Radioen

On air

Notturno  |  Mike Wexler With Synthetic Love Dream - After

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Lëtzebuergerin bei de Schimpansen

Afrika

Eng Lëtzebuergerin bei de Schimpansen

D'Veterinärin Claudie Reyland huet en alen Dram verwierklecht a war am Ganze sechs Méint a Guinea fir Schimpansen ze betreien. Et wier ee sech net bewosst a wat fir engem Luxus een hei zu Lëtzebuerg géing liewen, sot si am Interview mam Mick Entringer.

auto_stories

4 min

Dräi Méint, nach emol ee Mount an da nach emol zwee Méint. Am Ganze war d'Claudie Reyland sechs Méint laang am Somoria-Lager vum "Projet Primates" fir Schimpanse-Puppelcher ze betreien. 50 Schimpanse ginn am Somoria-Lager betreit, vun enger Dosen europäesche Fräiwëlleger a méi wéi 20 Leit aus Guinea.

"Se lossen net méi lass"

Schimpanse si vum Ausstierwe menacéiert: Bëscher ginn zerstéiert an d'Afë ginn fir hiert Fleesch gejot. Mee wat d'Claudie Reyland am meeschte skandaliséiert, ass datt et ee Schwaarzmaart fir Bébé-Schimpansen gëtt. "Dat heescht do si Braconnieren, déi drop lassginn an eng ganz Famill erschéissen (...) fir un esou e Bébé ze kommen. An da gëtt deen als Hausdéier op de Mäert, respektiv an den 'Hinterhöfen' fir deier Sue verkaf." Wann dat opgedeckt gëtt, gëtt de Bébé saiséiert an dann huele Lager, wéi deen zu Somoria, d'Bébéen op.

D'Betreier soignéieren d'Puppelcher bis se grouss genuch sinn fir an e Grupp Schimpansen reintegréiert ze ginn. Se ginn humaniséiert, mee rëm déshumaniséiert. Während hirer Betreiung, kréien déi kleng Afen dofir och eng Ersatz-Mamm. D'Claudie Reyland war selwer ni eng Afe-Mamm, well si net laang genuch um Stéck zu Somoria war. Do misst ee minimal fënnef Méint um Stéck do sinn. "Et muss ee wëssen, esou e Schimpanse-Bébé wann dee sech un eng Ersatz-Mamm bënnt, dann huet een deen 24 Stonnen op 24 bei sech, un sech. Dee schléift mat engem am Bett, Dir huelt en iwwerall mat. Dee léisst net méi lass", esou d'Lëtzebuerger Veterinärin.

Trotzdem, konnt d'Claudie Reyland feststellen, wéi ähnlech Schimpanse-Bébéen, de Mënsche gläichen. Se hätten déi selwecht Reaktiounen, déi selwecht Gesten, dacks déi selwecht Mimik. "An natierlech attachéiert ee sech immens an dat ass eng vun den Ursaachen wisou ech ëmmer nees wëll zeréckgoen." D'Veterinärin sot si plangt Enn vum Joer rëm a Guinea ze reesen.

"E Camp an der Brousse"

D'Somoria-Lager ass Aacht Stonne mam Auto ewech vun der nächster Uertschaft an am Lager géing et weder Stroum, nach Internet ginn. "Mir kënne just an de Noutfäll mat engem Satellitten-Telefon kommunizéieren, fir de Rescht si mer komplett ofgeschloss." Déi éischt Kéier wéi d'Claudie Reyland am Somoria-Lager war huet si dat immens haart fonnt. Och wéinst der Qualitéit vum Iessen a vum Waasser, wéinst dem Klima a wéinst den Insekten wier et net just moralesch schwiereg, mee och physesch. Et bräicht een eng Adaptatiouns-Zäit: si selwer hätt puer Woche gebraucht fir sech do erëmzefannen. "Ech hat am Ufank gemengt ech géing et net packen, mee iergendwann, pendelt sech do eppes an. An da realiséiert een am Fong geholl wat fir eng Chance een huet fir puer Wochen a Méint kënnen do ze verbréngen", esou d'Veterinärin.

Och wa si sech nëtzlech gemaach huet a geschafft huet, wier hire Séjour a Guinea schonn eng perséinlech Retraite, eng a-Fro-Stellung, gewiescht. Esou eng Erfahrung, esou eng Aventure, géing dem Claudie Reyland no, een immens veränneren an et géing een duerno d'Liewen hei zu Lëtzebuerg ganz anescht gesinn.

Et wier hir opgefall, datt een zu Lëtzebuerg an engem immense Luxus géing liewen an dat engem net ëmmer bewosst wier. "An dann natierlech de 'Superflu', dee mer hei hunn!"