Radioen

On air

De Moien  |  Baby Rose & BADBADNOTGOOD - One Last Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Digital Geographie, net just fir Kreativer

Open Data

Digital Geographie, net just fir Kreativer

OpenStreetMap ass eng Alternativ zu den digitale Kaarte vu Google, Apple oder Microsoft. D'Geodaten dierfen fräi genotzt ginn a jiddereen kann hëllefen, d'Welt ze kartographéieren. Wiem d'Geographie also an der Schoul schonn ëmmer gutt gefall huet, kann hei senger Passioun fräie Laf loossen.

auto_stories

6 min

Eng Kaart mat geographeschen Donnéeën, déi fräi dierfe genotzt ginn (Source: http://www.openstreetmap.org/)

Digital Navigatioun gehéiert zu eisem Alldag: Google Maps, d'Kaarten-Applikatioun vun Apple oder ähnlech Servicer bidden eng séier Duerstellung vun den Kaarten, och an dräidimensionaler Perspektiv. An et kritt een Zousazinformatiounen zu den nogesichte Plazen. Fir dës Kaarten gëllt awer Copyright: Déi meeschte Servicer behalen sech all d'Rechter fir d'Daten op den Kaarten vir. An aneren Wieder heescht: et kann een näischt änneren oder eppes aneres doraus maachen, ouni als éischt een Mol ëm Erlaabnis gefrot ze hunn.

Dorunner huet sech de briteschen Informatiker Steve Coast gestéiert. Am Fong wollt hien Groussbritannien méi detailléiert kartographéiert hunn, wéi jee aner Kaart. Op d'Ënnerstëtzung vun gréisseren Institutiounen konnt hien nëmmen hoffen, wann en sech och deenen hirem Copyright verflichten géif. Amplaz huet hien 2004 säin eegenen Projet, ​Open Street Map, oder kuerz OSM an d’Liewen geruff.

Knapps dräi Joer méi fréi ass d’Wikipedia gegrënnt ginn. Déi partizipativ Online-Encyclopedie hat bannent kuerzer  Zäit gewisen, wat den Zesummeschloss vun motivéierten Mënschen hannert Tastaturen mat engem Internet Zougang bewierke kann. No dësem Prinzip vum "Crowdsourcing" funktionéiert och Open Street Map: Jidderee ka bei dëse Kaarten ergänzen, bäidroen an verbesseren.

Déi "beschte Kaart" fir Vëlosfuerer

Zu Lëtzebuerg gehéiert den Guillaume Rischard, zu deenen Notzer, déi sech fir Open Data begeeschteren. Wéi hien Open Street Map entdeckt huet, ware fir Lëtzebuerg just dräi Autobunnen agezeechent - méi net. Dat hätt sech dann awer ganz séier geännert, erkläert den enthousiasteschen Kartograph. Et misst ee just op "Edit" klicken, a schonn kéint ee Saache bäimolen. Et ginn och Informatiounen bäigesat, déi op den "normale" Kaarten net ze fanne sinn. Wéi Trëppelweeër, déi just Leit aus der Géigend kennen. 

Et brauch een fir dës Aarbecht Mol net virun d'Dier ze goen. E puer Klicks a Satellittebiller aus dem Internet ginn am Prinzip duer. Dat eenzegt wat een brauch ass eng E-Mail Adress. Nodeems een déi dann registréiert huet, kann een dann och direkt lass kartographéieren. Et sinn engem bei dëser Aktivitéit keng Grenzen gesat, bis op déi vun der Richtegkeet vun den Daten. D'selwecht wéi bei Wikipedia gëtt et de Risiko vun Abusen. Fehler mussen vun den aneren Notzer entdeckt, gemellt a korrigéiert ginn. Zënter dass hien dobäi ass, wieren fir déi Lëtzebuerger Kaart Mol keng hallef Dosen Abusen verzeechent ginn, betount de Guillaume Rischard. Well eng Kaart visuell ass, wiere Feeler méi einfach ze fannen, wéi an engem Text. 

GeoCaching, Navigatiounsapplikatiouen mat Offline-Kaarten an eng Visualiséierung mat villen Detailer: Open Street Map erlaabt et d'Geo-Donnéeën fir vill verschidden Zwecker ze notzen. Open Street Map ass eng oppen Datebank, sou dass een och seng eege Kaarte ka maachen. Zum Beispill géife vill Vëlosfuerer Informatiounen aginn, iwwer d'Qualitéit vun de Feldweeër, oder de Belag vu verschiddene Pisten. "Dee beschte Vëlosplang, deen et zu Lëtzebuerg gëtt ass Open Street Map", mengt de Guillaume Rischard.

Esch nach net erschloss

De Projet kéint also eng seriéis Konkurrenz zu aneren Servicer sinn. Mee zu Lëtzebuerg feelen och nach Zonen, fir déi et nach net vill Donnéeë ginn. Zu Esch, also der zweetgréisster Stad vum Land, wieren nach vill Stroossennimm nach net agezeechent.

Wien eng Hand mat upaken wëll, sech awer net besonnesch sécher mat der Technik spiert, dem kënnen déi aner Hobby-Kartographen ënnert d’Äerm gräifen. Iwwert E-Mail an Foren op Lëtzebuerg, Däitsch, wéi och Franséischer Sprooch gëtt hei mateneen diskutéiert. An et ginn zwar keng offiziell Versammlungen, mee informell an spontan Treffen. Den administrativen Deel vum Projet gëtt vun der Open Street Map Foundation a Groussbritannien iwwerholl. Do ginn och d'Server administréiert, wou d'Datenbank mat de ganzen Kaarteninformatiounen gespäichert ass.