Radioen

On air

Nei Musek  |  Nei Musek

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schleed

Flouernimm

Schleed

Bei der Sich no de Flouernimm geet de Claude Faber dës Kéier bis an de Paläozoikum, also viru 350 bis 420 Millioune Joer. Hei fënnt een d'Gebuertsstonn vum Kalleksteen vum europäesche Kontinent.

auto_stories

3 min

Fir genee ze sinn, geet et hei ëm en äerdgeschichtlechen Entwécklungstadium am Paläozoikum, dee mat Devon betitelt gëtt. Zu där Zäit war d'Klima weltwäit éischter waarm an dréchen. A well et dunn och wéineg Äis um Banneland vun alle Kontinenter gouf, war de Mieresspigel, am Verglach zu haut, nawell och e gudde Strapp méi héich. Lëtzebuerg hätt deemools souzesoen op enger Plage geleeën.

All Epoch hat och an de Küsteregiounen hier favoriséiert Riff-Formateuren. Am Devon, also virun ongeféier 400 Millioune Joer, waren dat haaptsächlech Stromatoporen, Mieresorganisme wéi zum Beispill Schwämm, déi sech a grousse Kolonien ugesidelt hunn. D'Iwwerreschter dovun, ginn haut mat "Riff-Kallek" bezeechent, oder och nach mat Massekalleck, wann dës Riffer extreem grouss waren. E gutt Beispill fir esou ee Riff-Kalleck aus dem Devon-Zäitalter ass dat Rheinescht Schiefergebirge, deem seng Ausleefer sech jo dann iwwer d'Eifel och bis an eist Ländchen eranzéien.

Den Numm "Schleed"

An domat hätte mer dann d'Kéier gemaach, fir e Lëtzebuerger Fouernumm besser kënnen ze erklären, deen alt nees a ganz ville Variatiounen uechter eist Ländchen erëmzefannen ass. Et geet hei nämlech ëm de Flouernumm "Schleed". "An der Schleed" an "Op Schleed" sinn dobäi am heefegste vertrueden. Mee et gëtt och nach "Bei, ënner, oder an der Schleedchen", a ganzer Schleedbierger, wéi zum Beispill zu Bous, Stroossen, Wäiswampech oder Waldbriedemes. An net zulescht kann dat Ganzt och nach mat AE geschriwwe ginn, wéi zu Aasselbuer, Noumer oder Heischent.

Och déi Däitsch Versioun "Schleide" ass nawell heefeg zu Lëtzebuerg unzetreffen. En Numm, deen sech, wéi eist Wuert "Schleed" aus dem mëttelhéichdäitschen "Slät" ofleede léisst, woumat dann ufanks eng éischter mouerzeg Verdéiwung gemengt war. Spéider ass domat awer eng geneigte Fläch oder en Ofhang bezeechent ginn.

D'Terme Släde, Schledde a Schlade, mee och déi modern Wierder schif oder schräg hunn dobäi déi selwecht etymologesch Originnen. Eng Schleed ass also en Hang, dee ganz gären emol mat Griechten duerchzunn ass, déi allerdéngs kee Waasser féieren.

Grouss Höhlesystemer

Firwat dat esou ass, gëtt mat der Bedeitung vum däitsche Wuert Schlade méi däitlech, well et bis haut nach eppes ganz Besonnesches definéiert, an tel quel op vill vun eise Schleeden iwwerdroe ka ginn. Domat ass nämlech méi spezifesch en dréchent Dällche gemengt, dat sech meeschtens an engem sougenannte Riff- oder Massekallek-Gebitt befënnt. Dir erënnert iech, d'Schwammkolonien aus dem Paläozoikum. An eist Ländchen, wéi sollt et nees anescht sinn, ass vun uewe bis ënne mat esou Kallekschichten duerchzunn.

De Grond, firwat esou eng Schlade dann dréchen ass, a kee Gewässer féiert, ass op den ale kallek- oder heiansdo och sandhaltege Buedem selwer zeréckzeféieren. Duerch Rësser, déi sech mat der Zäit zu klengen Huelraim, souguer zu komplexen Höhlesystemer entwéckelt hunn, sammelt sech d'Waasser an enger Schlade éischter ënnerierdesch a fléisst do och weider oder of. Déi iewescht Buedemschichte sinn dobäi mat der Zäit och ofgespullt ginn, sou datt um Enn en Dall iwwereg bleift, ma d'Waasser nawell weiderhin ënnerierdesch verleeft.

A wéi gesot, eist Ländchen ass mat Kallekschichten aus dem Paläozoikum duerchzunn. Kee Wonner also, datt et also och vill dëser Höhlesystemer gëtt, an natierlech och eng jett Flouer, déi den Numm Schleed droen.