Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Medien: Pluralismus a Verännerung

Diskussiounsronn

Medien: Pluralismus a Verännerung

"Mediepluralismus – quo vadis?" Eng Äntwert op déi Fro gouf e Méindeg an de Rotonden am Kader vu "public forum" gesicht. Awer net nëmmen: Ët gouf och vill iwwer déi digital Defien diskutéiert vun enger Mediëlandschaft am Wandel.

auto_stories

9 min

"Mediepluralismus – quo vadis?" war d'Diskussiounsronn vun der Zäitschrëft "forum" iwwerschriwwen

Wien ee Bild vun der Lëtzebuerger Mediëlandschaft virun sech huet, deem fält op, datt et, am Verhältnis zur Gréisst vum Land, hei vill Dageszeitunge ginn, sechs sinn et der am Ganzen. Dës Situatioun ass bekanntlech ënner anerem op déi staatlech Pressehëllef zréckzeféieren.

Grondsätzlech bedeit vill Auswiel am Zeitungsbuttek awer net, datt d'Lëtzebuerg eng besonnesch pluralistesch Mediëlandschaft hätt, dat weist och d'Etude iwwer de Mediepluralismus an Europa déi viru Kuerzen erauskomm ass. De Lëtzebuerger Zeitungsmaart ass dominéiert vun zwee Gruppen, Editpress a Saint-Paul, bei den audiovisuelle Medien huet RTL an deem Sënn d'Nues vir. Lëtzebuerg gehéiert domat zu den am meeschte konzentréierte Mediëmärt an Europa, soen d'Auteure vun där Etude, déi och Verbesserungsvirschléi maachen.

"Och am Wort méi wéi just eng Meenung"

An der Diskussiounsronn déi d'Zäitschrëft "forum" organiséiert hat, ass séier kloer ginn, datt dës héich Konzentratioun net als gréisste Problem vun der Lëtzebuerger Medielandschaft ugesi gëtt. Fir de Paul Peckels, Generaldirekter vum Grupp Saint-Paul a neie President vum Presserot ass et méi wichteg, datt d'Medien u sech e Meenungspluralismus bidden: "Ech kann ee lo ee laangen Historique maachen iwwer Parteipolitik an Ideologie, mee ech mengen, datt d'Grief tëscht den eenzelnen Haiser sech lues a lues egaliséieren. Och am Wort fënnt een an der Tëschenzäit méi Meenunge wéi just eng eenzeg".

Ee Manktem u Vilfalt géif et an der Lëtzebuerger Mediëlandschaft awer ginn, an zwar wat d'Sproochen um Radio ugeet. Och dat geet zum Deel aus der Etude iwwer de Mediepluralismus an Europa ervir. D'100,7-Journalistin Mick Entringer fënnt, datt grad den 100,7 do eng wichteg Roll ze spillen hätt als ëffentlech-rechtleche Radio. "De radio 100,7 deckt theoretesch just nach d'Hallschent vun der Bevëlkerung of, a faktesch natierlech nach vill manner". Hirer Meenung no misst ëffentlech-rechtleche Programm och enges Daags op franséisch oder op englesch diffuséiert ginn.

Sproochen: Ee méigleche "Business case"

De Jean-Paul Zens ass Direkter vum staatleche Service des médias, deen ënner anerem fir d'Verdeele vun der Pressehëllef zoustänneg ass, grad wéi fir d'Ausschreiwe vun de Frequenzen. De Jean-Paul Zens ass doriwwer eraus och Regierungskommissär bei der CLT-Ufa, dem Mammenhaus vun RTL. Och hie gesäit an der Sproochevielfalt een Thema, ass awer der Meenung, datt dee net alleng vum Staat soll ugaange ginn.

Senger Meenung no sollt de Staat net iwwerall agräifen a bezuele wou et ee Besoin gëtt, zum Beispill dee vun de Sproochen. "Wann eng Communautéit do ass, déi grouss genuch ass, dat gëtt et ee Business case, dat soen ech bewosst, wëssend datt dat net jidderengem gefält", sou de Jean-Paul Zens. Vu datt "alles iwwer Werbung finanzéiert gëtt", géif ee méigleche Projet dorun hänken, datt dann och "spezifesch Werbung fir déi Leit géif" gemaach ginn.

"Online dat eenzegt wat eis nach ka retten"

Méi ee grousst Thema an der Diskussiounsronn war awer d'Zukunft vun de Lëtzebuerger Medienhaiser am Hibléck op aner gemeinsam Erausfuerderungen, zum Beispill déi, déi un der Digitaliséierung hänken. Bekannt ass, datt am Kader vun der Reform vun der staatlecher Pressehëllef an Zukunft och den Online-Contenu soll agerechent ginn.

Fir de Richard Graf vun der Wochenzeitung Woxx ass et wichteg, datt an deem Kontext den Online-Beräich net géint aner Supporten ausgespillt gëtt. All d'Lëtzebuerger Haiser géife mat verschidde Medie schaffe fir hire Contenu un d'Lieser, Nolauschterer oder Spectateure weiderzeginn. "Den Online-Beräich wäert fir eis all dat eenzegt si wat eis nach ka retten", sou de Woxx-Journalist. Dofir fënnt hien et net gutt , wa lo géif dru geduecht gi fir "een Deppe fir Online" opzemaachen, an doduerch déi klassesch (Print)Medien op déi eng oder aner Manéier méi schlecht géif ewech kommen.

"Medien hunn eng sozial a politesch edukativ Aufgab"

D'Vetrieder vun de Medienhaiser an der Ronn waren sech awer och eens, datt d'Online- a sozial Medien de Beruff vum Journalist verännert hunn. Den Zäitdrock gëtt méi héich, d'Aarbechtsofleef änneren sech, den eegenen Usproch un d'Qualitéit bleift awer. "Usprochsvolle Journalismus huet mat Recherche, kriteschem Hannerfroen, zouverlässeger Informatioun a Quelleiwwerpréifung ze dinn, mee och mat Reflexioun, an dat ass eppes wat ëmmer méi ze kuerz kënnt", sot dozou d'100,7-Journalistin Mick Entringer.

Den André Hoffmann, fréieren Députéierte vun déi Lénk, war an d'Ronn ageluede fir iwwer d'Publikatioun "Paroles" ze schwätzen, eng Publikatioun déi aus der lénker politescher Beweegung ervirgaangen ass, a vun Enn de 90er Joeren un siwe Mol erauskomm ass. Hien ass iwwerzeegt, datt d'Geschicht vun engem Medium ëmmer mat engem politesch Motiv ze dinn huet. Doriwwer eraus ass hien der Meenung, datt d'Medien och eng edukativ Missioun hunn. "Medien hunn eng sozial a politesch edukativ Aufgab, an ech froe mech ob do d'Ënnerstëtzung vun der Politik grouss genuch ass", sou seng Ausso.

Wéi ee Publikum fir d'Zukunft?

Eng vun de wuel gréissten Erausfuerderungen ass ganz zum Schluss vun der Ronn zur Sprooch komm, nämlech déi vum zukënftege Publikum. D'Judith Reicherzer huet als Journalistin fir déi däitsch "Die Zeit" a "Süddeutsche Zeitung" geschafft, ier si am Stater Lycée Aline Mayrisch ee Medien-Team mat opgebaut huet. Haut gëllt de Lycée als Virreider am Beräich vun der Medienpädagogik. An der Aarbecht mat de Schüler gëtt och kloer, datt d'Medielandschaft als Ganzt sech ännert. "Mir hunn et mat enger ganz neier Generatioun vu Jonken ze dinn, déi sech aus der analoger an der digitaler Welt dat Bescht eraussichen, a ganz selbstverständlech tëscht den zwou Welten hin an hier wiesselen".

D'Enseignantë selwer hu sech entscheed ze reagéiere mat engem, wéi d'Judith Reicherzer seet, "kriteschen Optimismus". "Mir hunn eis einfach gesot: Si hunn all Smartphonen, d'Elteren och a mir och, mir ginn do net zréck. Mee mir versichen awer, hinnen ee Wee duerch déi nei Welt ze weisen deen si op d'Chancen opmierksam mécht déi et gëtt, mee si och virun de méigleche Risike schützt".

Fir de fréiere Journalist, Pierre Lorang, deen den Owend moderéiert huet, war et eng Conclusioun op algriichesch: Panta rei, ofgekierzt fir "Alles fléisst a näischt bleift".