Radioen

On air

Resonanzen  |  Jazz and the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Technik a Wëssenschaft viru reeller Kuliss entdecken

"Science Center Luxembourg"

Technik a Wëssenschaft viru reeller Kuliss entdecken

Zu Déifferdeng, an der fréierer “Léierbud”, entsteet de “Science Center Luxembourg”. Méi Leit, virun allem Jonker, sollen hei nees fir Technik a Wëssenschafte begeeschtert ginn. Zesumme mat privaten Entreprisen an dem Staat soll dës nei Struktur hëllefen, méi Jonker an technesch Beruffer z’orientéieren.

auto_stories

7 min

Nicolas Didier

D’nächst Fréijoer soll an der fréierer “Léierbud” déi éischt Phas vum “Science Center” opgoen, mat Workshopen, Laboen an 100 experimentelleScience”-Statiounen. Déi ginn ënnert anerem vu Studente vu Metz a Nanzeg gebaut. 25 där Statioune si scho fäerdeg. Se stinn den Ament an den Ateliershalen um Site vun der Déifferdenger ArcelorMittal.

Do steet zum Beispill den Tesla-Transformator, deen 1,7 Millioune Volt produzéiert. “Ongeféier sou staark wéi e Blëtz”, erkläert den Nicolas Didier, President vum "Science Center".

Och déi berühmt Déifferdenger Groussgasmachin, dee gréissten Explosiounsmotor, dee jee gebaut gouf, gëtt an de "Science Center" integréiert. Déi 1.100 Tonne schwéier Maschinn gouf renovéiert. Se steet an där impressionanter Hal vun der Gaszentral, déi un de Paräiser Musée d’Orsay erënnert. An enger zweeter Phas soll de Center definitiv do eraplënneren, an e puer Joer.

De “Science Center Luxembourg” wier méi wéi just e Musée oder eng Touristen-Attraktioun, sou den Dr. Guillaume Trap. De wëssenschaftlechen Direkter vum Projet kënnt vum Paräiser "Univers Science", deem gréisste Wëssenschaftszenter an Europa. Deen zu Déifferdeng wier dogéint eenzegaarteg: “E steet direkt nieft engem Stol- an engem Walzwierk, déi funktionéieren. D’Geräischer vun där Industrie sinn Deel vum Decor”.

Ee vun den Haaptziler vum "Science Center" wier et, fir Kanner a Jonker allgemeng esou fréi ewéi méiglech op d’”Wëssenswirtschaft”, déi d’Stolwirtschaft ofléist, virzebereeden, sou de Nicolas Didier. “Hei kënne se sech eng Iddi maachen, ob se dat gären hunn oder net”. Méiglechst lieweg an onakademesch sollen se op de Goût bruecht ginn. “Mir si vill méi praktesch a méi zukunftsorientéiert wéi aner ähnlech Zenteren.”

Fréi usetze fir Naturwëssenschaften an Technik interessant ze maachen

D’Automatiséierung an d’Digitaliséierung hunn d’Gesellschaft an d’Aarbechtswelt revolutionnéiert. Europa, also och Lëtzebuerg, missten oppassen, datt se deen Zuch net verpassen, sou den Educatiounsminister Claude Meisch (DP). “Mir stelle fest, datt wa fënnef Studenten Ingenieur-Wëssenschaften studéieren a fënnef anerer Informatik, dann hu mer der scho sechs, déi Konscht a Kultur studéieren an aacht Psychologie”. Naturwëssenschaften an Technik méi interessant maachen, do misst ee fréi usetzen, och schonn an der Grondschoul, mengt de Minister.

Sämtlech Schoulen a Lycéeën hei am Land sollen intensiv an de “Science Center” mat agebonne ginn. D’Schüler sollten en Abléck an d’Beruffer vun der Zukunft kréien, seet de President Nicolas Didier. An der Biologie géif dofir, beispillsweis, d’Genetik an de Mëttelpunkt gestallt ginn. “Datt d’Kanner verstinn, wéi eng personaliséiert Medezin herno ausgesäit. An zéng Joer huet déi e Besoin un intelligenten Aarbechtskräften, déi haut nach net bestinn”.

Dat passt och bei dem Educatiounsminister säi Konzept vun méi spezialiséierte Lycéeën. “Mir wëllen och ee MINT-Lycée fir Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technologie schafen, respektiv ee Lycée, deen et scho gëtt, mat op dee Wee huelen”, seet de Claude Meisch. Fir am "Science Centre" ze schaffe soll och Léierpersonal detachéiert ginn. Eng 100 Leit hu schonn um Projet matgeschafft, spéiderhi sollen der eng 20 nëmmen dat maachen, sou den Nicolas Didier.

Fir dat Ganzt an d’Rullen ze bréngen hunn d’Initiateure selwer eng Millioun € investéiert. Ee gudden Deel koum direkt och vu Fondatiounen (Œuvre nationale oder Fondatioun Losch) a vun Entreprisen (Creos, Fanuc, Cargolux oder SES). De "Science Center" huet och, zesumme mat fënnef Unien aus der Groussregioun, ee Co-Finanzement vu 4,8 Milliounen € vum iwwerregionalen INTERREG Programm kënne sécheren.

Och de Staat huet sech finanziell am "Science Center" engagéiert. Educatiouns- a Kulturministère iwwerhëlt dat Operationnellt, d’Gebai an den Equipement, an och de Kulturministère leet bäi – wéi vill, dat géif nach berechent ginn. “D’Regierung huet de Projet zum intérêt national’ erkläert”, sou den Nicolas Didier. De fréiere Mataarbechter vum Ausseministère, Departement Aussenhandel, bréngt vill Erfahrung mat. “Meng lescht Positioun war zu New York fir nei Entreprisen an d’Land ze bréngen. Déi lescht 15 Joer hunn ech mech mat neien Technologie beschäftegt, eng Experienz, déi et mer erlaabt, no vir ze denken”.