Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fir d'Archivkultur ze ënnerstëtzen"

Archiver

"Fir d'Archivkultur ze ënnerstëtzen"

Bal zwee Joer nom Akraafttriede vum neien Archivgesetz huet elo och den Archivrot seng Aarbecht opgeholl. Dat consultatiivt Organ huet 15 Memberen: Dorënner Vertrieder vun de staatleche Verwaltungen, der Dateschutzkommissioun an der Justiz, mee och Chercheuren an d'Notzer vun den Archive si vertrueden. President ass de Procureur Général d'Etat adjoint. D'Pia Oppel huet mam Jeannot Nies iwwer d'Aufgabe vun deem neie Gremium geschwat.

auto_stories

3 min

Eng Aufgab vum Archivrot wier et fir am A ze behalen, ob de legale Kader adaptéiert ass. An do wier scho kloer, datt nach Upassungen néideg wieren am Gesetz, esou de Jeannot Nies. Esou géif beispillsweis just ugedeit ginn, datt ee Règlement grand-ducal komme soll fir d'Gemengenarchiven. "Dat ass een Travail à creuser", esou de President vum Archivrot.

"Mir hunn och eng 'veille législative', dat heescht mir kucken: wat kënnt vu Gesetzer a wéi eng Inzidenz hunn déi aus archivistischer Siicht?""

Et wier momentan och net ëmmer eng Koherenz tëschent de verschiddene Gesetzer garantéiert, respektiv géintiwwer dem Dateschutz. "Do si Saachen dran, déi dat eent Gesetz erlaabt, dat anert net erlaabt." De Jeannot Nies geet dovunner aus, datt den Archivrot vill Aarbecht mat Avise géif kréien, och wann déi lescht Decisioun bei de Geriichter géif leien.

D'Aufgabe vum Archivrot

Den Archivrot gëtt och consultéiert, wa gréisser privat Archiven eventuell sollen an d'Nationalarchive kommen, fir datt se besser versuergt wieren. De Jeannot Nies gëtt als Beispill d'Archiver vun enger Entreprise, vun enger aler Famill oder engem ale Geschäft. Den Archivrot soll an deem Fall en Avis ofginn, ob dat derwäert ass.

Wa Leit den Accès zu engem Archiv refuséiert kréien, kann den Archivrot och saiséiert ginn. Et wier ee scho mat engem éischte Fall befaasst, esou de Jeannot Nies. Wat geschitt, wann den Archivrot zur Conclusioun kënnt, datt den Accès muss accordéiert ginn? "Dann hält d'Autorité versante sech dorunner, oder och net", esou de Jeannot NIes. Et wier awer op alle Fall nach e Recours virum Verwaltungsriichter méiglech.

D'Wichtegkeet vun Archiver

Kloer ass fir de Jeannot Nies, datt den Archivrot éischter en faveur vu méi wéi vu manner Archivage ass. Dacks géifen haut Dokumenter vun den ëffentlechen Administratiounen als onwichteg betruecht ginn, déi fir d'historesch Recherche duerno awer immens wichteg kënne sinn:

"Ech kann Iech ee ganz einfacht Beispill ginn. Et gëtt jo ganz vill gefuerscht iwwer d'Schicksal vun den Auslänner a vun de jiddesche Matbierger a jiddeschen Auslänner, déi an den 30er Joren heihinner komm sinn. Do si mer bei Dokumenter vun der sougenannter 'Police administrative'. Dat sinn Elementer, wou een haut géif gesot kréien, et sollt een dat alles ewechgeheien. Wann dat awer esou de Fall ass - mir hu jo elo och vill Flüchtlingen am Land - da schreift a 50-60 Joer kee méi déi Geschicht, well dat alles als sougenannte Schrott bezeechent an ewechgeheit ginn ass. Déi Balance, déi muss gemaach ginn tëschent 'Wat hale mer? Wat hale mer net?' E wichtegt Element dovunner ass den Tableau de tri, deen déi eenzel Producteure mussen opstellen.

Dat neit Archivgesetz hätt awer och schonn een Ëmdenke mat sech bruecht, well elo all d'Verwaltunge sech kloer Reegele misste ginn, wéi se mat hirem Archivmaterial ëmginn.