Radioen

On air

Notturno  |  D.E.T. 90 - Green Looking Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat leeft op dengem Sonndeg, Marc Barnig?

Emissioun

Wat leeft op dengem Sonndeg, Marc Barnig?

E Kino praktesch virun der Hausdier. Dat war d'Iddi vum Marc Barnig. Virun zéng Joer sinn d'Bierger zu Koler an enger Versammlung gefrot ginn, wat si sech fir hir Gemeng géife wënschen a wéi ee se méi attraktiv kéint maachen.

auto_stories

1 min

Foto: Jo Diseviscourt

De Marc Barnig, deen als Jugendleche scho mat Kolleegen Dréibicher geschriwwen a gefilmt huet, huet "Kino" op säin Ziedel geschriwwen. Dës Iddi ass gutt ukomm. De Kinoler existéiert elo scho bal fënnef Joer (am Dezember 2023 feiert e säin Anniversaire). Dëse regionale Kino funktionéiert mat ganz ville Benevoller, déi de Public op eng familiär Aart a Weis begréissen, seet de Marc Barnig. Hie selwer ass Responsabel fir d'Auswiel vun de Filmer.

Popcorn, Glace, Chips oder Kamellen? Am Léifste guer näischt, seet de Marc Barnig. Wann een de Cinephil freet, wat säi Liblingsfilm ass, äntwert hie wéi aus der Flënt: "Cinema paradiso" aus dem Joer 1988 ass. Fir d'Musek aus dësem Film war den Ennio Morricone verantwortlech. "Eigentlech passt seng Musek bei all Liewenssituatioun", seet de Marc Barnig. Wa säi Liewen e Film wier, géif dëse just mat der Musek vum Ennio Morricone ënnerluecht sinn, laacht de Marc Barnig.