Rentrée um radio 100,7 Wäisheete fir e glécklecht Liewen

"Liewenswäisheete betreffen all Liewensberäicher", fënnt de Jean Reiter. An dofir dediéiert hien hinnen eng ganz Serie. All Méindeg hëlt hie méi oder manner bekannte Wäisheeten ënnert d'Lupp.

Jean Reiter
Liewenswäisheete gehéieren zu der Lëtzebuerger Kultur, mengt de Jean Reiter

Wéi sidd Dir op d'Iddi fir dës Serie komm?

Jean Reiter: Liewenswäisheete si faszinant, well si an d'Perséinlechkeet vum Mënsch wierken. Wa si eescht geholl ginn, bewierke si an den déiwe Séilen - a geeschtege Schichten, Verännerungen a loosse Gewunnechtsmusteren entstoen, déi e positiivt Liewensgefill erméiglechen.

E puer Liewenswäisheete ginn nach méi déif an erméiglechen dem Mënsch, ënner Rou z'empfannen, wat eng Grondviraussëtzung ass, fir e glécklecht Liewen ze féieren. Dës Liewenswäisheete si muenchmol kondenséiert an engem Saz festgehalen, deen dacks eng ganz Liewensopfaassung a sech aschléisst. Dës méi oder manner verschlësselt Sätz an hirem ganze geeschtege Räichtum opzeschlësselen, esouwäit dat mir méiglech ass, mécht Freed.

Sinn d'Liewenswäisheeten e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kultur?

J.R.: Zu Lëtzebuerg, wéi wuel an all Land, dat am Duerchschnëtt en héije Liewensniveau huet, dreift sech e Groussdeel vun de Bewunner op der Existenziwwerfläch erëm: mécht méi oder manner grouss Ustrengunge fir Geld ze verdéngen a probéiert dëst verdéngte Geld anzesetzen, fir d'Liewen ze genéissen.

An awer ass wuel e gudden Deel vun de Leit bestrieft, dat - op der genësslecher Iwwerfläch situéiert "matgerappt ginn" - méi harmonesch ze gestalten. Jidderee gesäit wuel zu engem Moment a sengem Liewen an, datt de Genoss e Faass ouni Buedem ass a versicht, ee geeschtege Wee zu engem méi zolitte Liewensfong ze fannen.

Op wéi enger Basis maacht Dir Är Selektioun?

J.R.: Liewenswäisheete betreffen all Liewensberäicher: Bezéiung zu de Matmënschen, wéi ee seng berufflech Tätegkeet ausübe soll, wéi ee Sprooch benotze soll, wéi ee sozial Kohärenz oprechterhale kann, wéi ee mat senge Sënner a Sexualitéit ëmgoe soll, wéini ee Mutt beweise soll a.s.w. Liewenswäisheeten, déi dës Aspekter ofdecken an dozou e puer Rotschléi opsichen, déi hir Spur an der lëtzebuergescher Sprooch hannerlooss hunn, ass wuel déi gréissten Erausfuerderung vun dëser Serie.


"Liewenswäisheeten", ëmmer méindes um 10:40 bei eis op der Antenn.

Presentatioun vum Programm

Méi zum Thema

Friedrich Spangemacher
Rentrée beim 100,7

Wéi klengt déi sougenannte Nei Musek? Wat fir eng Ensembele spillen zäitgenëssesch Musek a wou komme si hir? De Friedrich Spangemacher proposéiert Matschnëtter vu pertinenten a spannenden Ensembelen.

Guy Engels-2.JPG
Rentrée beim 100,7

Dir lauschtert gäre klassesch Musek? Dann ass "Resonanzen" déi richteg Emissioun fir Iech. De Guy Engels erzielt, wat d'Nolauschterer vun der Rentrée un all Dag um 14 Auer erwaart.

Marc Angel
Rentrée beim 100,7

Eng Emissioun iwwer d'Bande Dessinée? Dat geet, fënnt de Marc Angel. BD, dat ass nämlech vill méi, wéi d'Mickey-Mouse Hefter, déi een aus der Kandheet kennt.

Philippe Hansen
Rentrée beim 100,7

Mat der Rentrée lafen um radio 100,7 nei Sendungen. "Espresso Beats" bitt d'Geleeënheet, d'Mataarbechter vum Radio besser kennen ze léieren. De Philippe Hansen erzielt, wat Iech erwaart.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen