Radioen

On air

De Weekend  |  Steely Dan - Peg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Éveil aux sciences" – fir d'Enseignanten

Grondschoul

"Éveil aux sciences" – fir d'Enseignanten

Enn Januar hu Vertrieder vum Educatiounsministère, vum FNR, vum IFEN, vum Script a vun der Uni e Kooperatiounsvertrag ënnerschriwwen, fir den Enseignement vun de Naturwëssenschaften an der Grondschoul ze fërderen. Enseignanten an der Grondschoul di sech dacks schwéier mat de Naturwëssenschaften. Dofir soll elo op der Uni e spezielle Ressourcencenter opgebaut ginn.

Kerstin Thalau / ckl

auto_stories

4 min

E neie Ressourcencenter "fir den 'Eveil aux sciences' mat Contenu ze fëllen"

De Fonds national de la recherche (FNR) ass zanter Joeren a Kontakt mat Enseignanten aus der Grondschoul – well och am Fondamental ass wëssenschaftlech Recherche een Thema. Iwwert Programmer wéi de PSP, de "Promoting Science to the Public", an de Mister Science, wëll den FNR de parascolaire Beräich ereechen.  
 
An der Praxis huet sech allerdéngs gewisen, datt vill Demanden aus de Schoule selwer komm sinn, an zwar vun deene Leit déi Cours halen. De Gros vun den Enseignanten zu Lëtzebuerg haten an hirem perséinleche Parcours wéineg Kontakt mat Naturwëssenschaften. Resultat: déi eng sichen Hëllef, fir den eegenen "Éveil-aux-Sciences"-Cours méi flott ze gestalten; anerer drécken sech virum Fach, well si sech net sécher fillen. Do probéiert den FNR unzesetzen. "Mir versichen an eiser Approche ze vermëttelen, datt ee net muss Fachexpert sinn, fir de Kanner Loscht ze ginn, ze experimentéieren ", seet de Jean-Paul Bertemes vum FNR.

"Manner stiefmütterlech behandelen" 

Domat soll net de Mr Science ersat ginn oder aner Projete wéi "Déi kleng Fuerscher", seet de Jean-Paul Bertemes. "Mee fir ee nohaltegen Impakt ze hunn, mussen d'Enseignantë selwer Spaass mat der Matière hunn, fir datt deen 'Eveil aux sciences', deen dacks méi oder manner stiefmütterlech behandelt gëtt, mat Contenu gefëllt gëtt". 
 
Entstan ass aus där Iwwerleeung ee Kooperatiounsvertrag tëscht fënnef Partner: 

  • Educatiounsministère, 
  • Uni Lëtzebuerg (Kompetenz am Beräich vu Weiderbildung fir Enseignanten)
  • FNR (Initiativ a Startfinanzéierung)
  • IFEN (Coursë ginn am Stage ugebueden a vum IFEN unerkannt)
  • SCRIPT (stellt zwee Enseignanten zu 25% fräi fir Coursë mat ze entwéckelen an de halen)

 "Datt d'Acteuren dee Vertrag ënnerschriwwen hunn, soll weisen, datt si et eescht mengen, an datt de Projet och politesch oder personell Ännerunge kann iwwerstoen", erkläert de Jean-Paul Bertemes. De Projet krut d'Ënnerstëtzung vum aktuellen Héichschoulminister, Marc Hansen. "Hien sot: 'Mir investéiere souvill a Fuerschung, da wier et och interessant de Stellewäert vun de Naturwëssenschaften am Fondamental ze stäerken'", erënnert sech de Jean-Paul Bertemes.

"Net an d'Organisatioun draschwätzen" 

Zanter der Rentrée 2009-2010 ass d'Grondschoul a Cyclen organiséiert. De "Plan d’études" hält fest, wat fir Fächer an deene véier Cyclen um Programm stinn, a wat fir Kompetenzen d’Kanner entwéckele sollen. Allgemeng wëssenschaftlech Kompetenze sollen deemno an deene véier Cyclen entwéckelt ginn. Am éischte Cycle am Kader vun "Découverte du monde par tous les sens", am zweeten an am drëtten am ‘"Éveil aux sciences" an am véierte Cycle an den "Sciences humaines et naturelles". 
 
Fir den "Éveil aux sciences" sinn am éischte Joer ca. dräi Stonnen d’Woch, am zweeten ca. zwou Stonne virgesinn. Mee da sinn op 20 Säiten déi naturwëssenschaftlech Kompetenze beschriwwen: an de Beräicher Mënsch, Natur, Espace, Technologie a Citoyennetéit sollen d’Kanner léieren, selwer Froen ze stellen an einfach Äntwerten ze sichen.

An dat geet bis: e kritesche Jugement entwéckelen, Zesummenhäng erkennen a Konklusioune formuléieren. Een décke Medezinball fir d'Léierpersonal? "Wéi d'Schoulmeeschteren sech lo genau sollen organiséieren, do wëlle mir net draschwätzen. A mir spezialiséieren d'Leit och net intensiv duerch de Cours um IFEN, dat ass nämlech just ee fakultative Cours ënnert aneren, mee deen erlaabt eng zolitt Basis an dee Beräich ze kréien", seet de Jean-Paul Bertemes. 
 
D'Promotioun vun de Naturwëssenschafte fänkt also net bei de Schoulkanner mee bei hiren Enseignanten. De Projet gesäit dofir och vir, datt d'Naturwëssenschaften iwwer méi Stufen an der Aus- a Weiderbildung en Thema sinn: am Stage, grad wéi an de Weiderbildungscoursen an am Bachelor vun der Uni Lëtzebuerg.