Jee no deem zu wéi vill een op der Bün ass, ass et och eng Saach vum Gefill, wéi ee Musek weidergëtt. Mee op alle Fall ass eleng op der Bün ze stoen eng vun de groussen Erausfuerderungen. Eleng huet ee keen duebele Buedem, zemools wann ee seng eege Lidder spillt, a sech am Fong just hannert der Gittar verstoppen kann.
"Eleng ass immens intim an dat mécht et awer och esou schéin. Et ass ee richtegen Austausch mat de Leit. Ech mengen, d'Leit appreciéieren dat insgesamt och."
"Do kann ech mech goe loossen"
Et ass der Irina Holzinger wéi gesot egal a wéi enger Konstellatioun se op der Bün steet, mee d'Preferenz geet awer an Direktioun vun hirer Band.
"Ech muss soen, datt Concerte mat menger Band meng Preferenz sinn, well ech d'Gefill hunn, datt ech mech do e bësse méi goe loosse kann. Du hues dann awer hannendru Museker, déi dech och droen, sou datt ech mech net op alles konzentréiere muss. A wann do eng Synergie entsteet tëschent eis op der Bün an dann nach zesumme mam Publikum, dat ass scho magesch."
Mir si scho wéi eng Famill
Wann d'Irina Holzinger mat Band op der Bün steet, dann spiert een een dauernde Kontakt an Austausch tëscht der Musek. Dat geet schonn iwwer eng reng musikalesch Relatioun eraus.
"Et ass jo usech scho ganz spezifesch eng Famill, well meng Fra d'Kim spillt mat. Mir hu jo zesummen ugefaangen, säi Brudder spillt mat, de Bob an dann déi aner si Leit, déi mir och scho sou laang kennen. Jo dat heescht, ech gesi si och éischter wéi meng Bridder, méi wéi einfach Bandmitglieder."