Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Up Patriots To Arms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofhängegkeet vun engem groussen IT-Konzern?

Educatioun

Ofhängegkeet vun engem groussen IT-Konzern?

De Computer gëtt an der Aarbechtswelt ëmmer méi wichteg. Fir d’Schüler optimal drop virzebereeden, wëll d’Regierung, datt an de Schoule méi mam Computer geschafft gëtt. Dofir ass Material néideg. Zënter dësem Schouljoer kréien d’Lycéeën an d’Grondschoulen eng ganz Rei Produkter vu Microsoft zur Verfügung gestallt. Eng Reklamm fir den amerikanesche Konzern? Sinn d’Donnéeë vu Schüler an Enseignanten bei Microsoft a sécheren Hänn?

Rick Mertens, md

auto_stories

8 min

An der Fräizäit spillt de Computer fir déi meescht Schüler scho laang eng grouss Roll. Mee och an der Schoul gëtt de Computer ëmmer méi wichteg. D’Strategie Digital 4 Education vum Educatiouns-Ministère gesäit vir, datt d’Schoule méi digitaalt Equipement kréien. De Ministère stellt de Primärschoulen an de Lycéeën zënter dësem Schouljoer eng ganz Rei Produite vun der amerikanescher Firma Microsoft zur Verfügung. Schüler an Enseignante kënne sech, zum Beispill, Office-Programmer wéi Word, Excel oder PowerPoint gratis op hir privat Computeren eroflueden. Donieft kënne si OneDrive gratis benotzen, ee Cloud-System, deen et erlaabt, Dokumenter ofzespäicheren an auszetauschen.

Dës nei Méiglechkeete wieren eng “immens Chance”, fënnt de Pierre Petry, deen Informatik-Coursen am Jongelycée um Lampertsbierg gëtt. "Online kënne si ee Word-Dokument simultan an der Grupp beaarbechten, net méi beieneen am Klassesall, mee jiddereen doheem".

"Ofhängegkeet vun enger eenzeger Firma", kritiséiert d'Piratepartei

Net jidderee ka sech allerdéngs fir d’Zesummenaarbecht mat Microsoft begeeschteren. Dorënner d’Piratepartei. Fir de President Sven Clement wier et zwar positiv, wann d’Schüler sech mat Informatik auserneesetzen. Mee: "Et gëtt net 'outside of the box' geduecht. Komm mir erzéien dech zum gudden Office-Aarbechter. Gläichzäiteg gëtt hei op kommerziell Software gesat, wou de Sourcecode net disponibel ass: et kann een net selwer erausfannen, wéi de Programm hannendru fonctionnéiert." An da kritiséiert de jonke Politiker, datt e sech vun enger eenzeger Firma géif ofhängeg maachen. Mat der Ënnerstëtzung vum Staat géif ee Monopol gefestegt ginn, sou de Sven Clement.

Et wier wichteg, datt d’Schüler léiere mat deene Programmer ze schaffen, déi si méi spéit am Beruffsliewe brauchen, kontert den Daniel Weiler, Direkter vum Centre de gestion informatique de l’éducation, dee sech ëm de Projet bekëmmert. D’Offer vu Microsoft kascht de Staat eng 500.000 € d'Joer – dofir kënnen all d'Schüler, d'Enseignanten an och dat administratiivt Personal, souwuel an de Grondschoule wéi och de Lycéeën d'Programmer benotzten. Bis zu 120.000 User, sou den Daniel Weiler. Bis elo hunn eng 20.000 Leit dovu profitéiert.

Eege Systemer gi parallel benotzt

Verschidde Schoule wëllen awer weiderhi mat hiren eegene Systemer schaffen. De Lycée Aline Mayrisch um Geesseknäppche benotzt ee Cloud-System vu Google fir Dokumenter auszetauschen. Dës Offer soll nieft där vu Microsoft genotzt ginn. D’Erfahrung hätt gewisen, datt eegen Initiative vun der Schoul am beschte vun de Schüler akzeptéiert ginn, seet den Direkter vum Lycée Gaston Ternes.

Ähnlech ass d’Situatioun op der Uni Lëtzebuerg. Fir intern ze kommunizéieren a pädagogescht Material auszetausche gëtt op eng aner Plattform wéi déi vu Microsoft zréck gegraff, erkläert de Vize-Recteur Eric Tschirhart. "Moodle ass eng Freeware-Plattform, déi kooperativ entwéckelt ginn ass. Weder d'Studenten nach d'Personal vun der Universitéit si vu Microsoft ofhängeg". De Moment géif den US-Konzern och kee Cloud-System ubidden, deen de pädagogesche Besoine vun der Uni entsprécht, seet den Eric Tschirhart.

Wéi sécher sinn d'Donnéeën op de Server an Holland an Irland?

Nieft der Funktionalitéit stellt sech dann och d’Fro, wéi sécher d’Donnéeë si wa se op engem Cloud-Server vu Microsoft gespäichert ginn. An den Ae vum Sven Clement hätt den Educatiouns-Ministère missten drop bestoen, datt Microsoft all d’Date vu Schüler an Enseignanten op Server lagert, déi hei zu Lëtzebuerg stinn. An net an Holland an an Irland, wéi et elo de Fall ass.

De Vertrieder vum Ministère Daniel Weiler ënnersträicht, datt sensibel Donnéeë wéi perséinlech Informatiounen iwwer d’Schüler, Notten an d’Resultater vum Première-Exame weiderhin op interne Server vum Educatiouns-Ministère géife gelagert ginn. Dofir wiere se net onbedéngt méi sécher. Et hätt ee méiglechen Diskussioune wëllen aus dem Wee goen: “Wann der Borgeld bei Iech doheem lagert, ass dat méi sécher wéi op der Bank? Ech mengen, et ass eng psychologesch Geschicht hannendrun.”

De Kontrakt tëschent dem Educatiounsministère a Microsoft leeft elo iwwer dräi Joer. Duerno muss de Ministère decidéieren, ob d’Zesummenaarbecht mat der amerikanescher Firma verlängert gëtt oder net.