Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Planzejeeër a Latäinamerika

Ausstellung am Naturmusée

Lëtzebuerger Planzejeeër a Latäinamerika

Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert war en Auswanderungsland. Déi meescht Lëtzebuerger Migrante sichen hiert Gléck an Nordamerika: 40.000 Leit, praktesch all véierten Awunner! D’Ausstellung “Orchidées, cacao et colibris. Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine” am Naturmusée beschäftegt sech mat engem Aspekt vun der demografesch méi limitéierter Emigratioun a Latäinamerika.

Kerstin Thalau / md

auto_stories

3 min

Edouard-Pierre Luja, Lëtzebuerger Planzejeeër a Latäinamerika

A véier Wellen, tëschent 1828 an 1892, wandere Lëtzebuerger a Süd-Brasilien, Guatemala an Argentinien aus. Eng 5.000 Mënschen, dacks Klengbaueren an Handwierker ouni berufflech Perspektiven hei am Land, grënne déisäit vum Atlantik Siidlungen. Dës Communautéite stierwen awer séier aus, wéinst dem Klima, der Verbreedung vun tropesche Krankheeten oder well d’Lag schlecht ausgesicht ass.

Nieft dem Handwierk ass et dann och d’Opbléie vun de Lëtzebuerger Explorateuren a Latäinamerika. Ënnert hinnen huet “deen een oder deen aneren Zougank zu Fuerschungs- a Prospektiounsaktivitéiten”, sou de Claude Wey, Commissaire vun der Ausstellung am Naturmusée. Ëm 1890 interesséiere sech eng 1.000 Lëtzebuerger fir dat räicht Agrarland Argentinien. Op Initiative vun engem ausgewanderte Pater engagéiert ee Groussgrondbesëtzer eng 400 Piechter vu Lëtzebuerg.

De "Steinsucher" Becker an den Ethnolog Conzemius

D’Siidlung vu San Antonio de Eraola ass e Fiasko! De jonke Robert Becker war dobäi. “Nodeems dat ‘Lëtzebuerger Duerf’ an der argentinescher Pampa opgeléist gouf, decidéiert hie ‘Steinsucher’ ze ginn”, erkläert de Claude Wey. “De Becker versicht säi Gléck bei Prospektioune vun Hallef-Edelsteng, fir d’éischt am Norde vun Argentinien, spéiderhin a Brasilien, an der Provënz Bahia”.

Den Edouard Conzemius, 1892 zu Mäerzeg gebuer an 1931 a Papua-Neiguinea gestuerwen, war Ethnolog. Am Alter vun net emol 18 Joer war hien op Chicago ausgewandert. Sechs Joer drop hat hie fir eng US-amerikanesch Bank am Honduras geschafft, ier hien, zesumme mat Miskito-Indianer, Mahagoniholz exploitéiert hat. “Mat de Miskito-Indianer entdeckt hie säin Interessi fir d’Ethnologie. 1922 publizéiert de Conzemius an Europa seng ethnografesch Beschreiwungen”.

Wahrscheinlech huet den Edouard Conzemius sech op enger Ozeanien-Exploratioun mat Malaria infizéiert an ass dorunner gestuerwen. D'Publikatioun vu sengem Haaptwierk duerch d'Smithsonian Institution vu Washington konnt hien net méi erliewen.

Lauschtert den éischten Deel vum Kerstin Thalau senger Serie rondrëm d’Ausstellung “Naturalistes et chasseurs de plantes luxembourgeois en Amérique latine”:

Huet de Bäitrag Iech gefall? Lauschtert de Rescht vun der Serie. An den Deeler zwee an dräi geet et ëm de Biolog Edouard-Pierre Luja:

Am véierten an am fënneften Deel gidd Dir méi iwwert den erfollegräichen Tandem Nicolas Funck a Jean Linden gewuer: