Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Migratioun als Nation Branding?

Statistik

Migratioun als Nation Branding?

Zanter 2005 si méi wéi 200.000 Leit an d'Land komm a ronn 110.000 hu Lëtzebuerg verlooss. Dat huet d'Fondation IDEA an enger Etude erausfonnt. Wat mécht Lëtzebuerg esou attraktiv? Eng Äntwert dorop gëtt et vum Economist Vincent Hein.

auto_stories

5 min

Datt Leit aus Lëtzebuerg fortgi muss net negativ sinn, fënnt de Vincent Hein.

Tëscht 2005 an 2015 ass d'Populatioun zu Lëtzebuerg ëm ronn 30 Prozent gewuess. Dat wier méi, wéi an all anerem Land an Europa, esou de Vincent Hein. D'Awunnerzuel géing geschwënn bei 600.000 leien. A vun deenen hätten der op Zéng Joer gekuckt, 300.000 bougéiert. D'Fondation IDEA war vun dëser Zuel iwwerrascht. Et hätt ee mat manner Leit gerechent, esou de Vincent Hein.

Lëtzebuerg, eng Metropol

Den Taux de mobilité, also de Rapport tëschent de Leit di op Lëtzebuerg kommen an deenen di d'Land verloossen, wier esou héich wéi an deene groussen europäesche Stied, mengt den Economist. "Dee ganze Staat a seng Wirtschaft verhale sech wéi eng Metropol."

D'Konzentratioun vun den Aktivitéite wier dobäi ee wichtege Facteur, deen d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ausmécht. Den Ekonomist schwätzt vun enger "attractivité de caractère métropolitain." Besonnesch als Finanzplaz géing Lëtzebuerg vill Leit unzéien.

Mee sinn do net di grouss Finanzmetropole wéi London, Frankfurt oder Paräis méi intressant? Nee, mengt de Vincent Hein. Lëtzebuerg géing deene Stied a näischt nostoen. "Lëtzebuerg ass ëmmer méi um Radar vun de jonke Leit. Net nëmme vun deenen, déi am Finanzsecteur wëlle Fouss faassen. Och aner Secteure gi méi attraktiv." Als Beispill nennt de Vincent Hein den Déngschtleeschtungs-Secteur a virun allem d'Beräicher Droit a Comptabilitéit. "Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi visibel an interessant, virun allem fir jonker déi hir Carrière ufänken."

Ambassadeure fir Lëtzebuerg

Jonk Leit, déi aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg kommen, géingen dem Vincent Hein no den héchsten Taux vun deenen ausmaachen, déi an d'Land kommen. Donieft géingen och ëmmer méi Studenten a Stagiairen op Lëtzebuerg kommen. Vill vun hinne wieren also nëmmen "de passage" zu Lëtzebuerg. Dowéinst sinn si statistesch och mat deene Leit erfaasst, déi d'Land verloossen.

Doran, datt d'Leit nëmmen eng Zäit zu Lëtzebuerg wunnen, gesäit den Vincent Heint awer kee Problem. Am Géigendeel. Si wieren net zoufälleg op Lëtzebuerg komm. "Dës Leit kënne matmaachen, bei der Nation Branding Strategie," fënnt den Economist. Konkret kéinten si eng Missioun als Ambassadeure fir Lëtzebuerg erfëllen.

Hätten d'Leit, déi aus Lëtzebuerg fort ginn, eng gutt Erfahrung am Land gemaach, kéinten si souzesoe Reklamm fir Lëtzebuerg maachen. "Fir datt si e gutt Bild hunn, mussen si awer gutt opgeholl ginn. Si mussen eppes gebuede kréien." Et wiere scho vill Investissementer an d’Kultur -an Educatiounsinfrastrukture gemaach ginn. De Vincent Hein ass sech sécher: "Investissementer déi d’Liewensqualitéit vun de Leit verbesseren, déi op Lëtzebuerg kommen an erëm ginn, sinn e wichtegen Deel vun der Nation Branding Strategie."

De Problem Logement

Dem Vincent Hein no ginn et eng Rei Grënn firwat d'Leit d’Land verloossen. E groussen Taux géing wéinst der Logements-Situatioun iwwert d'Grenze plënneren. "Si schaffe weiderhin zu Lëtzebuerg, wunnen awer a Frankräich, der Belsch oder Däitschland." Rezent géing et keng nei Etuden iwwert di konkret Grënn ginn, déi d'Residenten dozou motivéiere fir an d’Groussregioun baussent Lëtzebuerg wunnen ze goen.

De Vincent Hein erënnert awer un eng Rei Etuden, déi 2010 an 2011 vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research, kuerz LISER (deemols CEPS/INSTEAD), publizéiert goufen. Déi besoen, datt all Joer 1.500-2.000 Awunner an d’Ausland geplënnert sinn, mee weiderhin zu Lëtzebuerg geschafft hunn.

Den Haaptgrond wier d’Wunnsituatioun gewiescht. Am Ausland hätten si besser a méi präiswäert Méiglechkeete gehat fir un eng Proprietéit ze kommen. "Wann d'Grenz méi wäit ewech wier, kéinte manner Leit dat maachen. De Phänomen ass also un d'Gréisst vu Lëtzebuerg gebonnen."

Et wier e sougenannten effet frontière bei de Präisser vum Logement ze vermierken. Deemno wier d'Wunnen an der Groussregioun baussent Lëtzebuerg méi präiswäert. D'Präisser hätten awer eng Tendenz no uewen, gëtt de Vincent Hein ze bedenken.

An engem Artikel, an deem de Vincent Hein d’Etude vun der Denkfabrik IDEA virstellt, schwätzt hie vu "transfrontaliers atypiques" a schreift:

La hausse du nombre de résidents qui quittent le pays tout en conservant leur emploi est un élément qui doit à ce titre interpeller les décideurs. La politique du logement est peut-être un levier à actionner.

Den Ament géing den Think tank IDEA un enger méi detailléierter Etude iwwert de Logement schaffen, esou de Vincent Hein. D'Resultater sollen am Hierscht während der Semaine du Logement presentéiert ginn.

De schnelle Wuesstem vun der Populatioun géing awer zu Problemer am Trafic féieren, gëtt de Vincent Hein ze bedenken. Dës missten antizipéiert ginn. D'Regierung géing scho vill Investissementer maachen, "mee d’Populatioun huet d'Gefill datt dës Investissementer e bësse spéit kommen", seet den Economist. Problemer mat der Mobilitéit géingen der Wirtschaft schueden. "Dofir brauche mir eng reell, grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht."

Emigratioun

Nieft deenen déi an d'Groussregioun wunne ginn, géinge vill Leit vu Lëtzebuerg fort goen, wann si hir Pensioun hätten. E weideren Deel géing wéinst der Aarbecht an d'Ausland goen, esou de Vincent Hein. Ëmmer méi qualifizéiert Leit hätten eng international Carrière an där si mobil misste sinn. Och déijéineg, déi am Ausland studéiert hätten, géingen dacks net méi zeréck op Lëtzebuerg kommen. Dat wier awer keen typesch Lëtzebuergesche Phänomen, mee Lëtzebuerg géing am internationalen Trend leien.

Paradox wier et awer, datt méi Leit vu Lëtzebuerg fort ginn, wann di wirtschaftlech Situatioun am Land favorabel wier. Dofir wier et awer net schlëmm, datt si fortginn, schliisslech géing et dem Land deen Ament gutt goen, fënnt de Vincent Hein.


D’Etuden iwwert de Logement op déi de Vincent Hein sech bezitt:

Observatoire de l’habitat, Des actifs résidents devenus frontaliers, La Note n°14, Mäerz 2010

Diop L., Luxembourg : les marchés fonciers et immobiliers transfrontaliers à l’épreuve de la métropolisation, Working paper No 2011-48, CEPS/INSTEAD, Oktober 2011

Gerber P. et Lord S., Métropolisation et mobilité résidentielle au Luxembourg : La frontière, catalyseur de périurbanisation et de polarisation sociale ?, Working paper N° 2010-28, CEPS/INSTEAD, September 2010