Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Strokes - The Adults Are Talking

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Epochejoër 1916

Zäithistoriker

Epochejoër 1916

Den 21. Februar 1916 goung eng vun de gréisste Schluechte vum Éischte Weltkrich un. D'Plaz vun där Schluecht, den Numm vu Verdun, spigelt zënterhier en epochale Wendepunkt an der Geschicht vum 20. Jorhonnert erëm. Den Zäithistoriker Denis Scuto erënnert dofir un eng Rei Changementer, déi d'Epochejoer 1916 zu Lëtzebuerg, net wäit ewech vu Verdun, bruecht huet.

auto_stories

9 min

Denis Scuto

Wéi den Historiker Benoît Majerus et formuléiert huet, ass den Éischte Weltkrich, "La grande guerre", zu Lëtzebuerg eng "petite guerre" an der kollektiver Memoire wéi an der Historiographie a steet am iwwergrousse Schiet vum Zweete Weltkrich. D'Krichsjoere gi presentéiert wéi e Virspill vun de grousse Bouleversementer vun 1918-1919, d'Ofdankung vum Marie-Adelheid an d'Ufänk vum Règne vun der Groussherzogin Charlotte, d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Fraen a Männer. Oder als Virspill zum Zweete Weltkrich. D'Krichszäit selwer zu Lëtzebuerg stoung bis zum 100. Anniversaire vum Éischte Weltkrich net am Fokus.

Wat d'Plaz vum Éischte Weltkrich an den "Histoires du Luxembourg" betrëfft, fält op, dass se sech chronologesch virun allem fir den Ufank vum Éischte Weltkrich, mam däitschen Amarsch an der Akkomodatiounspolitik mam Okkupant vun der Regierung Eyschen, a wéi scho gesot, mat der direkter Nokrichszäit beschäftegen. Dotëscht, vun 1915 bis 1918, kréie mer als eng Zäit vu Krisen an Turbulenze presentéiert. D'Inhaltsverzeichnis vum Referenzwierk vum Gilbert Trausch, "Le Luxembourg. Emergence d'un Etat et d'une Nation" vun 1989, dat 2007 nei opgeluecht gouf, ass bezeechnend fir déi ënnerschiddlech Visioun vun dësen zwou Schlësselperiode vum 20. Joerhonnert: "La crise de la Première Guerre mondiale 1914-1919" gëtt der "épreuve de la Seconde Guerre mondiale" entgéint gesat. Mee war den Éischte Weltkrich da keng Epreuve fir d'Lëtzebuerger Bevëlkerung, fir d'Lëtzebuerger Institutiounen? An huet déi däitsch Besatzung am Zweete Weltkrich d'Lëtzebuerger Institutiounen an d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net an eng déif Kris gestierzt?

Keng wichteg Plaz an de Lëtzebuerger Geschichtsbicher

Dës selektiv Erënnerung erklärt op jiddefall firwat am Géigesaz zum Ausland d'Joer 1916 keng wichteg Plaz an de Lëtzebuerger Geschichtsbicher anhëlt. Virun 100 Joer, am Februar 1916, ass d'Bataille de Verdun ugaang, déi mat der Bataille de la Somme, zu zentrale lieux de mémoire an den nationalen Interpretatioune vum Éischte Weltkrich bei den Däitschen, de Fransousen an de Brite ginn ass. D'Commemoratioune fir Verdun 1916-2016 lafen dës Woch un.

Mee ween erënnert sech zu Lëtzebuerg drun, dass den 2. Januar 1916, un engem reeneresche Wanterdag matzen am Éischte Weltkrich, ënner däitscher Besatzung, d'demokratesch Veräiner, déi bis dohi gréisste politesch Manifestatioun vun der Lëtzebuerger Geschicht organiséiert hunn. Et war eng patriotesch Demonstratioun vun Dausende Leit, déi vun der Gare op de Knuedler goung mat folgende Sloganen: "E freit Vollek op freiem Bôdem", "Wir alle haben nur ein Vaterland", "Mir wëlle bleiwe wat mer sinn".

An et war an engems eng Manifestatioun géint d'Groussherzogin Marie-Adelheid an d'Regierung Loutsch, déi d'Grande-Duchesse, obwuel se bei de Wahlen vum 23. Dezember 1915, an d'Minoritéit gesat gouf, bäibehalen huet. Dat war e Staatssträich fir d'demokratesch Veräiner, déi an enger Petitioun un d'Groussherzogin d'Demissioun vun der Regierung Loutsch fuerderen. Wat déi aner Sloganen vun der Manifestatioun erklärt: "Prince, écoutez l'écho des rues"; "Wir wollen ein freies Volk unter einer freien Großherzogin"; "es ist ein Unglück für die Könige wenn sie das Volk nicht hören"; "Wir achten die Verfassung"; "A bas les ministres". Mee d'Grande-Duchesse léisst äntweren, dass si um Loutsch festhält an an Zukunft esou Demonstratioune wäert verhënneren.

D'Roll vum Sozialist Michel Welter

Wéi de sozialisteschen Deputéierten Dr. Michel Welter, deen den 2. Januar 1916 och um Knuedler d'Wuert ergräift, an sengem Tagebuch - e formidabelt Zäitdokument, dat zënter Oktober 2015 dank dem nationale Literaturzenter an enger vum Germaine Goetzinger annotéierter a kommentéierter Editioun fir de Public zougänglech ass - notéiert, zéien doropshin eng Rei Demonstranten duerch d'Stroosse vun der Stad a jäizen: "Démission! Abdication et vive Charlotte!"

(Si huelen domat de spéidere Laf vun der Geschicht vu Lëtzebuerg virwech... Mee a kenger Geschicht vu Lëtzebuerg, déi no 14-18 publizéiert gëtt, erschéngen déi Hellseher an hir Dausende Matdemonstrante vum 2. Januar 1916. Well an deene Geschichte gouf et zu Lëtzebuerg nëmmen an engems patriotesch a prodynastesch politesch Massendemonstratiounen.)

Trotz der negativer Äntwert vun der Grande-Duchesse fält d'Regierung Loutsch awer no engem Mësstrauensvote an der Chamber eng Woch no der Manifestatioun, den 11. Januar 1916. Eng nei Koalitiounsregierung gëtt gebilt ënnert dem Virsëtz vum Conseiller vum verstuerwenen Eyschen, Victor Thorn, mat fir d'éischte Kéier och engem sozialistesche Minister, dem schonns erwähnte Michel Welter. An dee freet sech grad de schwieregste Ministère an dëse Krichszäiten, dee vun der Landwirtschaft, also vum Ravitaillement. Hien, dee vun der Droite als Feind vun de Baueren denigréiert gouf, wollt sech déi Chance net entgoe loossen an nei Wieler fir de Lénksblock gewannen, wéi en an der Nuecht vum 21. Februar 1916 a säin Tagebuch schreift: "je me suis dit que l'occasion, non seulement de ma réhabilitation, - si je puis m'exprimer ainsi - dans les campagnes, avait sonnée, mais je me suis dit qu'il fallait profiter de l'occasion pour regagner les campagnes aliénées à notre cause. Les campagnes sont livrées aux cléricaux; il faut les leur arracher. Il faut que les cultivateurs nous reviennent et qu'ils votent de nouveau pour nous. Pour cela il faut que j'entre au ministère et il faut que je sois placé à la tête de l'agriculture. Je ferai le reste."

"Vous avez le droit d'être faible, mais il ne faut pas être indigne"

Mee schonns u sengem éischten Dag als Landwirtschaftsminister, schreift de Welter de 24. Februar 1916 an säin Tagebuch, deelt säi Conseiller Dumont, deen aus Holland zeréckkënnt, wou en ouni vill Erfolleg Liewensmëttel fir Lëtzebuerg gefrot hat, him mat, dass d'Englänner all Liewensmëttelimport no Lëtzebuerg aus neutrale Länner oder aus Amerika blockéieren, wéinst de frëndschaftleche Bezéiungen, an anere Wierder der Akkomodatiounspolitik vum Eyschen mam däitsche Besatzer, zum Beispill den Empfang vum däitsche Keeser zu Lëtzebuerg. Den engleschen Ambassadeur an Holland hat dem Regierungsrot Dumont et esou ausgedréckt: "Vous avez le droit d'être faible, mais il ne faut pas être indigne."

Dem Michel Welter säi politescht Joer 1916 hat ugefaang mat deem, wéi en et am Tagebuch formuléiert, "enorme Succès" vun der demokratescher Manifestatioun vum 2. Januar. Et hält op fir hien den 22. Dezember wou eng ecrasant Majoritéit an der Chamber dem Landwirtschaftsminister Michel Welter d'Mësstrauen aussprécht, dorënner och eng Rei fréier Alliéierten aus deem Lénksblock, vun deem d'Droite sot, de Welter wir den eigentleche Chef, de Blocktyrann oder Blockzar.

1916 als Rupture an der Lëtzebuerger Zäitgeschicht

Iwwert dësen evenementiellen Niveau an iwwert d'politescht Schicksal vum sozialistesche Minister eraus, huet dat Joer 1916 awer eng zentral Bedeitung als Rupture an der Lëtzebuerger Zäitgeschicht. D'Joer 1916 marquéiert d'Enn vum Lénksblock, der Allianz tëscht Liberalen a Sozialisten, dee vun 1908 bis 1916 d'Majoritéit an der Chamber hat. 1916 bedeit och d'Enn vun der Dominatioun vun der liberaler Bourgeoisie, déi d'politescht Liewen zu Lëtzebuerg vun 1848 bis dohi geprägt hat an den Ufank vum Opschwong vun der kathoulescher Rietspartei um nationale Plang a vun enger vu Gewerkschaftler beherrschter sozialistescher Partei am Süde vum Land.

Sozial Froe gi prioritär. De Welter kritt d'Mësstrauen ausgeschwat, well d'Regierung an där Krichssituatioun vum besate Lëtzebuerger Land weder de Ravitaillement nach d'Präisdeirecht an d'Spekulatioun an de Grëff kritt. Den ideologesche Konflikt Staat-Kierch, deen den Zement vum Lénksblock tëscht Liberalen an Sozialiste war, trëtt zeréck vis-à-vis vum Konflikt tëscht Produzenten (Baueren) a Konsumenten (Aarbechter a Beamten) a vum Kampf tëscht Patronat a Salariat.

Et sinn déi sozial Problemer déi am August-September 1916 zur Grënnung vu Massegewerkschaften an der Stolindustrie féieren, de Berg- und Hüttenarbeiterverband zu Esch an de Metallarbeiterverband an der Stad. Iwwer d'Gewerkschafte verstäerkt d'sozialistesch Partei hir Assisen an der Aarbechterschaft. Mee déi sozialistesch Aarbechter denoncéieren awer och déi fir si onnatierlech Allianz tëscht Kapital, tëscht Schmelzhären a Vertrieder vum Proletariat am Kader vum Lénksblock. D'Escher Tageblatt, wat de Lénksblock ënnerstëtzt, versicht ëmsoss fir déi Allianz am Numm vum Antiklerikalismus ze werben: “Auch als Dr. Welter den Block gründete, hatten die Arbeiter gegen die Industrie zu kämpfen, aber sie taten es, indem sie sich mit ihr auf der Grundlage gegenseitiger Zugeständnisse gegen den einzigen Feind, den Klerikalismus vereinigten.”

Nei Majoritéiten, déi an de Joeren dono eng ganz Rei vun neie Sozialgesetzer an d'Weeër leeden

Am Süde vum Land geet 1916 d'Blockära definitiv eriwwer. Hei schléisst d'sozialistesch Partei elektoral Bündnisser mat Parteie fir déi déi sozial Fro Virrang huet: mat der Fräier Vollekspartei, déi direkt aus den neie Gewerkschaften ervir gaangen ass a mam chrëschtlech-soziale Fligel vun der Rietspartei. Bündnisser, déi geriicht si géint d'féierend Käpp aus deenen demokratesche Veräiner, déi nach am Januar 1916 eng imposant national Demonstratioun vun der ganzer Gauche organiséiert haten, wéi Michel Welter mee och den Eisebunner Aloyse Kayser. Fir d'Presseorgan vun der sozialistescher Partei Die Schmiede hu si sech bei der Aarbechterschaft diskreditéiert, well se sech "vollends ins Fahrwasser des zersetzenden Arbed-Liberalismus begeben haben.”

Matzen am Krich entstinn also ronderëm sozial Froen nei Majoritéiten, déi an de Joeren dono eng ganz Rei vun neie Sozialgesetzer an d'Weeër leeden, vum Kollektivvertragsgesetz zum Aacht-Stonnen-Dag, vun den Aarbechterausschëss zu de Berufskammeren. D'Feierlechkeeten zu den 100 Joer vun de fräie Gewerkschaften, déi dëst Joer vum OGB-L mat engem Dokumentarfilm vum Andy Bausch am Fréijoer agelaut ginn, sinn eng gutt Geleeënheet drun z'erënneren, dass iwwer d'Joer 1916 eraus de ganzen Éischte Weltkrich eng entscheedend Rupture fir déi sozial, politesch an institutionell Entwécklung vun dësem Land duerstellt.