Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virtuell Realitéit am Kino

Filmfestival 2016

Virtuell Realitéit am Kino

''Virtual Reality'' ass am Trend. Fir de Kino ass déi nei Technologie eng grouss Erausfuerderung. Wéi verännert d'virtuell Realitéit eis filmesch Experienz? A wat bedeit dës Technologie fir Cineasten? Déi Froe goufen am Kader vun engem Debat beim Luxembourg City Film Festival thematiséiert.

Maxi Pesch / ys

auto_stories

4 min

VR gëtt ëmmer méi accessibel ©CNA Romain Girtgen

Fir an ee virtuellen 360-Grad-Raum anzedauchen, brauch ee fir d'éischt mol e spezielle Brëll. Soubal een esou en Headset opsetzt, gëtt een zu engem aktive Participant. Déi virtuell Realitéit wäert d’Aart a Weis, wéi mir d’Filmer kucken, veränneren. Awer och d'Manéier, wéi se gedréit ginn.

VR fir Realisateuren, Zeenaristen a Monteuren

De franséische Realisateur Jan Kounen huet Filmer wéi "99 Francs" oder "Coco Chanel"  realiséiert. "Et gëtt een éischter zu engem 360-Grad-Theater-Regisseur." De But wär et, fir de Spectateur an eng gewësse Richtung ze beweegen. Dat géif eng aner Aart a Weis fir ze Schreiwen erfuerderen.

Déi virtuell Realitéit ass deemno och en Challenge fir d’Zeenaristen. An och de Montage géif eng nei Roll kréien, erkläert de Pierre Zandrowicz. Hien ass Auteur vum Film ''1 Philip'', deen éischte franséische VR-Kuerzfilm.

Si hätte probiert, net ze vill ze schneiden, d'Zeene méi laang ze gestalten a vill Informatiounen an d'Zeenen ze paken. "Et denkt ee scho beim Schreiwen iwwer de Rythmus bannent enger Zeen no, an net méi beim Montage. An den Dialoge muss eppes gescheien." Herno wär et souzesoen um Spectateur selwer, fir de Montage ze maachen. Zum Beispill andeems hien no riets an no lénks géif kucken.

"D'Léit kéinte stierwen!"

Anescht wéi bei engem normale Film, schaaft d’viruell Realitéit eng staark Erënnerung. Et wär, wéi wann ee selwer Deel vum Film wär, erkläert de Jan Kounen. "Et gëtt zum Beispill en Documentaire iwwer Ebola, wou een an engem Spidol direkt niewent engem Patient sëtzt. Dir hutt den Androck, wierklech do ze sinn. Et ass bal wéi Voyeurismus. An Dir entwéckelt eng natierlech Emphathie, well Dir physesch do sidd."

Well d’Experienz immens reell ass, hätt de Realisateur eng Responsabilitéit vis-à-vis vum Spectateur, seet de Pierre Zandrowicz. "Ee Virtual Reality-Film bréngt souvill Emotioune mat sech, datt een immens muss oppassen. Een Horror-Film ass richteg haart. Dat mécht wierklech immens Angscht." Et misst een als Cineast oppassen, datt d'Spectateure keen Herzinfarkt géife kréien.

Dem franséische Réalisteur Vincent Ravalec no, soll een dem Public esou vill Fräiheet a senger Experienz loosse wéi méiglech. Oder op d'mannst ee Gefill vu Fräiheet. Ähnlech wéi bei engem Computerspill géif hien de Spectateur mat sengem Zeenario leeden.

Am KAder vum Luxembourg City Filmfestival gouf en Debat iwwer VR am Kino organiséiert.

Villverspriechent Zukunft fir VR

D'Zukunft vum Secteur vun der virtueller Realitéit gesäit dem Pierre Zandrowicz senger Meenung no positiv aus. Bannent just e puer Joer wären an den USA 800 Milliounen Dollar a VR-Produktiounsfirmaen investéiert ginn. Dee ganze Secteur wär am gaangen z'explodéieren. "Goldman Sachs ginn dovunner aus, datt d'virutell Realitéit an 10 Joer Joer méi grouss ass wéi d'Telee."

Op bekannte Filmfestivaler wéi Sundance oder Tribeca ginn ëmmer méi VR-Filmer gewisen. Grouss Realisateure wéi de Ridley Scott oder de Steven Spielberg schaffen u Projeten. D'Technologie gëtt iwwerdeems ëmmer méi accessibel fir de breede Public.

D’Angscht, datt déi nei Technologie de Kino oder d’Telee kéint ersetzen, huet de Pierre Zandrowicz allerdéngs net: "Net all Mënsch wäert sech dee Brëll opsetzen." Et wär een neien Ecran, deen eng Plaz an eisem Liewe géif anhuelen. Awer hie Gesäit d'Zukunft och an anere Beräicher wéi dem Entertainment.

Zu Amsterdam huet viru kuerzem deen éischte Virtual Reality-Kino opgemaach. Do kennen d’Spectateure sech op Dréistill virtuell Filmer ukucken. Och zu Berlin, London Paräis a Madrid sinn dëst Joer esou Kinoe geplangt.