Kathoulesch Kierch Modern Kierch?

Den 8. Dezember viru 50 Joer, war den Zweete Vatikanesche Konzil op en Enn gaang. D'Zil vun deem Konzil war et d’Fënstere vun der Kierch grouss opzemaachen a sech op d’Gesellschaft duerzebewegen. Ass dat der kathoulescher Kierch gelongen? En Dossier vum Christian Welter.

VATICAN CITY VATICAN - OCTOBER 29: Tourists visiting the Square and the Basilica of St. Peter in Rome on October 29 2014

D’Zil vum Zweete Vatikanesche Konzil, an de 60er Jore war et d’Fënstere vun der Kierch grouss opmaachen an sech op d’Gesellschaft duerbewegen. Den Historiker Michel Pauly hofft, datt dat elo dank dem Poopst François kéint geléngen. "Wou ech Bedenken hunn, ass ob hien et fäerdegbréngt géigeniwwer dem Muecht-Apparat am Vatikan seng Iddien nohalteg ze verankeren." Dem Michel Pauly no, misst een him wënschen, datt hie laang genuch um Liewe bleift fir genuch nei Kardinäl z'ernennen a fir datt beim nächste Konklave net d'Retourkutsch kéim.

De Bëschofsvikar Tom Kerger kritiséiert awer, datt bis elo nach net vill ëmgesat gi wier vu dem wat de Poopst ugekënnegt hätt. An de Medie kéim de François eriwwer, wéi wann hie vill méi progressiv wéi seng zwee Virgänger wier. D’Realitéit wier awer eng aner: De Poopst veruerteelt d'Ofdreiwung an ass nach ëmmer dogéint, datt Homosexueller e normale Mariage kënnen agoen. "En ass awer ëmmer ganz kloer doranner, datt doduercher keen däerf ausgegrenzt ginn. Och wann ech net alles guttheeschen, heescht dat awer net datt ech doduercher deen aneren als Mënsch veruerteelen."

Zu Lëtzebuerg: De Wäerteunterrecht

De Bëschofsvikar léisst de Virworf net gëllen, déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg hätt beim modernen Zäitgeescht noginn. Mee et wier awer wouer, datt de politeschen Drock vun der Dräier-Koalitioun grouss gewiescht wier, wéi et drëm gaang ass de Reliounsunterrecht ofzeschafen. Dem Tom Kerger no, wier et awer och eng grouss Chance fir d'Kierch, well de "kateschetesche Volet" am Reliounsunterrecht an de läschte Joerzéngten schonn net méi op éischter Stelle gewiescht wier: "Lo gëtt ee sech méi bewosst, datt mer vläit rëm mussen déi reegelrecht Glawens-Erzéiung a Glawens-Vermëttlung an de Mëttelpunkt stellen."

De Michel Pauly seet d'Kierch misst d'Bildung awer ausserhalb vun der ëffentlecher Schoul maachen. Den Historiker ass der Meenung, datt wann eng Kierch de befreiende Message vu Christus serieux hëlt, se da Schwieregkeeten hätt fir deen an enger staatlecher Schoul ze vermëttelen. Well esou eng Schoul wier och ëmmer en "Zwangsapparat".

De ganzen Dossier vum Christian Welter fir nozelauschteren:

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen