arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Conspiracy Mind

Verschwörungstheorien

|
reading time

5 min

The Conspiracy Mind

Firwat gëtt un der Moundlandung gezweifelt an iwwer Chemtrails debattéiert? Wat mécht eis manipuléierbar? Recherchë beschäftege sech mat de psychologeschen Hannergrënn vu Verschwörungstheorien.

reading time

5 min

Wat stécht psychologesch hannert der Faszinatioun u Verschwörungen a Verschwörungstheorien. Wéi eng Viraussetzunge begënschtegen dëst Phenomen an d'Motivatioun vun deenen, déi se an d'Welt setzen oder dru gleewen? Vu gesond op potentiell krankhaft ginn et vill Schattéierungen.

Sensationalismus - D'Audienz muss leiden

Déi éischt, méi iwwerflächlech Faszinatioun fir Verschwörungstheorien erkläert sech duerch e gewëssene Sensationalismus. Dat Kribbelen, wat een empfënnt, wann eng Revelatioun, eng Nouvelle oder eng Theorie dat, wat mir gewinnt sinn ze héieren, ze wëssen an ze denken, komplett erausfuerdert oder op d'Kopp stellt.

Sensationalismus ass an eisem Konsumverhale vun alle Medien ee wichtege Faktor. Souguer beim Liese vun engem Buch. Et ass schwéier, eng Geschicht interessant ze fannen, un där näischt ongewéinlech ass. Am Beschte kënnt nach eppes Beonrouegendes oder liicht Geféierleches dobäi. All Medium muss Fakten, a wa se nach sou dréche sinn, an eng narrativ Suite verpaken. Fir datt den Nolauschterer, Spectateur oder Lieser matkomme kann an interesséiert bleift.

Sech fir ongewéinlech Saachen z'interesséieren ass och näischt Negatives. Am Géigendeel, et ass e Bestanddeel vun deem Virwëtz, deen zu neiem Wësse féiert. An am Fong d'Basis vum soziale Liewen, de Medien, an de soziale Medien.

Kognitiv Dissonanz - De Bush huet gelunn

Eng zweet Ursaach, fir sech fir Verschwörungstheorien z'interesséieren, ass dat wat Psychologen a Pädagoge kognitiv Dissonanz nennen. Dës entsteet, wann d'Versioun, déi mir vun engem Virgank oder engem Ëmstand gesot oder gewise kréien, sech net konsequent ass. Oder mat eiser direkter Perceptioun vun der Saach oder vun der Realitéit am allgemengen am Géigesaz steet.

Ee Beispill. Een Amerikaner erënnert sech, datt de President George W. Bush op der Tëlee sot, et géif Informatiounen iwwer eng Verwécklung vum Saddam Hussein an d'Attentater vum 11. September ginn. Wann hien ee Joer méi spéit vum selwechte Politiker héiert, de Saddam Hussein hätt näischt mat dësen Attentater ze doe gehat, an hien hätt ni de Contraire behaapt, da wier dat déi einfachst Form vu kognitiver Dissonanz.

Déi féiert dozou, eis Imaginatioun unzekuerbelen, fir aner méiglech Erklärunge mat a Betruecht ze zéien. An dësem Fall d'Conclusioun, datt den George Bush gelunn huet, oder awer elo litt. An d'Fro, firwat hien dat mécht.

Kognitiv Dissonanz ass ee vun deene wichtegste Bausteng am Forméiere vu Wëssen, do si Pädagogen a Psychologen aus ville Richtunge sech eens. Si huet hir Wichtegkeet souwuel an der kognitiver Psychologie vun engem Leon Festinger, wéi och am spéidere kognitive Konstruktivismus vu Piaget oder Vygotsky.

Vun der Politk enttäuscht

Kognitiv Dissonananz kann awer och op eng méi subtil Aart a Weis entstoen. Ee Bierger ass zum Beispill der Iwwerzeegung, datt hien am demokratesche Staat duerch seng Stëmm bei de Wahle ka matbestëmmen, wat d'Politik mécht. Da muss hien awer domadder liewen, datt Saachen, déi him d'Liewe schwéier maachen, net adresséiert oder geléist ginn. Egal wien hie wielt. Dëst mulmegt Gefill ka sech an ee vill méi staarkt Gefill vu Muechtlosegkeet entwéckelen.

Dëse Faktor berücksichtegt besonnesch de Michael Barkun a senger Analys vum staark konspirativ veranlaagten, amerikanesche Politikverständnis. Hie geet dobäi op de Soziolog Irving Geoffman zréck, deen de Begrëff vun der moralescher Panik geprägt huet. Een onangenehmt Gefill, dat sech aus sozialer Isolatioun a Mangel u politeschem Afloss ergëtt.

Manichäismus, Narzismus a Machiavellismus

Hien erkläert och, firwat verschidde psychologesch Attributer vu Verschwörungstheorien sech ëmmer, a quasi noutwennegerweis, um rietsen, oder souguer rietsextreme Bord vum politesche Spektrum ze fanne sinn. Dofir hëlt hie verschidde krankhaft Tendenzen zur Erklärung, déi awer net ëmmer bis zur Krankhaftegkeet mussen ausgeprägt ginn.

Deen éischten ass déi schizoid Komponent. Ee vun de Gronddenkmuster vu Konspiratiounstheorien ass Manichäismus, also déi streng a schaarf Opdeelung vu Phenomener a Mënschen a Kräfte vum Liicht a vun der Finsternis. Dëst féiert dozou, datt alles Schlechtes muss op schlecht Leit zréckgefouert ginn.

Eng zweet Komponent ass Narzissmus. Oder am ofgeschwächte Sënn Iwwerhieflechkeet an Elitismus. Konspiratiounstheorie presentéiere sech ëmmer als eppes Spezielles. Als geheimt Wëssen, wat nëmmen Ausgewieltener hunn.

Eng weider Komponent ass Machiavellismus u sech. Eng Etude vun 2011 huet zum Beispill bewisen, datt Leit, déi selwer machiavellesch a manipulativ Verhalensweisen opweisen, vill méi wahrscheinlech u Verschwörungstheorien gleewen, wéi anerer.

Liesen hëlleft!

Wahrscheinlech ass déi wichtegst Viraussetzung zum Gleewe vu Verschwörungstheorien ee Geschichtsverständnis, wat sech ganz op d'Muecht vun Individuen an op déi "biografesch" Geschichtsopfaassung begrenzt. Et gëtt kaum e bessert Géigemëttel géint d'Angscht viru Karteller, wéi sech mat institioneller Analys oder Soziologie am allgemenge beschäftegt ze hunn.

Natierlech ass net all Glawen u Verschwörungstheorië falsch oder krankhaft. Schonn aleng dowéinst, well Verschwörungen wierklech existéieren. Meeschtens stiechen awer hannert deene schlëmmen Ongerechtegkeeten, déi Verschwörungstheoretiker exposéieren, méi komplex Virgäng wéi just e puer Leit, déi eis Béises wëllen. Net ëmmer, mee dacks.

De Philosoph Karl Popper kann hei e puer Gedankenustéiss ginn. A sengem Buch "The Open Society and its Enemies" beschreift hien, wéi all totalitär Systemer op Verschwörungstheorië vun imaginäre Feinden opgebaut waren. A wéi Historizismus, Paranoia, Chauvinismus a Rassismus ëmmer hir Roll an dësen Theorien ze spillen haten.


Déi ganz Serie "Web of Conspiracies" fannt Dir an der Mediathéik

Den Internet ass eng Spillwiss fir Hypothesen, Desinformatioun a konspiratistesch Theorien. De Marc Clement setzt sech mat deene Wichtegsten auserneen: mol aberwitzeg Hirngespinster, mol serieux Informatiounen, déi och iwwert déi selektiv Funktiounsweise vun de klassesche Medien opschloss ginn.