Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch a seng Rechter

Marc Fischbach

De Mënsch a seng Rechter

Jurist vu Formatioun, Politiker, Minister, Riichter, Ombudsmann - de Marc Fischbach huet eng gutt gefëllte Carrière hannert sech. An hien ass nach ëmmer matzen dran. Den 22. Februar feiert hie säi 70. Gebuertsdag. De Jay Schiltz hat mam fréiere Politiker Rendez-vous.

Yves Stephany

auto_stories

3 min

 

Schonn als Kand hätt hien eng sozial Oder gehat. De Choix fir bei d'CSV ze goen, schreift de Marc Fischbach virun allem dem Afloss vu sengem Papp zou: "Ech mengen, ech wollt allen Diskussiounen aus dem Wee goen."

"Brav Jongen"

1979 gouf hien Deputéierten an der Chamber an am Europaparlament. D'Ambiance zu där Zäit beschreift de Marc Fischbach als sou beräicherend, datt se seng spéider Carrière zu groussen Deeler determinéiert hätt. Als jonke Fraktiounssekretär huet hien d'Wahle vun 1974 mat verluer. Duerno hätt hie mam Pierre Werner d'Zäit an der Oppositioun duerchgestan. "Dat war eng Opbrochsstëmmung deemools, dat war eng Chance, déi d'CSV hat fir sech z'erneieren."

Him wär awer bei de Motioune vu verschiddenen CSV-Deputéierten och mol d'Héngerhaut ausgaang. "Dat ass net vergläichbar mat deem, wat Leit wéi Wiseler oder Spautz haut maachen. Dat si brav Jongen par Rapport zu deem, wat deemools alles passéiert ass."

Intern wär an de 70er Joere méi geschafft a geplangt ginn, wéi haut. Elo, wou een direkt misst reagéieren, wär dacks keng Zäit fir sech nei kënnen ze positionéieren.

Affär Bommeleeër

1984 ass de Marc Fischbach Arméi-Minister ginn. Dat Joer drop huet eng Serie Attentater mat Sprengstoff d'Land an Opreegung versat. "Ech hu ganz laang Nuechte verbruecht, déi ech net vergiessen." Hie géif et nach ëmmer erschreckend fannen, datt esou eppes an engem Land méiglech war, wou jidderee jidderee kennt.

Als een, deen deemools politesch Responsabilitéit hat, huet hie sech ohnmächteg gefillt. "Mir sinn ëmmer dovun ausgaangen, datt do serieux enquêtéiert géif ginn. Dat war jo net de Fall. Do ware jo Leit um Wierk, déi méi Interessen haten, d'Spuren ze verwëschen, wéi de Spuren nozegoen." Vun der Gendarmerie wär hien am Donkele gelooss ginn.

De Marc Fischbach gleeft net drun, datt d'Bommeleeër-Affär wäert opgekläert ginn. Als Konsequenz aus der Affär misst d'Organisatioun an d'Hierarchie vun der Police senger Meenung no iwwerduecht ginn. Déi nei Besetzung an der Inspektioun begréisst de Marc Fischbach.

Éischten Ombudsmann

No senger politescher Carrière goung de Marc Fischbach 1998 als Riichter un europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter. 2004 gouf hien zum éischten Ombudsmann zu Lëtzebuerg.

Dës Aufgab bezeechent de fréiere Politker als Summum vu senger Carrière. "Well et eng Uspriechstell ass, déi - lassgeléist vun allen ideologeschen Interessen -  an der Lag ass, an aller Onofhängegkeet an Objektivitéit iwwert déi eigentlech Froen a Problemer ze befannen, déi d'Leit bewegen."

Am Gespréich mam Jay Schiltz vum 24. Januar schwätzt de Marc Fischbach och iwwer seng Jugend, iwwer säi Papp, de Marcel Fischbach, iwwer déi néng verschidde Ressorten, an deenen hien als Minister aktiv war, an iwwer seng juristesch Carrière.