Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Portugisen zu Lëtzebuerg

Migratioun

Portugisen zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass e Migratiounsland an d'Portugise sinn déi gréissten auslännesch Communautéit. D’Uni Lëtzebuerg hat eng akademesch Konferenz organiséiert, fir méi iwwert déi verschidde Facetten vun der portugisescher Migratioun zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn.

Pierre Reyland / ys

auto_stories

4 min

Den Thierry Hinger, dee selwer op der Uni Lëtzebuerg eng Dokteraarbecht iwwert d'Thema Migratioun mécht, hat d’Iddi zu der Konferenz. Hie wollt Fuerscher fir en akademeschen Austausch zesummebréngen. Mee dem Publikum d’Geleeënheet ginn, méi iwwert de Phenomen vun de portugisescher Migratioun zu Lëtzebuerg ze léieren. 16% vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung wäre Portugisen. "Dat ass ee Sujet, dee wichteg ass erfuerscht ze ginn, fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft besser ze verstoen."

D’Stéphanie Barros Coimbra vun der Uni Lëtzebuerg ënnersicht d’Relatiounen tëscht der zweeter Generatioun vu Portugisen, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, an hiren Elteren. An huet festgestallt, datt et relativ vill emotional Konflikter géif ginn. D'Leit wéissten heiansdo net, wéi si mat hiren Eltere sollen ëmgoen. "Déi familiär Obligatioune sinn anscheinend vill méi staark an där portugisescher Kultur, wéi an der lëtzebuergescher."

D'App an der portugisescher Famill

Och d’Isabelle Albert erfuerscht déi méi psychologesch an emotional Aspekter vum klassesche portugisesche Famillje-Bild. Fir d’Familljen aktiv mat an d’Erzielung an d’Gestaltung vun hirer Migratiouns-Geschicht zu Lëtzebuerg anzebannen, setzt si digital Technologien an. Eng App um Handy zum Beispill, mat där déi Betraffen sech selwer kënnen ophuelen a filmen. D’Resultater solle spéider als perséinlech an historesch Migratioun’s-Temoignagen an engen ëffentlechen Archiv gesammelt

"Esou eng App op engem Handy ass e Mëttel fir ganz no bei d'Familljen, bis an hiert Haus an an hiert Liewen ze kommen. An do een Abléck ze kréien, ouni do ze sinn. Ouni iergend eng Kontroll ze hunn. Villäicht kënne mir sou eppes Neits gesinn. Eppes wat een net an de Statistike fënnt. Villäicht kënne mir sou hannert den nationale Stereotyp vun der Harmonie an der portugisescher Famill kucken, an eis iwwerrasche loossen."

Portugisesch Realitéit op Lëtzebuerger Buedem

Déi éischt Generatioun vu Portugise koumen an de 60er a 70er Joeren op Lëtzebuerg. De Custódio Portásio ass Beroder vun der portugisescher Regierung zum Thema Migratioun, a Member vun der Integratiouns-Kommissioun vun der Stad Lëtzebuerg. Hie seet, wann ee bei him am Quartier zu Bouneweg ee Portugis géif froen, ob hie gutt integréiert wär, wär d'Äntwert "Jo". "Ech si bestuet, ech ginn an d'Metzlerei vum Här José an niewendrun an d'Patisserie. Hie fillt sech inegréiert. Mee ass dat eng Integratioun? Hie lieft um Bord vun der Gesellschaft. An engem Milieu, wou hien op lëtzebuergeschem Buedem seng portugisesch Realitéit recrééiert huet." A Wierklechkeet géif et also keng richteg sozial Integratioun ginn.

Ganz anescht ass d’Erfahrung vun deenen, déi zwar e portugisesche Migratiouns-Hannergrond hunn, awer sech net méi un iergend eng Nationalitéit gebonne fillen. Eng Portugisin vun der zweeter Generatioun, déi zu Lëtzebuerg gebuer ass an als Konferenzdolmetscherin schafft, erkläert, si géif sech als Europäerin fillen, a wéilt sech keng Etikett oppechen: "Eigentlech ass dat och ganz egal."

Seng Plaz an der Gesellschaft fannen

D’Migratioun tëscht Portugal a Lëtzebuerg ass och net eriwwer. Si wär ëmmer viru gaangen, seet d’Aline Schiltz, déi hir Dokteraarbecht iwwert d’portugisesch Emigratioun 2013 op der Uni Lëtzebuerg fäerdeg gemaach huet. Elo analyséiert si déi nei Well vun Emigratioun aus Portugal, déi ënner anerem vun der Finanz- a Wirtschaftskris verstäerkt gouf.

"Do ass Lëtzebuerg eent vun den neien, ale Länner. Et si ganz vill Leit an de Joeren 2010 bis 2013 komm. An dat huet vill nei Problemer mat sech bruecht." Och sozial  Problemer zwëschent deene verschiddene Communautéiten, déi bannent där grousser, portugisescher Communautéit géifen existéieren. Den Aarbechtsmaart wär mëttlerweil och zu Lëtzebuerg méi kleng, an et wär schwéier eng Plaz an der Gesellschaft ze fannen, esou d'Aline Schiltz.

Op der Uni Lëtzebuerg lafen den Ament iwwer 30 Doktorat- a Post-Doktorats Projeten iwwert de Sujet Migratioun an Integratioun. Dobäi spillen d’Sproochen zu Lëtzebuerg eng determinant Roll, mengt nach de Custódio Portásio vun der Stater Integratiouns-Kommissioun. "Wann een decidéiert fir sech an dësem Land z'integréieren, schéngt d'Léiere vun der Sprooch deen éischte Critère fir eng reusséiert Integratioun ze sinn."