Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Aldous Harding - Lawn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Flucht virun der Äerderwäermung

Klimawiessel a Migratioun

Op der Flucht virun der Äerderwäermung

Wa vu Klimaflüchtlinge Rieds geet, dann heescht dat datt de Klimawandel schonn do ass. Mee fir dëse Mënschen ze hëllefen, geet et net duer alleng de Klimawandel kleng ze halen, soen Experten, mat deenen d'Kyra Fischbach geschwat huet. Den Dr. François Gemenne, Fuerscher am Beräich Klima a Migratioun, weist zum Beispill drop hinn datt de Klimaflüchtling net an den internationale Konventioune virgesinn ass.

auto_stories

3 min

Migratioun kann och eng Konsequenz vum Klimawandel sinn (©Bigstock)

Fir den Dr. François Gemenne, Fuerscher am Beräich Klima a Migratioun op Sciences Po Paräis, ass et e Luxus ze froen, op ee misst pessimistesch oder optimistesch op d’COP21 kucken. "De Klimawandel an déi domatt verbonnene Migratioun sinn elo schonn eng Tatsaach", seet hien. A sengen Aen ass et am probabelsten, datt bei der bei der 21. Weltklimakonferenz zu Paräis e 4-Grad-Szenario erauskënnt, dat heescht, datt de Planéit op eng Äerderwäermung vu 4 Grad géif histeieren. Domatt wiere Visioune, wéi grouss Metropolen ënner Waasser, net nëmme méi Science-Fiction.

D'Naomi Klein huet an hirem läschte Buch This changes everything: Capitalism vs. The Climate drop higewisen, datt an deem Fall net nëmmen déi Äermste vun den Äermste betraff wäerte sinn, mee och déi déi vläit net domat gerechent haten, vun de Konsequenze vum Klimawandel concernéiert ze ginn. 

 "Et geet hei em d'Kohärenz vun de Politiken"

D'Carole Reckinger vum Cercle des ONG ass der Meenung, datt och mat engem ideale Szenario vun 2 Grad d'Zuel vun de Klimaflüchtlinge wäert klammen – wann och net an esou groussen Ausmooss. Hirer Meenung no wäert d'Konferenz zu Paräis also net nëmme reng eng Konsequenz op d'Klima hunn. "Et geet hei em d'Kohärenz vun de Politiken", seet d'Carole Reckinger. 

Beim Thema Klimamigratioun geet et awer och em Anticipatioun – och dat ass eng Realitéit. Eng Rei Inselstaaten am Pazifik hunn sech Terrainen op anere – klimatechnesch méi séchere Plaze – kaaft. Aner Staaten roden hirer Bevëlkerung fir ze emigréiren an ënnerstëtzen sinn dobäi. "Déi eenzeg Chance déi mer hunn mam Klimawandel, ass dat mer plange kenne well d'Konsequenze progressiv op eis zoukommen", sou den Dr. François Gemenne. 

Afloss vum Klima am Konflikt a Syrien

Historesch ginn et genuch Beispiller fir Migratioun déi klimatesch Ursaachen hat. Den Dr. Franz Mauelshagen, Historiker am Beräich Ëmwelt- a Klimageschicht um Institute for Advanced Sustainability Studies zu Potsdam, gesäit bei den historesche Beispiller eng Chance fir vun der Iwwerleeënheet, déi Industriestaten haut hätten, erofzekommen. A fir anzegesinn, datt mir all vum Klima ofhängeg wären.

Den Dr. Franz Mauelshagen weist och zum Beispill op den Afloss vum Klima am Konflikt a Syrien hin. Eng grouss Dréchent an eng Ernährungskris, déi schlecht vum Assad-Regime gemanagt gi wier, hätte mat zum Krich bäigedroen.

Klimaflüchtling net an den internationale Konventiounen

De Moment ass de Statut vum Klimaflüchtling an den internationale Konventiounen, wéi zum Beispill där vu Genf, net virgesinn. Den Dr. Gemenne vu Sciences Po Paräis, gesäit awer eng Unerkennung vum Klimaflüchtling och net als global Léisung un, well d’Migratioun wahrscheinlech éischter ënnerhalb vun de Länner wäert stattfannen. Et ass awer esou, datt meeschtens déi economesch schwaach Länner a Mënsche méi staark vum Klimawandel betraff sinn, obwuel si am mannsten dozou bäigedroen hunn.