De Camille Gira war uganks beim Mouvement Ecologique aktiv. Säi Wiessel an d'Politik erkläert de laangjärege Member vun déi gréng a fréieren Direkter vun de Rotonden Robert Garcia mam Wëllen, fir politesch Ziler méi séier ëmzesetzen.
"Ecologie salonfäheg gemaach"
Wéi vill anerer hätt de Camille Gira realiséiert, datt déi nei sozial Bewegunge villes net "an där Schnellegkeet an an där Effizienz" kéinten ëmsetzen:
"Besonnesch de Camille, well dee jo eigentlech deen éischte war, deen an enger Responsabilitéit war. Mir waren als Gréng immens laang ëmmer an der Oppositioun. Do konns du all Utopien an der Chamber un d'Mauer molen, wéi s du et wolls. Mee hie war an der Realitéit. An dat ass jo säi geniale Merite, datt hien d'Ecologie salonfäheg gemaach huet. Doduerch datt hie gewisen huet, datt si keng Spanner, déi souwisou nëmme sabbelen an näischt fäerdeg bréngen. An ech mengen, datt vill Leit motivéiert huet, fir aus dem méi sektorielle Wierke vun den neie soziale Bewegungen an eng bëssi méi iwwergräifend Approche ze goen."
Biographien
An de 1970er sinn nei Beweegungen entstanen, déi sech fir eng gerecht Drëtt-Welt-Politik, Fridden tëscht Ost a West oder de Kampf géint d'Atomkraaft agesat hunn.
De Michel Pauly, fréieren Enseignant am Secondaire an duerno Professer op der Uni Lëtzebuerg, ass iwwert de Glawen zum politeschen Engagement komm. Uganks war hien an der Jugendpor aktiv an dunn an der "Aktioun fir de Fridden".
Déi fréier Enseignante Danny Gaasch war 1968 als Austauschschülerin zu Berkeley a Kalifornien an huet do d'Studenterevolt an d'Biergerrechtsbewegung mat erlieft. Duerno ass si am Friddenskomité an am Mouvement de libération des femmes aktiv ginn.
De Robert Garcia war ënnert anerem beim Centre d'Information Tiers Monde vun der ASTM an och bei deene Gréngen aktiv. Als Student wier hien en Anarchist gewiescht. Datt hie sech an den neie soziale Bewegungen engagéiert huet, wier enger Renconter mat engem Paschtouer ("dem eenzege Lëtzebuerger Revolutionär, deen ech jee kenne geléiert hunn") a Brasilien.
Friddleche Protest, mat just deels Succès
D'68er-Bewegung "war ee Männerclub", esou de Robert Garcia. Datt an der Suite d'Fraebewegung entstane wier, hätt bis haut am Fong déi wichtegst gesellschaftlech Changementer mat sech bruecht.
D'Friddensbewegung ass gescheitert, seet d'Danny Gaasch am Réckbléck. A wann een d'Welt vun haut kuckt, misst onbedéngt eng nei Mobiliséierung entstoen, wéi dat 1968 an duerno an den 1980er de Fall war.
Dee gréisste Merite vun den neie soziale Bewegungen ass dem Michel Pauly no, datt d'Dogmatismen an alle gesellschaftleche Beräicher a Fro gestallt goufen. Eng nei Geloossenheet wier doduerch entstanen.
Éischt vun dräi Table ronden
Am Kader vum Réckbleck op 50 Joer Mee 68 organiséieren de Radio 100,7 an d'Wochenzeitung woxx dräi Ronndëschgespréicher ënnert dem Motto "The times, they are a'changing! Mee '68 an duerno". Déi éischt Table ronde gouf moderéiert vum Renée Wagener a vum Pia Oppel.
An der nächster Emissioun de 17. Juni geet et ëm den Impakt vu Mee '68 op dat Lëtzebuerger Schoulwiesen.