Nei Technologien Kritt Lëtzebuerg e Silicon Valley?

Lëtzebuerg soll e Laboratoire fir Zukunftstechnologië ginn. Dat seet d'Staatssekretärin Francine Closener no enger Visite a Kalifornien. Um Rouscht soll e Silicon Valley entstoen. Viséiert ass besonnesch den Automobilsecteur.

André Duebbers / cwi

Autonomen Auto
Autoen ouni Chauffeur sollen zu Lëtzebuerg getest ginn. Foto: Bigstock

D’Entwécklung a Saache Mobilitéit wiere rasant, esou d’Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. D'Francine Closener war viru kuerzem op Aarbechtsvisite am Silicon Valley a Kalifornien. Besonnesch an de Beräicher Trafic-Management, Elektromobilitéit an an dem Fueren ouni Chauffer wieren d'Fortschrëtter enorm.

Och Lëtzebuerg hätt an deene Beräicher vill Potential, mengt d'Staatssekretärin. D'Regierung hätt zum Beispill vill an d'Informatik an den ICT investéiert. "Mir hunn eng héich Vernetzung a ganz gutt Daten-Zenteren." Donieft hätt Lëtzebuerg vill Kompetenzen am Automobilsecteur. D'Francine Closener betount, et wier een am Gaang um Rouscht ee grousse Campus opzebauen. "Do sollen déi grouss Playeren am Beräich vun der Recherche zesumme schaffen." Donieft solle sech Start-Upen op deem Campus installéieren.

Een Testfeld fir Autoen ouni Chauffeur?

Lëtzebuerg léich geo-strategesch gutt tëscht Frankräich an Däitschland an dat wiere Länner mat groussen Automobilproduktiounen, betount d'LSAP-Politikerin. De Grand-Duché wier een ideaalt Testfeld, zum Beispill fir Autoen ze testen, déi ouni Chauffeur fueren. Op kuerzen Distanzen hätt ee Stad- a Landstroossen an Autobunne fir all méiglech Situatioune kënnen ze simuléieren. "D'Betriber am Silicon Valley hunn eis um Radar fir wa si an Europa méi aktiv wëlle ginn." D'Regierung wéilt enk mam Privatsecteur zesumme schaffen, betount d'Francine Closener.

Besonnech Automobilesentreprisen

De Silicon Valley um Rouscht soll der Staatssekretärin no geschwë Realitéit ginn. Entreprisë vum Automobilecluster "Luxembourg Automotive Components", wéi "Delphi" an "IEE" sollen do eng Zort Testlaboratoire kréien."Da kucke mir, ob mir eng Teststreck kënnen definéieren a wat mir vu Reglementatioune mussen änneren."

D'Francine Closener wënscht sech, datt grouss Automobilesentreprisen hiren Haaptsëtz op Lëtzebuerg verleeën. "Mir hu gutt Kaarten a si kennen eis."

An der Mediathéik:

Economicus / / André Dübbers
Lauschteren

Méi zum Thema

Tech start-up business team discussing product roadmap for product and investment
Jonk Entreprisen

D'Regierung wëll jonk Entrepreneure motivéieren, fir eng Entreprise ze starten. Fir hinnen ze hëllefen, gëtt et eng Partie Initiativen. Lëtzebuerg, eng Start-Up Natioun?

nicolas buck.JPG
Industrie

Fir den Nicolas Buck, neie President vun der Fedil, wier wirtschaftlech hei am Land nach ni esou vill a Bewegung gewiescht. Hie selwer wéilt frësche Wand an aner Iddie mat erabréngen .

Sharing-Economy
Wirtschaft

Wa sech d'Fournisseurë vun Objeten a Déngschtleeschtungen op Online-Plattformen professionaliséieren, kann dat op Dumping a Schwaarzaarbecht eraus lafen.

uber.jpg

Gëtt et déi digital gedriwwen industriell Revolutioun 3.0 wierklech? Kloer schéngt: d’Kapital fléisst dohi wou d’Technologiebranche, innovativ ass. Mee d'Resultat begeeschtert net jiddereen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen