Radioen

On air

Notturno  |  Aufgang & Ryvage - Night Song For Shiny People - Soundwalk Version

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schockelas Knippercher fir d'Wieler

Wirtschaft

Schockelas Knippercher fir d'Wieler

Den Donald Trump huet d’amerikanesch Presidentschaftswahle gewonnen. Wat bedeit dat fir d’Weltwirtschaft, fir di amerikanesch an déi europäesch, a fir déi Lëtzebuerger Wirtschaft?

auto_stories

4 min

picture alliance / Zach D Roberts

2016 ass en historescht Joer. An zwou ale westlechen Demokratien hunn d'Wieler géint hir eegen immédiat wirtschaftlech Interesse gestëmmt. Dat war beim Brexit-Vote esou; an dat ass esou beim Succès vum Donald Trump bei de Presidentschaftswahlen an den USA. E Multimilliardär krut vun deene Wieler, déi bei der wirtschaftlecher a gesellschaftlecher Entwécklung de Kuerze gezunn hunn, e Mandat fir Revanche an hirem Numm ze huelen. Et weist d'Ausmooss vum Frust bei de Wieler.

A wat kënnt elo? Den Donald Trump huet am Wahlkampf haaptsächlech Sloganen, awer wéineg politeschen Detailplang debitéiert. Am Fong weess kee wat elo wierklech kënnt. Dëst ass eng Rees, déi ouni Kaart an ouni klore Plang ugeet. A Wirtschaft an Investoren haassen näischt méi wéi Ongewëssheet.

Méi kloer gëtt alles eréischt wann de Cabinet vum neie President steet. D'Aarbechtshypothees ass, datt d'Zopp net esou waarm giess gëtt wéi se gekacht gouf, an datt mat Hëllef vun Experten-Sachverstand déi onsënnegst Usätz vum Donald Trump am Tirang verschwannen.

Beräicher déi een am A behale sollt

  • "America First": Den Donald Trump wëllt keng Fräihandels-Ofkommes. Dat heescht: Hien zitt eng Konjunkturbrems. Kee Land op der Welt, kee Kontinent huet e fäerdeg bruecht, autark ze sinn an dobäi méi räich ze ginn. E Réckzuch vu Washington op protektionistesch Prinzipie schued net nëmmen där amerikanescher, mee och där internationaler an där Lëtzebuerger Wirtschaft. Ee Véierel vun eisen Exporter ausserhalb vun der EU ginn an d'USA, an iwwer 50 Prozent vun eisen Importer vun ausserhalb der EU komme vun do. D'Wahlkampf-Äusserunge vum Donald Trump deiten drop hin, datt d'Ekonomie mat fiskale Stimulusprogrammer belieft soll ginn, an datt verschidde Beräicher zum Deel sollen dereguléiert ginn. Do ass Potential fir e Konjunktur-Schubs, deen och op d'Weltwirtschaft e positiven Impakt kéint hunn. Ob di sougenannte "kleng Leit" dobäi gewannen, ass awer eng aner Fro.
  • Immigratioun: Den Donald Trump wëllt, genee wéi d’Brexit-Apostelen, Immigranten heemschécken. Wat méi wat besser. Tatsaach ass awer, datt déi Immigranten der Ekonomie haut Notze bréngen. Besonnesch enger, déi no un der Vollbeschäftegung funktionéiert.
  • Klimawandel: Ee Mäerchen, erfonnt vu China, fir d'amerikanesch Industrie ze behënneren. D'Klima-Accorde wëllt den Donald Trump kippen, an amerikanesch Kuel a Pëtrol massiv fërderen. Konsequenz dovu wier en Dämpfer fir ee vun deenen innovatiivste Secteure vun der Ekonomie. Mat evidenten negative Repercussiounen am Rescht vun der Welt.

Brexit, Trump, a wat kënnt als nächst?

Et kann een de Succès vum Donald Trump an enger Linn mam Brexit gesinn. Op där Trajectoire sinn déi nächst méiglech Etappen:

  • Fir d'éischt de Referendum an Italien. Mat als méiglecher Konsequenz d'Chute vun der Regierung an engem weidere Fragezeichen iwwer Eurozone an Euro.
  • An dann d'Presidentiellen a Frankräich, mat der Perspektiv vun enger Victoire vum Marine Le Pen. An nees engem weidere Fragezeichen iwwer der europäescher Iddi an der Wirtschaft.

Sollt een an Zukunft d'Aktiecouse vun europäesche Rüstungskonzerner suivéieren? (Foto: Dassault Rafale, Bigstock / VanderWolf Images)

Europa muss sech egal wéi Gedanke maachen iwwer seng Plaz an der neier Weltuerdnung à la Sauce Trump. D'Interête vun den USA a vun Europa schéngen haut manner alignéiert wéi jee. D'Fro ass, wien haut deen evidenten natierleche Partner fir Europa ass? Deen, mat deem d'Interête sech am beschten iwwerschneiden? Gutt Fro. Dat ass sécher net Moskau. Vläicht ass jo Beijing de potentiellen neie beschte Frënd am grousse strategesche Spill?

Wéi eng Aktie-Course soll ee verfollege wann een déi Gedankespillerei do weider dreift? Mais zum Beispill déi vun de groussen europäesche Rüstungskonzerner, à la Dassault, Thales, Airbus, Finmeccanica. Wa sech Europa behaapte wëllt, muss an deem do Beräich déck investéiert ginn.

An d'Konklusioun? Vläicht ee Sproch aus dem Film Forrest Gump. "Life is like a box of chocolates. You never know what you're gonna get." D'Liewen ass wéi eng Këscht Schockelas Knippercher. Et weess een ni wat een do erausfëscht.