Pro-Phil Wéi philosophéiert een iwwerhaapt?

Philosophie gëllt gären als eppes, dat onnëtz komplizéiert ass. Dat ass de Fall, well d'Philosophen sech awer och ganz gär an hire Gedankesystemer verstoppen, an net wierklech vill Rücksicht op déi Welt huelen, an där hir Matmënschen sech beweegen.

Philosopher
Foto: Bigstock

Dofir gëtt sech am Pro-Phil Gedanke gemaach, wéi een hautdesdags dann iwwerhaapt philosophéiert? A wéi geet een u komplex Froen erun, ouni onbedéngt en Doktorat driwwer ze schreiwen? Eis Hausphilosophen Thomas Koenig, Gilles Retter, Lukas Held a Pascale Worré hu vläicht eng Äntwert op all dës Froen. Awer nëmme vläicht!

An der Mediathéik:

Pro-Phil / / Thomas Koenig
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen