Radioen

On air

De Moien  |  Kapitalmaart-Unioun: Lëtzebuerg géint méi zentral Kontrollen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mainstreamkino nei opgerullt an diskutéiert

Filmzyklus Pop(Corn) Culture

Mainstreamkino nei opgerullt an diskutéiert

“Monsters and Monuments” ass déi elo schonn aachten Editioun vum Filmzyklus Pop(Corn) Culture iwwerschriwwen, déi d’Uni Lëtzebuerg zesumme mam Grupp Utopolis organiséiert. D’Filmer an deem Zyklus gehéieren dem sougenannte Mainstream un. An dat ass och sou gewollt. Optakt ass dëse Méindeg, 29. Februar.

Christiane Kleer / ct

auto_stories

4 min

D'Anglistin Agnès Prüm huet de Filmzyklus mat ausgeschafft

Net nëmmen Héichkultur ass relevant, interessant an aflossräich, mee och a virun allem déi populär Kultur, seet d’Agnès Prüm, Anglistin an Directrice d’Études fir English Studies op der Uni Lëtzebuerg. Zesumme mat der Historikerin Sonja Kmec an dem Geograf Tom Becker huet si "Pop(Corn) Culture: Monsters and Monuments" op d’Bee gestallt, een interdisziplinäre Projet vu Studenten an Enseignanten dee net (nëmmen) am Amphi oder an der Bibliothéik, mee virun allem am Kino emgesat gëtt.

D'Konzept baséiert op der Feststellung, datt dacks een Ënnerscheed tëscht Popkultur an Héichkultur gemaach gëtt, seet d'Agnès Prüm am Interview mam Cléo Thoma. An datt d'Popkultur dobäi meeschtens méi schlecht ewech kënnt. "Mir waren der Meenung, datt alles wat mer erliewe beaflosst, wéi mir eis Welt gesinn", seet d'Agnès Prüm. An dozou géifen eben och manner serieux Filmer gehéieren. 

"Eng Datz am Bechdel-Test"

Wat fir ee Weltbild vermëttelen déi Filmer? Wat fir Wäerter? Dat si Froen, déi d'Equipe sech gestallt huet. An och: Wéi gi Männer a Fraen duergestallt? "Do gëtt et dee faméise Bechdel-Test. Dee kuckt ob eng Fra am Film virkënnt, ob si och dra schwätzt, ob si mat enger aner Fra an ob si iwwert eppes anescht schwätzt wéi ee Mann. An déi meescht Oscar-Filmer kréien eng Datz am Bechdel-Test", erkläert d'Anglistin.

De Publikum vum Filmzyklus kann a soll sech un der Diskussioun bedeelegen, ob a wéi fiktiv Situatiounen an esou Filmer eis beaflossen oder net. Esou een PopCorn Culture-Owend leeft an engem konvivialen Toun an méisproocheg (däitsch, franséisch an englesch) of. No enger kuerzer Aféierung gëtt de Film gekuckt an duerno diskutéiert. "Et geet drëm, nom Film net einfach Heem ze fueren, mee zesummen iwwer dat nozedenke wat ee grad gesinn huet", seet d'Agnès Prüm. Dacks ass e spezielle Gaascht dobäi, deen dann eng spezifesch Vue op de Film matbréngt an d'Diskussioun domat ureegt.

Vu "Monstrare" bei "Monsters and Monuments"

Schwéierpunkt vun der Editioun 2016 si Monsteren a Monumenter. An déi zwee hunn eppes gemeinsam: béid Termë ginn op dat laténgescht Verb "monstrare" zréck, also "weisen". "Bei Monsteren ass et intressant un d'Freakshows am 19. Joerhonnert zeréckdenken, wou Mënschen, déi op eng Manéier deforméiert waren, Suen domat verdéngt hunn, sech kucken ze loossen", seet d'Agnès Prüm. Domat wieren och Norme geschaf ginn, seet d'Fuerscherin: "Den Effekt war deemools, eis ze soe wéi mir net sinn an wat mir net solle wëlle sinn".

Ëmgedréint weist d'Monument een Ideal, "eppes wat mir fir eis selwer wëllen", sou d'Agnès Prüm. An och d'Monumenter géifen an deem Sënn Norme generéieren. Op de Sujet komm ass d'Equipe ronderëm Pop(corn) Culture andeems si sech einfach mat de Phänomener vun eiser Zäit ausernee gesat hunn. "Mir liewen an enger Zäit wou d'Feindbiller sech ganz séier entwéckelen a wou et ee gewësse Flou gëtt ronderëm dat wat mir als Gefor definéieren a wéini mir d'Grenzen zou maachen".

Programm

Optakt vu Pop(corn) Culture mécht dëse 29. Februar neie Star Wars-Film "The Force Awakens", Diskussioun wäert sech hei em d'Notioune vu "gutt" a "schlecht" dréinen an d'Iwwergäng tëscht deenen zwee. "Déi Iwwergäng si bei Star Wars ëmmer eng Saach vu Negociatioun", seet d'Agnès Prüm am Interview mam Cléo Thoma. Spezialgaascht ass déi Kéier de Gérard Kraus, President vun der Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg.

Virgesi sinn och folgend Filmer:

  • 14. Mäerz: "The Others"
  • 4. Abrëll: "The King's Speech"
  • 18. Abrëll: "Harry Potter and the Order of the Phoenix"
  • 2. Mee: "Catch me if you can"
  • 9. Mee: "Cinderella"

Rendez-vous ass ëmmer (Méindes) um 18h30 am Utopolis Belval.

Lauschtert de Ganzen Interview vum Cléo Thoma mam Agnès Prüm: