.
D'Onwëssen iwwer de wirtschaftlechen Impakt vum Lockdown ass de Moment eng vun deene kruziaalste Froen, déi gestallt gëtt, an déi zu ville Spekulatioune féiert. D'Angscht iwwer déi ongewëss finanziell an ekonomesch Zukunft ass natierlech berechtegt.
Utilitarismus an der Corona-Kris
Problematesch gëtt et awer, wann hei utilitaristesch Theorië beméit ginn. Also probéiert gëtt méiglech Folge géinteneen ze verrechnen. Klassesch nom Trolley Dilemma kann een do probéieren ofzeschätzen, wéi vill potentiell Opfer eng global oder lokal ekonomesch Kris géigeniwwer enger Corona-Kris géif kaschten. Den Utilitarist géif da probéieren aus der Gläichung Konsequenzen ze zéie fir erauszefannen, wéi een am beschte soll handelen. Vereinfacht duergeluecht: Lockdown ophiewen a Mënscheliewe riskéieren. Dofir awer d'Wirtschaft schützen, wou den Zesummebroch ëmsou méi schlëmm Konsequenzen hätt, wéi de Virus selwer.
Hei gëtt awer ee Problem vum Utilitarismus däitlech, dat ass mol net just d'Notzen-Käschte-Rechnung, mee d'Onwëssenheet, iwwer déi ze erwaardend Konsequenzen. Mir wëssen dogéint, datt wa mer elo nees zur Dagesuerdnung géifen iwwergoen, dat massiv Mënscheliewe géif a Gefor bréngen. Ethesch gesinn ass et awer net ze rechtfäerdegen, déi eng Liewe géint anerer ze verrechnen oder z. B. den Doud vun eeleren oder kranke Mënsche fir d'Allgemengwuel ze opferen. Esou ethesch Reegele bestëmmen de Moment nach eist Handelen, zumindest a villen europäesche Länner.
Wourecht an der Wëssenschaft
Wéi schonn uewe gesot gëtt eist Handelen de Moment awer och staark vun der Wëssenschaft bestëmmt? Do stellt sech dann déi grondsätzlech Fro: Wéi schafft Wëssenschaft et iwwerhaapt zu objektive Wëssen ze kommen?
Am Fong hu mir jo dacks déi naiv Virstellung, datt an der Wëssenschaft een eng Theorie verëffentlecht, a wann déi besser oder méi wouer ass, wéi déi vu senge Virgänger, setzt déi nei sech duerch. A Wierklechkeet, esou d'Theorie vum Philosoph Thomas Kuhn, ass dat komplette Quatsch. Wëssenschaft funktionéiert éischter wéi "Game of Thrones", wou jiddweree probéiert seng Theorie esoulaang wéi méiglech ze verteidegen, respektiv e sougenannte Paradigmewiessel erbäizeféieren, also een neie Kinnek um Ironthrone, deem seng Theorie da vun him an aneren zur dominanter Léiermeenung erhuewe gëtt.
Wann et deemno ëm konkret Resultater vu wëssenschaftleche Studie geet, dierf een dëst philosophesch Konzept duerchaus am Hannerkapp behalen. Fir en Netwëssenschaftler, den Eenzelen oder och de Politiker mécht dat et awer natierlech net méi einfach. Fir déi "richteg" oder vläicht och just "nëtzlech" Wouerechte fir déi eegen Decisiounen auszewiele gëtt et keen Orakelsproch.
Tjo, elo kann et natierlech sinn, datt et engem geet wéi dem Sokrates, an ee just nach weess, datt een näischt weess. Mee éier een elo higeet an als Alternativ geféierlech Hallefwouerechten aus dem Internet noplappert oder selwer fir sech deklaréiert, déi eng an eenzeg Wouerecht fonnt ze hunn, ass et vläicht net vu Muttwëll eng Kéier un deen ellene Philosoph aus dem 5 Jhr. v. Chr. ze denken, deen ëmmerhin dee Gescheitsten ënner de Mënsche war.