Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat wëllt ee vu Rassismus wëssen?

Chronik

Wat wëllt ee vu Rassismus wëssen?

Viru Kuerzem gouf am Cercle Cité de Rapport zu Being Black in Luxembourg virgestallt. Och d'Ministesch fir Integratioun Corinne Cahen huet un der Podiumsdiskussioun deelgeholl. Diskutéiert gouf iwwer de rassisteschen Alldag hei am Land.

auto_stories

3 min

De Samuel Hamen mécht sech Gedanken iwwer de Rassismus zu Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Et ass net evident, eng Chronik mam Donald Rumsfeld anzeleeden. Mee mol eng Kéier kann een dësem machiavelleschen US-Aussepolitiker nolauschteren, ouni sech ze schudderen: "Es gibt bekannte Bekannte, es gibt Dinge, von denen wir wissen, dass wir sie wissen. Wir wissen auch, dass es bekannte Unbekannte gibt, das heißt, wir wissen, es gibt einige Dinge, die wir nicht wissen. Aber es gibt auch unbekannte Unbekannte - es gibt Dinge, von denen wir nicht wissen, dass wir sie nicht wissen."

Saachen, vun deenen een net weess, datt ee se net weess, dat sinn déi geféierlechst. Dat huet deslescht d'Corinne Cahen vun der DP ënner Beweis gestallt. D'Ministesch fir Famill an Integratioun hat un der Podiumsdiskussioun "Being Black in Luxembourg" deelgeholl.

An de Presseartikelen zum Evenement heescht et: si hätt sech am Gespréich iwwerrascht gewisen, wéi Leit um Podium an aus dem Public erkläert hätten, wéi rassistesch den Alldag hei wier. Laut der Ministesch géif een awer virun engem individuelle Problem stoen, net virun engem strukturellen. Et gëtt Idioten, keng Idiotie. Et gëtt Rassistinnen, kee Rassismus.

Scheiklappen, fir Ongewolltes auszeblenden

Ech fäerten, datt dës Manéier, an d'Welt ze kucken, net singulär ass. Et ass ee Prinzip, sozial Problemer net en gros an d'A ze faassen. Dohanner stécht eng Praxis vun de Scheiklappen. An der Kandheet gi se montéiert; spéider gi si jee no Milieu, Frëndeskrees a Schaffsituatioun ajustéiert, ausgetosch oder verstäerkt.

Et si Scheiklappen, déi ee blann gi loosse fir d'Liewensweisen a Schwieregkeete vun anere Gesellschaftsgruppen. Si leien dacks esou muusseg un, datt ee se guer net méi spiert. Wéi déi noise-canceling-Kopfhörer, déi d'Geräischer filteren an eng Rou simuléieren, déi et net gëtt.

Intim Abléck

Wie wësse wëllt, wéi dee Kaméidi dobausse sech unhéiert, kann den Atlas der Subjektivität opschloen. D'Buch versammelt no der Graswurzel-Logik ënnerschiddlech Gesellschaftsgruppen, déi hir Biller, Andréck an Erfarunge vu Lëtzebuerg festhalen. (Disclaimer: Ech hunn eng Foto-Collage zu deem Projet bäigedroen.)

De Bruno Oliveira huet Fotoe vun der kapverdianescher Communautéit agereecht. Iwwer säi Projet schreift de jonke Kënschtler: "Ech wollt Kapverdianer zu Lëtzebuerg portraitéieren an hunn no Famille gesicht, déi eng Relatioun mam Land hunn. Ech si bei si heem gaangen, ech war an hire Bistroen, bei hire Partyen an Associatiounen."

E Gros huet Rassismus erlieft

D'Fotoe sinn intim an ouni voyeuristesche Kitsch. Si maachen d'Persounen net zum Objet, mee zum Sujet. Elo probéiere mir mol konsequent ze sinn an aus Net-Wësse Wëssen ze maachen: Déi 16 Persounen op den aacht Fotoe wäerten an hirem jonken oder ale Liewen zu Lëtzebuerg op déi eng oder aner Form Rassismus erlieft hunn. Vläicht gëllt dat och just fir 15 Leit. Oder fir néng. Dat mécht et keng Grimmel besser.

Wie sech där negativer Realitéit an de strukturelle Problemer, déi dohanner stinn, net bewosst ass, ass am beschte Fall naiv, am schlëmmste Fall opportunistesch an der Manéier, wéi hien oder si an d'Welt kuckt. An dat wier dann eng véiert Variant vum Rumsfeld senger klenger Philosophie: Et geet ëm d'Net-Wëssen-Wëlle vun deem, wat een net weess. Mee fir d'Politikerin, de Kënschtler, de Wëssenschaftler - oder nee, vill méi allgemeng: Fir d'Biergerin vun engem Land, dat sech mat sengem multinationalen Image bretzt, ass et eng wichteg Aufgab, sech seng oder hir Scheiklappen erofzerappen. Et gëtt méi ze wëssen, wéi ee mengt.