Radioen

On air

De Weekend  |  Quantum Dot - Breaking Bones

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schengen: 30 Joer a vill Erausfuerderungen

Europa

Schengen: 30 Joer a vill Erausfuerderungen

De 14. Juni 1985 hunn Frankräich, d’Belsch, Däitschland, Holland a Lëtzebuerg – op der Marie-Astrid – den Accord vu Schengen ënnerschriwwen. 30 Joer méi spéit steet Schengen viru groussen Erausfuerderungen.

auto_stories

4 min

“Schengen ass eng vun de gréissten Errungenschafte vun der Europäeschen Union” – dat ass e Saz dee méi wéi eemol ze héiere war op enger Konferenz zu Thema "30 Joer Schengen", déi déi Lëtzebuerger Antenn vum European Migration Network (EMN) organiséiert ginn ass. De Jean Asselborn steet och hannert deem Saz a geet et Schrëtt weider: "Iwwerall um Planéit ass een neidesch op eis wéinst dem Schengen-System", seet hien.

Zanter enger Rei Méint steet de Schengen-System awer ënner Drock. Europa befënd sech aktuell an der gréisster Flüchtlingskris zanter dem zweete Weltkrich – och doriwwer waren d'Intervenante vun der Konferenz sech eens. Ee Symptom: Mëtt September, nodeems Zéngdausende Flüchtlingen ukomm sinn, huet Däitschland temporär Grenzkontrollen agefouert. Direkt sinn eng Rei aner Länner nogezunn. De Jean Asselborn hofft, dat déi Kontrolle just vu kuerzer Dauer wäert sinn a widderhëlt: "En Dominoeffekt kéint negativ Konsequenzen op de Schengen-System hunn".

Temporär Grenzkontrollen, eng "conditio sine qua non"

En temporäert Aféiere vu Grenzkontrolle bedeit net d’Enn vu Schengen. Dat seet och den Yves Pascouau, Direkter vum European Policy Center, enger onofhängeger Denkfabrik iwwer Migratiounspolitik mat Sëtz zu Bréissel.  "D'Aféiere vun enger Klausel iwwer temporär Grenzkontrolle war eng conditio sine qua non vun de Staaten – souguer vun de Grënnerstaaten – fir sech am Schengen-System ze engagéieren", stellt hie kloer.

Grenzkontrolle kënnen deemno zäitweis agefouert ginn, wann den ordre public vun engem Staat a Gefor ass. D'Regierung vun deem betreffende Staat muss d'Menace feststellen, vun europäeschem Niveau gëtt et eng Kontroll.

"Vermeiden, datt onkontrolléiert Fluxe vu Leit erakommen"

Eent vun de Länner déi nieft Däitschland temporär Grenzkontrollen agefouert hunn, ass Slowenien, dat un der Baussegrenz vum Schengen-Raum läit. Kroatien, am Süde vu Slowenien, ass net am Schengen-Raum. Déi slowenesch Inneministesch Vesna Györkös Znidar erklärt firwat si rëm Grenzkontrollen agefouert huet : "Vu d’Situatioun an der Regioun wollt ech vermeiden, datt onkontrolléiert Fluxe vu Leit erakommen, wat am Endeffekt d’Ziler vum Schengen-Ofkommes géif a Fro stellen".

D’Vesna Györkös Znidar ass der Meenung datt Schengen net flexibel genuch ass, fir de Memberstaten et ze erlabe séier ze reagéieren, am Fall wou aussergewéinlech vill Flüchtlingen ukommen.  Et misst iwwer Schrëtter nogeduecht ginn, déi virun dem Aféiere vu Grenzkontrolle gräifen, fir datt d’Länner etappeweis kënne reagéieren, fënnt déi slowenesch Inneministesch.

"Schengen, wéi eng Festung"

De Jean Asselborn seet , Schengen ka just fonctionnéiere wann d’Kontroll vun de Baussegrenzen och fonctionnéiert. "Och e Land wéi Lëtzebuerg muss Leit a Geld zur Verfügung stellen,  fir ze hëllefen de Schutz vun de Baussegrenzen ze garantéieren", sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

De Serge Kollwelter vum Cercle de coopération des ONG werft an deem Kontext e Bléck op d’Grenze vun der EU, sou wéi se vu bausse gesi ginn a stellt fest: "Wann Dir ausserhalb vu Schengen sidd, da gesitt Dir Schengen wéi eng Festung".

An den Ae vum  Yves Pascouau vum European Policy Center ass dat awer nëmme bedéngt wouer. Et misst een den aktuelle Migratiounsdrock a Perspektiv setzen, seet hien. "2013 si méi wéi 2 Milliounen Openthaltsgenehmegungen a méi wéi 16 Millioune Schengen-Visaen ausgestallt ginn", sou den Yves Pascouau.

Mee eppes anescht wier och wouer: déi eng hunn d'Recht sech an Europa ze installéieren, anerer net, an déi scheiteren un de Baussegrenzen.

D'Christiane Kleer hat den 8. Oktober 2015 een Dossier zu der Konferenz zesummegestallt.