Radioen

On air

Tockcity  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Villsproochegkeet am Wandel

Zäithistorikerin

Lëtzebuerger Villsproochegkeet am Wandel

Am éischten Deel vun hirer Geschicht vun der Villsproochegkeet zu Lëtzebuerg huet d'Renée Wagener de Stellewäert vun den dräi Landessproochen a Politik a Verwaltung beliicht. Am zweeten Deel geet d’Zäithistorikerin drop an, wéi Gewerkschaften, Kultur an Zivilgesellschaft mat där Erausfuerderung ëmgaang sinn.

auto_stories

13 min

​Kennt Dir dat? Dir sitt op en Iessen invitéiert, wou de Gros vun de Leit eng Sprooch schwätzt, déi Iech net geleefeg ass. Ëmmer mol nees mécht een en Effort fir Iech d’Pointe vun engem Witz ze erklären, awer iergendwa sitt Dir aus dem Gespréich eraus. Et ass ee Grond, firwat zu Lëtzebuerg d’Leit oft zécken, Leit vu verschiddene Sprooche matenaner ze invitéieren. Méisproochegkeet ass ustrengend.

Dee Phenomen vu sproochlecher Exklusivitéit an Exklusiounsgefiller gëtt et och am ëffentleche Raum. Virun e puer Joer wor ech op der belscher Plage a wollt mer eng Ausstellung ukucken. Obwuel et ëm e Schrëftsteller goung, dee francophone wor, wor d’Expo op flamännesch gehalen. Ech ka mech erënneren, datt ech deemols zimmlech schockéiert wor, datt et keng Iwwersetzung aus dem Flammännesche gouf. A Flandere gëtt jo net nëmmen eng anti-frankophon Politik bedriwwen, als Reaktioun op eng offiziell federal Politik, déi laang Zäit dat Franséischt oktroyéiert huet, mee och eng pro-flammännesch Politik, déi dann och alt op d’Käschte vun der internationaler Kommunikatioun geet.

Sprooch kann och Distanz schafen

Kann een d’Propagéierung vum Lëtzebuergeschen hei am Land als en ähnleche Phänomen gesinn? Ech mengen net, well d’Ausgangsbasis eng aner ass, och wann d’Sproochendiskussiounen een heinsdo dorun erënnern. An der Belsch an och anere méisproochege Länner sinn di verschidde Sproochen dacks un eng Regioun gebonnen, och wann zugläich och sozial oder politesch Aspekter matspillen. Zu Lëtzebuerg dogéint gëtt et dee Phenomen vu verschiddene Sproochegéigenden zënter 1839 kaum méi. Hei am Land wor zënterhir de Sproochgebrauch u verschidde gesellschaftlech Funktioune vun de Sprooche gebonnen, en huet och déi sozial Distanz tëscht Bourgeoisie a Proletariat gewisen.

Zënter dem Ufank vum 20. Joerhonnert gouf dat “Lëtzebuerger Däitsch” awer iwwert eng mëndlech Alldagssprooch eraus als Ausdrock vun engem Lëtzebuerger Nationalgefill betount. D’Zesummespill tëscht Houdäitsch a Lëtzebuerger Platt, wéi et dacks tëscht Héichsprooch an Dialekt ze fannen ass, gouf domat gebrach an domat och déi al Rolleverdeelung vun de Sproochen ëmmer méi a Fro gestallt.

Zugläich gouf et mat der Immigratioun eng Weiderentwécklung vun der Méisproochegkeet. Mat der Aarbechtsimmigratioun am 19. an 20. Joerhonnert, a mat der geographescher Mobilitéit vun den Agesiessenen koum och méi eng breed Sproochvariatioun. Sou huet sech d’Aarbechterbewegung am Ufank beméiht, och italienesch Aarbechter unzeschwätzen. An der sozialdemokratescher Zeitung “Der Arme Teufel” gouf et zum Beispill um Ufank vum 20. Joerhonnrt eng “Pagina dei fratelli italiani”. Mee och déi Lëtzebuerger Aarbechter, Handwierker an Déngschtmeedercher, déi vu Lëtzebuerg aus an d’Groussregioun oder suguer op Paräis oder Bréissel schaffe goungen, hu sech duerchaus dat Franséischt ugeeegent.

Mol Däitsch, Mol Franséisch

Och am kulturelle Beräich gëtt et Beispiller vun der Villsproochegkeet. De Lidderfuerscher Mathias Thill huet an den Drëssegerjoren eng Sammlung vu Lidder erausbruecht, déi an den Uertschafte gesonge goufen. Dofir ass hien an d’Dierfer gaang an huet sech vun de Leit Lidder virsange gelooss. A sengem Buch “Singendes Volk” huet hie festgestallt: “Ein spezifischluxemburgisches’ Lied inbezug auf Dichtung und Musik feststellen zu wollen, dürfte in den meisten Fällen ein vergebliches Unterfangen sein.” Déi meeschte Lidder wieren op Däitsch gesonge ginn, heiansdo och op Franséisch. Eng Rei Lidder wieren awer op Lëtzebuergesch iwwersat an dem regionale Kontext ugepasst ginn.

Hien huet och dat festgestallt, wat d’Sproochewëssenschaftlerin Simone Mortini dëslescht hei op der Antenn als “translanguaging” bezeechent huet: “Unser Volk liebt es, die schriftdeutsche Fassung bestimmter Lieder gelegentlich mit mundartlichen und sogar französischen Versen zu durchsetzen.” E schéint Beispill ass “Auf Freiersfüssen”, dat sou ufänkt: “Wollt ihr hören ein neues Lied und das zu Hiefneg ist geschieht, vun engem Jonggesellen, deen so’ gär verheiroot wir, e wosst sech net zu stellen.”

Méi a méi ass am 20. Joerhonnert awer d’Betounung op dat Lëtzebuergescht geluecht a verlaangt ginn, datt déi, di vu bausse koumen, sech d’Lëtzebuergescht missten uneegnen. Am Schrëftlechen koum Lëtzebuergesch dogéint, ofgesi vun de Joeren nom Zweete Weltkrich, virun den Achtzegerjoren wéineg zu Éiren. Et ass réischt zënterhier, wou sech dat schrëftlecht Lëtzebuergesch ëmmer méi verbreet, an dach hält et sech a Grenzen, mat Ausnahm vun der Literatur.

Dat huet vläicht och domat ze dinn, datt et nach ëmmer keng besonnesch gefestegt Sprooch ass. Wéi heescht et richteg: Villsproochegkeet, Multilinguismus oder Multilingualismus? Ass et Pobeier oder Pabeier? Eng Seejomes oder eng Jeejomes oder eng Sejermes? Et ass vläicht keen Zoufall, datt vu verschiddene Säite vill no Schwätz- an Héierkompetenz am Lëtzebuergeschen geruff gëtt, mee wäit manner no Schrëftkompetenz, well déi fällt och deene schwéier, deenen hir Mammesprooch Lëtzebuergesch ass.

Wie schwätzt hei mat wiem?

Wat sech och weider hält, ass eng gewësse Kompartimentéierung vum Sproochgebrauch zu Lëtzebuerg. Wann zum Beispill gewousst ass, datt ech Lëtzebuergesch Mammesproochlerin sinn, a wann ech mech un e majoritär lëtzebuergesche Public wennen, wéi lo grad, gëtt vu mer erwaart, datt ech Lëtzebuergesch schwätzen. Aber wieso eigentlich? Wo ist das Problem, wenn ich mich auf Deutsch ausdrücke? Und wieso sollte ich davon ausgehen, dass von jenen, die diese Radiostation hören, die meisten nicht auch Deutsch verstehen? Oder FranzösischUmgekehrt gibt es ja auch viele, die entweder gar kein Luxemburgisch verstehen, oder besser Deutsch oder Französisch verstehen.

Et le pourcentage de ceux et celles dont les familles ne sont pas ou seulement en partie originaires du Luxembourg, va en augmentant. Pourtant le Luxembourgeois est en train de se propager. Comme nous l’avons vu la semaine passée, cela tient, en partie à la politique officielle, mais pas seulement. Dans les réseaux sociaux, la campagne des gens qui veulent commander leur croissant en luxembourgeois a trouvé un succès considérable, bien qu’ils aient appris en deuxième année scolaire comment le faire en français.

Och d’Medie spillen eng wichteg Roll an der Sproochepolitik, an och hei stellt een déi Kompartimentéierung fest. Ee gutt Beispill sinn déi Lëtzebuerger Radioen. Di zwou gréisst Radiostatiounen weisen sech kloer als Lëtzebuergesch-sproocheg aus, och wann Invitéeën heinasdo aner Sprooche schwätzen oder wann Extraitën och op Däitsch a Franséisch bruecht ginn. Op där Frequenz, déi der grad lauchtert, gëtt et awer eng Reih Sendungen, déi ganz op Däitsch oder Franséisch oflafen. Da gëtt et zënter Neiem e franséisch-sproochege Radio, an de Radio Latina ass zu enger bal reng portugiesesch-sproocheger Statioun ginn. Am gemëschsten ass paradoxerweis dee klenge Radio Ara.

Och déi vill Veräiner hunn eng Sproochepolitik, woubäi sech awer an hire schrëftlechen Organer oft eng Méisproochegkeet weist. Interessant ass do de Bulletin vun der “Société des naturalistes luxembourgeois”, deen zënter 100 Joer eraus kënnt. Bis den Zweete Weltkrich wor dat Däitscht do méi staark vertrueden, duerno gouf eng Zäit virun allem Franséisch geschriwwen. Spéitstens zënter dem Ufank vun eisem Joerhonnert halen Däitsch a Franséisch sech d’Wo, dobäikomm ass awer Englesch. Lëtzebuergesch fënnt een hei keent, et pour cause, well et geet jo och drëm, an enger internationaler Fuerschungs-Communautéit gelies ze ginn.

Déi Méisproochegkeet fënnt een an de meeschte Lëtzebuerger Publikatiounen erëm, mat awer all Kéiers eegene Choixen, déi suwuel eppes mat deenen, déi schreiwen, ze dinn hunn, wéi och eppes mam viséierten Publikum. Ech hu mol den Exercice gemaach, an eng Zäit laang déi Publikatioune gesammelt, déi sech a menger Bréifboîte erëmfannen oder déi ech iwwer Mail kréien. Do gëtt et praktesch orientéiert Blieder, wéi déi vun Enovos oder Valorlux, déi komplett zweesproocheg sinn. Den Hëllefsorganisatiounen hir Blieder sinn och zweesproocheg, oder si bréngen suwuel däitsch wéi franséisch Beiträg.

Sprooche-Mix an der Bréifkëscht

Zäitschrëften, déi Migratioun zum Thema hunn, sinn zum groussen Deel op Franséisch, während Ëmweltorganisatiounen zimlech däitschlasteg sinn, wa se net grad op Lëtzebuergesch schreiwen. Interessant ass grad beim leschten Thema, datt nei Gruppéirungen, déi och quasi nëmmen op Internet optrieden, dogéint oft zweesproocheg franséisch an englesch sinn. Hei kann een deduzéieren, datt déi eng wëllen en traditionellen, vläicht och eelere Lëtzebuerger Public uschwätzen, während déi aner sech éischter u jonk kosmopolitesch orientéiert Leit vu verschiddenen Nationalitéite riichten.

Eng Velos-Organisatioun publizéiert dogéint op Däitsch a Franséisch, a wann et ëm d’Wurscht geet, also bei wichtege Revendikatiounen, suguer op Englesch. Eng Gewerkschaftszeitung ass gréisstendeels op Däitsch geschriwwen, eng aner mëscht däitsch a franséisch Artikelen a bréngt den Edito an zwou Sproochen. Et fällt op, datt Englesch an ëmmer méi Publikatiounen eng Plaz fënnt, souguer a menger Quartierszeitung.

Fazit: Der Villsproochegkeet geet et gutt, awer se verännert sech. Ob ëmmer déi richteg Sprooche gewielt ginn, fir souwäit et geet, demokratesch Usprëch ze erfëllen a jidderee mat anzebezéien, ass eng aner Saach. Meng Hoffnung ass, datt sech di jonk Generatiounen zu Lëtzebuerg manner schwéier dinn, fir vun enger vun eise Sproochen an di aner ze wiesselen, an domat déi Exklusiounsmechanismen, déi oft mam Sproochgebrauch verbonne sinn, Schach-Matt setzen.