Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hellege Krich? Nee Merci

Chronik vum Zäithistoriker

Hellege Krich? Nee Merci

Historiker féieren an eiser Gesellschaft en aussichtslose Kampf. Vis-à-vis vun der Tyrannie vun der Géigewaart an der permanenter Urgence, déi haut als eenzegen Horizont zielen, versichen se wéi de Sysiphus, ëmmer nees vu vir, Distanz zu der Géigewaart ze kréie fir Vergaangenheet an Zukunft als wichteg Dimensiounen eranzehuelen. Well Historiker der Iwwerzeegung sinn, datt mer soss näischt kënne verstoe vun dëser Welt an dëser Gesellschaft.

Denis Scuto

auto_stories

9 min

Wa mir mengen, den Islam wier de Problem, dann iwwerhuele mir d'Logik vun Daesh, seet den Denis Scuto

Trotz der Barbarei vun den aktuellen Attentater, trotz de Geforen, déi eis als komplett nei presentéiert ginn, versicht de Sysiphus-Historiker also se historesch anzereien. Fänke mer un mat enger Chronologie vun de rezenten Attentater, loosse mer soe vun 2011 un, an Europa an an den USA, wou der iwwregens vill manner si wéi am Mëttleren Orient oder a verschidden Deeler vun Afrika. 2014 goufen 32.658 Persounen bei Attentater ëmbruecht, no enger Etude vum Institute for Economics and Peace, 80% dovun a fënnef  Länner: Afghanistan, Irak, Nigeria, Pakistan a Syrien. Do gehéieren se quasi zum trauregen Alldag.

Mee bleiwe mer bei den Attentater an Europa an den USA, zënter 2011: 

  • den 22. Juni 2011 bréngt den Anders Breivik méi wéi 70 Mënschen zu Oslo an op der Insel Utoyea ëm 
  • den 13. Dezember 2011 bréngt den Nordine Amrani fënnef Mënschen zu Léck ëm a blesséiert der méi wéi 120
  • am Mäerz 2012 bréngt de Mohammed Merah zu Toulouse an zu Montauban siwe Persounen ëm, dräi Zaldoten, dräi Kanner an een Erwuessenen bei enger jüdescher Schoul
  • den 19. Juli bréngt den James Holmes 14 Mënschen ëm an engem Kino zu Aurora, engem Viruert vun Denver 
  • de 5. August 2012 bréngt de Wade Michael Page an engem Sikh-Tempel zu Oak Creek am Wisconsin sechs Mënschen em 
  • de 14. Dezember 2012 bréngt den Adam Lanza 27 Mënschen dorënner 20 Kanner ëm an enger Primärschoul zu Sandy Hook am Connecticut
  • de 15. Abrëll 2013 zünden d'Gebridder Tsarnaiev zwou Bommen op der Arrivée vum Bostoner Marathon: dräi Doudeger an 264 Blesséierter
  • den 28. Mee 2014 gi véier Mënschen am Musée juif zu Bréissel erschoss, verdächtegt gëtt de Mehdi Nemmouche
  • vum 7. bis zum 9. Januar 2015 bréngen d'Bridder Kouachi an den Amedy Coulibaly an der Redaktioun vu Charlie Hebdo an am Hyper Casher zu Paräis 17 Mënschen ëm a blesséieren der 21 
  • de 14. Februar 2015 bréngt den Omar Abdel Hamid El-Hussein zwee Mënschen zu Kopenhagen ëm an engem Café, wou eng Konferenz iwwer Konscht a Meenungsfräiheet stattfënnt, an an der Synagog a blesséiert der fënnef
  • de 26. Juni 2015 bréngt de Yassin Salhi zu Saint-Quentin-Fallavier e Mënsch ëm a blesséiert der zwee 
  • de Christopher Harper-Mercer erschéisst den 1. Oktober néng Mënschen op der Uni vu Roseburg am Oregon 
  • den 13. November ginn zu Paräis an e puer parallelen Attentater 130 Mënschen ëmbruecht
  • den 2. Dezember ginn an engem Zenter fir Mënsche mat Handicap zu San Bernardino a Kalifornien 14 Mënschen erschoss a 17 blesséiert

Wéi ech am gaange war dës Chronologie zesummenzesichen, krut ech – wéi den Zoufall esou spillt – en uniinterne Mail, dee mech aluet op eng Konferenz zum Thema "Ist der Islam seiner Natur nach gewalttätig?", vum Heinz-Günther Stobbe, Professer fir systematesch Theologie an theologesch Friddensfuerschung am Fach Kathoulesch Theologie op der Uni Siegen. Ech weess net ob den Titel provokativ gemengt ass oder ob dee Professer dovun iwwerzeegt ass. En dierft op jidde Fall vill Leit unzéien an Zäite wou d'Identifikatioun vum Islam mat Gewalt am Trend läit.

Oder: Wéi et an der Invitatioun steet: "Spätestens seit 9/11 steht der Islam unter dem Verdacht, eine gewalttätige Religion zu sein, die den Westen und seine liberalen Überzeugungen mit allen Mitteln bekämpfen und die ganze Welt unter seine Herrschaft bringen möchte."

Moslemen, gebieden sech an hir Relioun ze verdeedegen

Ass den Anders Breivik en Djihadist? Nee, et ass e rietsextremen, islamophobe Kämpfer fir e kulturell chrëschtlecht Europa. Oder de Wade Michael Page? Nee, och hie war e rietsextreme Kämpfer fir eng wäiss chrëschtlech Gesellschaft géint dat Béist, dat wat multikulturell Gesellschaften duerstelle fir hien a fir de Breivik oder den Timothy Mc Veigh, den Oklahoma-City-Bommeleeër (168 Doudeger, méi wéi 600 Verletzter den 19. Abrëll 1995, erënnert der iech nach?). Dat ware keng richteg gleeweg Chrëschten, kréie mer bei hinne gesot. An de Mohammed Merah, d'Bridder Kouachi, oder den Abdelhamid Abaaoud, dës am Prison zu Djihadiste radikaliséiert Gangsteren, dat solle richteg gleeweg Mosleme gewiescht sinn?

Bei all Attentat, dee vun engem djihadisteschen Terrorist ausgeüübt gëtt, wéi och no deene vu Paräis, ginn d'Vertrieder vun der moslemescher Glawensgemeinschaft zu Lëtzebuerg an an den anere Länner gebieden sech an hir Relioun ze verteidegen. Mee bei kengem vu chrëschtlechen Extremisten ausgefouerten Attentat gi Vertrieder vu chrëschtleche Glawensgemeinschafte vun de Medien opgefuerdert hir Relioun ze rechtfertegen. Mee och si géifen zu Recht äntweren, dass am Mëttelpunkt vun der chrëschtlecher wéi der islamescher, wéi der jüdescher, der buddhistescher, wéi der hinduistescher Relioun de Respekt vun all Mënsch a vu senger Dignitéit steet.

Eng Ideologie, wou sech politesch, sozial a reliéis Elementer vermëschen

Vertrieder vun de verschiddenste Relioune géifen esou äntweren. Souwéi och Historiker, Politologen, Spezialiste vun internationale Bezéiungen, Soziologen all Kéiers erëm zu Recht betounen, dass d'Relioun net d'Ursaach vun där Zort Gewalt ass, déi eng ganz Rei Regiounen op der Welt mëttlerweil charakteriséiert, och wann d'Relioun bei sozial a politesch Konflikter dobäikënnt, datt et ëm Ideologië geet, déi géintenee kämpfen. Breivik an Abaaoud kämpfen net am Numm vun enger chrëschtlecher oder islamescher Relioun mee vun enger Ideologie, wou sech politesch, sozial a reliéis Elementer vermëschen an déi sech géint eng demokratesch, sekulariséiert an tolerant Gesellschaft riicht an där Mënsche mat ganz verschiddenen Iwwerzeegungen an Originen a Fräiheet a Fridden zesummeliewen.

D'Attentater zu Paräis ginn um Netz vun Djihadiste revendiquéiert mat enger pseudo-islamescher Rhetorik mat esou Formulë wéi "capitale de l'abomination et de la perversion, celle qui porte la bannière de la croix" oder "attaque bénie de Paris contre la France croisée". Mee dat wat hei reliéis argumentéiert gëtt, ass eng radikal Oflehnung vun där sekulariséierter Gesellschaft, eng Rebellioun déi Jonker aus de sozialen Ënnerschichten unzitt an zu enger als legitim presentéierter Gewalt beweegt. Eng politesch a sozial Analyse wëll dee Phänomen net verharmlosen oder entschëllegen. Am Géigendeel. Den Djihadismus ass eng politesch Bewegung, déi transnational a global agéiert, d. h. souwuel am Mëttleren Orient (Syrien, Irak, Yemen) wéi an Afrika (Lybien, Mali, Nigeria) wéi an den europäesche Länner präsent ass, déi op de verschiddensten Niveauen agéiert (militäresch, politesch, reliéis, iwwer elektronesch Medien) a schwéier ze bekämpfen ass.

Djihadismus vun der 3. Generatioun

Wéi de Gilles Kepel erklärt, Spezialist vun der arabescher Welt an dem Jihadismus, hu mer et mëttlerweil mam Jihadismus vun der 3. Generatioun ze dinn. Déi éischt arméiert Djihadisten hunn am Afghanistan gekämpft géint d'Russen, vun 1979 bis d'Russen sech1989 vu Kabul zeréckzéien. Dee bewaffneten Djihad gouf ënnerstëtzt vun den Amerikaner a finanzéiert vun de Pëtrolsmonarchië vum Golf, déi selwecht Monarchien déi am Ufank Daesh oder den Islamesche Staat finanzéiert hunn. No där Victoire ginn eng Rei Djihadisten zeréck an hir Länner a maachen do weider, an Algerien an an Ägypten zum Beispill. Do klappt et awer net esou gutt wéi am Afghanistan.

Amplaz vum noe Feind gëtt an enger zweeter Phase, där vun Al Qaida, géint de Feind wäit ewech gekämpft, géint de Westen, mam Héichpunkt den 11. September 2001 an d'Attacke géint de World Trade Center an de Pentagon. Mee och hei erreechen se hiert Ziel net, nämlech d'Massen am Mëttleren Orient hannert sech ze kréien a mat hinnen d'Regimer a Saudi-Arabien, an Ägypten asw. ze stierzen.

Mam Djihadismus vun der drëtter Generatioun si mer haut konfrontéiert: net méi d'USA mee Europa als Haaptzilscheif, kleng autonom Zelle mat e puer Kämpfer, jonk Europäer, déi mat der Gesellschaft an dem säkulariséierte Staat gebrach hunn oder/an d'Gesellschaft an de Staat mat hinnen, um Internet oder am Prisong duerch Haasspriedeger rekrutéiert an endoktrinéiert, militäresch ausgebilt am Krich a Syrien an am Irak, dann an Europa zeréckgeschéckt wou se, wéi am Januar zu Paräis oder zu Toulouse a Bréissel Intellektueller, Judden, Zaldoten a Polizisten oder wéi am Bataclan, an de Caféen a Restaurante vu Paräis, am Stade de France – meeschtens jonk – Mënschen déi modern Fräiheete genéissen, ëmbréngen.

D'Logik vun Daesh

Ëmmer mat de selwechten Zieler: engersäits hire Feind terroriséieren, Angscht maachen, demokratesch Gesellschafte splécken an zerstéieren, Sträit tëscht Mënsche mat verschiddenem Glawe stëften, an hire Phantasme souguer e Biergerkrich an den europäesche Staaten provozéieren. Anerersäits Sympathisante fir hir Aktioune fannen, an Europa mee virun allem am Mëttleren Orient an an Nordafrika.

A mir? Wa mir mengen, den Islam wier de Problem, dann iwwerhuele mir grad d'Logik vun Daesh, deen sech Islamesche Staat nennt, obwuel e weder dat een nach dat anert representéiert. Wa mer wéi Hollande a Valls vu Krich an Europa schwätzen, dann triede mer schonn nees an d'Logik vun Daesh. Polizeioperatioune géint Gangsteren déi sech en ideologesche Mantel undinn si kee Krich. A Polizeioperatioune ginn och an Europa net duer fir ze verhënneren, datt nei Gangstere rekrutéiert ginn. Déi batter Ironie vun där aktueller Krichsrhetorik ass dobäi, datt virun e puer Joer den IS, nom Motto "de Feind vu mengem Feind ass mäi Frënd", fir guer net sou schlecht befonnt gouf, vun den Türken iwwer d'Saudien an d'Fransouse bis zu de Russen.

Mee dat ass jo, an der Tyrannie vum haut an elo, scho längst Geschicht...