Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stress um Chantier

Aarbechtsaccidenter

Stress um Chantier

Ronn 27.000 Persounen blesséiere sech all Joer zu Lëtzebuerg op der Aarbecht. Dorënner sinn och regelméisseg Doudesfäll. Zanter Jore bleift dës Zuel konstant héich. Wouru läit dat a wat si méiglech Léisungen?

auto_stories

6 min

Ronn 27.000 Persoune blesséiere sech all Joer zu Lëtzebuerg op der Aarbecht

En normale Wochendag op engem vun den aktuelle Chantieren an der Stad. Männer an orange Jackette ginn hirer Aarbecht no. Een Interview gëtt et ouni d'Autorisatioun vum Patron net. An déi géifen dat generell net gär gesinn, heescht et.

Ee gestressten Androck maachen d'Aarbechter op den éischte Bléck net. Dobäi géif Stress zu Alldag um Chantier gehéieren, seet den OGBL-Delegéierten José Pinto, dee bei der Firma Soludec schafft. "Et gëtt ze vill een héijen Drock duerch déi verschiddenen Aufgaben um Chantier." An dat géif dozou féieren, datt et vill Accidenter géif ginn.

Zanter Jore läit d'Zuel vun den Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg bei ëm déi 27.000. Dat geet vum Autosaccident um Wee fir op d'Schaff oder heem, iwwert de Kach, dee sech mam Messer an de Fanger schneit, bis bei den déidleche Virfall an der Industrie oder um Bau. Dee Secteur ass am stäerkste betraff. Ronn d'Hallschent sinn an der Moyenne sougenannten "iwwerflächlech" Accidenter. 22 Mënsche sinn 2015 bei hirer Aarbecht gestuerwen.

Accident um Ban de Gasperich

Den 10. November 2016 koum et zum Beispill um Ban de Gasperich zu engem déidlechen Aarbechtsaccident op engem grousse Chantier. Ee Mann koum dobäi ëm d'Liewen, een zweeten Aarbechter gouf schwéier blesséiert an d'Klinik bruecht. An een drëtten Aarbechter gouf deemools liicht blesséiert. Eng Enquête ass nach am gaangen.

D'Firma, an där de Gewerkschaftler José Pinto schafft, hat ee Chantier just vis-à-vis. "Ech sinn direkt dohinnergaangen, fir mat de Leit ze schwätzen", erënnert hie sech. "Jidderee war gestresst. Jiddereen hat Angscht, wéinst deem wat geschitt war." A kee vun den Aarbechter hätt sech méi kéinten op seng Aufgabe konzentréieren, sou de José Pinto.

D'Fro, firwat d'Zuel vun den Aarbechtsaccidenter net spierbar erofgeet, beäntwert ee beim OGBL virun allem domat, datt den Drock um Chantier géif eropgoen. An doru wieren net d'Patronen un éischter Linn Schold, mee d'Bauhären. Chantiere missten haut an enger Rekordzäit fäerdeg gestallt ginn, seet de Jean-Luc De Matteis vum OGBL.

Wien ass als éischte fäerdeg?

"Et géif ee bal mengen, et wier ee Sport, wien de Chantier am séierste fäerdeg mécht." Et sollt een nees zréckkommen op gesond Moossen, sou de Jean-Luc De Matteis. E Chantier dee keng Urgence vitale hätt, misst kënnen a 36 Méint fäerdeg gestallt ginn, amplaz a 24. "Mir däerfen net duerch aner Begrënnungen, sief et politescher Natur, sief et prestigiéiser Natur, d'Gesondheet an d'Sécherheet vun de Leit op d'Spill setzen.

De Chantier um Stater Bricherhaff fir déi nei Nationalblibliothéik ass am September 2014 ausgeschriwwe ginn. Déi viraussiichtlech Dauer, déi deemools an der Annonce stoung, ware 560 Schaffdeeg. Also mol keng zwee Joer. De Jean-Luc De Matteis, Gewerkschaftssekretär fir de Bausecteur kritiséiert, datt ëffentlech an och privat Bauhären ëmmer méi séier wéilte bauen.

Fir d'Aarbechter um Chantier géife kuerz Delaien dacks ustrengend Schichtaarbecht bedeiten. Dat wier kontraproduktiv. Och de Jean-Marc Kieffer, President vun Groupement des entrepreneurs hat dat am Dezember schonn um radio 100,7 gesot. A wann Delaien net géifen agehale ginn, da wiere Strofe fir d'Betriber fälleg, déi kéinte bis an déi zéngdausenden Euro goen.

Fir de Chantier fir déi nei Nationalblibliothéik ware 560 Schaffdeeg geplangt (Foto: Lex Kleren)

Gewerbeinspektioun an der Kritik

An der Kritik steet am Kontext vun den Aarbechtsaccidenter awer och ëmmer erëm d'Gewerbe-Inspektioun ITM. Déi wier net präsent genuch op de Chantieren, seet de Jean-Luc De Matteis vum OGBL, deen awer och relativéiert. Et wier eng Volontéit do vun den Inspekteren, fir séier kënnen z'intervenéieren. Och de politesche Wëlle wier do: "De Minister sot ganz kloer, mir mussen do eppes maachen." D'ITM misst um Terrain sinn, fuerdert de Jean-Luc De Matteis. Dat géif net just fir de Bau gëllen, mee och fir aner Beräicher, wéi zum Beispill den Horesca.

Zil misst et sinn, sou de Gewerkschaftler, datt d'ITM prophylaktesch géif schaffen. Also vu sech aus op Chantiere géif kucke goen an net nëmme géif reagéieren, wann se ee Sécherheets-Problem oder och een Accident gemellt géif kréien. Bis elo wier dat de Fall gewiescht.

Domat ass och de Marco Boly averstanen. Hien ass zanter ronn zwee Joer Direkter vun der ITM a gëtt ze verstoen, datt intern nach ëmmer dru géif geschafft ginn, d'Problemer, déi ënner anerem am Audit vun 2015 opgeworf goufen, ze léisen. Gréissten Handicap wier aktuell de Recrutement, sou de Marco Boly. Ouni deen kéint een och net sou reaktiv sinn, wéi een eigentlech wéilt. D'Dauer vum Recrutement an d'Qualitéit vun de Leit, déi um Aarbechtsmarché ze fanne sinn, wieren déi gréissten Challengen.

Patronen a Salariéë responsabiliséieren

Eng direkt Responsabilitéit a Saachen Aarbechtsaccidenter gesäit de Marco Boly vill méi beim Patron a beim Salarié selwer, wéi bei senger Verwaltung. Dat géif och de Code du travail sou virgesinn. "Wa mir gesinn, datt do keng substanziell Verbesserunge sinn, da kommen déi Kontrollen. Da ginn déi Analyse gemaach." An da kéint de Patron mat verschiddene Mesuren dozou gezwonge ginn, sech un d'Regelen ze halen. Et misst ee Mentalitéitswandel an de Betriber geschéien. D'Patronen an d'Salariéë misste gesinn, datt si an éischter Linn an der Verantwortung wieren.

Problematesch ass dem Direkter vun der Gewerbeinspektioun no och, datt et zu Lëtzebuerg eréischt zanter kuerzem ee Mentalitéitswandel a Richtung méi Sécherheet a Gesondheet op der Aarbecht géif ginn.

Ee Beispill: d'läscht Joer hunn d'Acteure vum Terrain eng Charta ënnerschriwwen. Mam Zil, bis 2022 d'Arbechtsaccidenter ëm 20 Prozent ze drécken. Oder: d'Unfall-Versécherung déi vun 2018 un ee Bonus-Malus-System wëll an d'Liewe ruffen. Lo géif et drëm goen, eng serieux Strategie ze entwéckelen, seet de Marco Boly.

Stress vun ëffentlecher Hand gefërdert?

Zréck bei de Stress um Chantier, vun deem d'Gewerkschafte schwätzen. Gëtt deen tatsächlech vun der ëffentlecher Hand gefërdert? Aus dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère kréie mir op Nofro hi just ee kuerzen Dementi. D'Verwaltung vun den ëffentleche Gebaier géif sech ëmmer Méi ginn, fir raisonnabel Delaien auszeschreiwen, déi keen Drock op d'Entreprisen an hir Salariéë géifen entstoe loossen. A wann et trotzdem zu engem Enkpass géif kommen, da kéint den Delai och nach no hanne géif verréckelt ginn.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit, deen den Aarbechtsaccidenter eigentlech de Kampf ugesot huet, hält sech an där Fro bedeckt. Zäitdrock géif net nëmmen op der Aarbecht de Risiko vun engem Accident erhéijen. "Mir sinn e Land, wou vill gebaut gëtt (...), an da besteet ëmmer Zäitdrock. A jidderee wëll sou séier wéi méiglech seng Chantiere fäerdeg hunn", seet den Nicolas Schmit. Wa Problemer géife virkommen, misst probéiert ginn, déi Zäit erëmzegewannen. "An dat kann a verschiddene Situatiounen natierlech zu Accidenter féieren."

Nom schwéieren Accident um Ban de Gasperich hat den Aarbechtsminister fir dëst Joer d'Sécherheetswoch am Bausecteur ugekënnegt. Geplangt sinn dem Minister no, d'Salariéë weider ze sensibiliséieren, mee och zousätzlech Kontrollen op de Chantieren ze maachen. D'Zil wier et ze weisen, datt de Risk vum Accident ëmmer do ass, mee dat een en och misst erofsetzen, sou den Nicolas Schmit.