Zu Ettelbréck steet de Musée, deen dem Generol Patton zu Éiere kënnt. Offiziell 1995 inauguréiert, weist den General Patton Memorial Museum wichteg Archiven, déi iwwer Bicher a Publikatiounen, Dokumenter a Fotoen den zweete Weltkrich an d'Befreiung zu Lëtzebuerg theematiséieren.
650 Quadratmeter verdeelt iwwer véier Stäck sinn e rengen Hommage un de Generol George S. Patton, deem seng 80. Infanterie de 25. Dezember 1944 Ettelbréck befreit huet.
De Musée ass vun der Asbl "Groupe de Recherche et d'Étude sur la Guerre 40-45" an d'Liewe geruff ginn, zielt hire President Jos Tholl. Si hu sech mat der Recherche ausernee gesat vum Remembrance Day, dee vun 1954 bis 2004 all Joer geféiert ginn ass, wou un d'Befreier geduecht ginn ass.
Virun allem awer ass et dem Musée seng Missioun e Lieu de Mémoire ze schafen, wou un de Krich an un d'Liberatioun erënnert gëtt.