Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der Qualitéit

Bildung

Vun der Qualitéit

Dauerbaustell Schoul: Firwat net do déi Konzepter aféieren, déi op den economesche Baustelle gutt funktionéieren? Chance oder weideren Ierwee? Dozou e fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

auto_stories

3 min

Jean-Luc Thill

Lëtzebuerg soll anescht ginn: vum Gesondheetswiese bis bei dat vun de Pensiounen, vun de Beamte bis bei d'Schoul. Esou gesellschaftlech Verännerunge waren nach ni eng einfach Saach a meeschtens och net populär. Firwat also net op Systemer zeréck gräifen, déi op anere Plaze gutt funktionéieren?

Sou hu Qualitéitsmanagement wéi och Qualitéitssécherung an der Industrie eng laang Traditioun. Op elo fréier als DIN EN ISO 8402 oder haut just nach als ISO 9000, sou stinn dës Bezeechnunge schonns laang fir Normen ouni déi sech eng modern Wirtschaft an Industrie guer net méi denke loossen. Wat läit also méi no, esou Qualitéitsstrukturen, déi souwuel erfollegräich, iwwerpréifbar wéi och nohalteg sinn, och op de Beräich vun der Bildung z'iwwerdroen – an dat net nëmme well d'OECD hir Fanger hei souwisou schonns am Spill huet. Wat vu wäitem sënnvoll an einfach kléngt, gesäit vun no gekuckt awer méi komplizéiert aus, an esou sou loosse sech dës Normen net esou liicht iwwerdroen.

Am Géigesaz zu anere Beräicher kënnt dem Bildungswiesen eng besonnesch Roll zou. Esou bezitt sech d'Qualitéit an Industrie a Wirtschaft no den Erwaardunge souwuel vum Client wéi och vum Produkt. Doraus ergëtt sech déi pertinent Fro, ob et sech an de Beräicher Bildung an Erzéiung wierklech just ëm „Produkter“ handelt, an ob de „Schüler“ eenzeg an alleng e „Client“ vum Bildungsgeschäft ass? D'Fro no der Qualitéit vu Bildung setzt engersäits viraus, datt ee weess, wat een dorënner ze verstoen huet, an anerersäits, datt Bildung wäit méi  ëmfaasst wéi eenzeg an alleng Qualitéitscritèren aus der Wirtschaft, sou zum Beispill Begrëffer wéi Autonomie, Responsabilitéit a Maturitéit.

Qualitéit am Bildungswiesen nëmme schwéier op maartwirtschaftlech Critèren zeréckzeféieren

An dem Sënn ass de Bildungskonsument e ganz anere Client och well en eng grouss Eegendynamik mam Produkt „Cours/Bildung“ opweist. Sou kann also Qualitéit am Bildungswiesen nëmme schwéier op maartwirtschaftlech Critèren zeréck gefouert ginn, dat och well Bildung éischter staatlechen Interessien dénge soll wéi de Gesetzer vum fräien Handel.

Wann also Politik fir de legale Kader an deem seng Ëmsetzung zoustänneg ass, da gëllt et hei deene Saache Rechnung ze droen, déi d'Qualitéit vum Bildungssystem nohalteg prägen. Déi eenzel Schoule mussen um Hannergrond vun hirer eegener Autonomie der Fro nogoen: Wat ass dann eng gutt Schoul? Awer souwuel déi national wei och déi lokal Akteure kommen net laanscht d'Fro no der Qualitéit vum Kärgeschäft vun Bildung, nämlech dem eigentleche Schoulhalen, de Coursen. Wien also Bildungsprozesser nohalteg steieren a séchere well, misst och a virun allem  d'Fro: Wat ass gudden Unterrecht? an de Mëttelpunkt stellen.