Esou ee Bësch Ëmbau kascht der Vereenegung no eng 750 Milliounen Euro iwwer zéng Joer. Een Drëttel dovunner fir nei ze planzen an zwee Drëttel fir déi Beem virum Wëld Schued ze schützen.
Wéinst dem Klimawiessel, sinn ëmmer méi Bamaarten zu Lëtzebuerg net méi adaptéiert un d'Hëtzt an un d'Dréchent. Am Norde si vill Fiichte staark beschiedegt. Am Süde sinn et Bichen, déi ënnert der Dréchent leiden. Et gesäit ee schonn d'Krounen déi verwielecht sinn, een negatiivt Zeechen, erkläert de Winfried von Loë Fierchter vun der Vereenegung vun de private Bëschbesëtzer.
Aarten déi mat Dréchent besser eens ginn
Aner Aarte missten dowéinst aktiv geplanzt ginn oder et misste geziilt Moossnamen ergraff ginn, fir eng natierlech Verbreedung vun deenen Aarten ze favoriséieren, erkläert de Winfried von Loë.
"Bei der Kostenanalyse haben wir uns natürlich auf einheimische Baumarten fokussiert. Speziell der Traubeneichem die Linde, die Wildkirsche, der Spitzahorn oder noch der Speierling."
Dat wieren alles Bamaarten, déi mat der Dréchent, besser géifen eens ginn, ewéi eng Bich oder eng Fiicht.
Schutz viru Wëld
Et muss een also nei Beem planzen, betount de Winfried von Loe allerdéngs kann een eng natierlech Verbreedung vun de Beem oder eng manuell Beplanzung da nëmmen erreechen, wann och Schutzmoossname géint Wëldschued ergraff ginn.
"Der Schutz der Waldbäume ist einer der hohen Kostenfaktoren in unserer Analyse die wir erstellt haben. Die junge Bäume sind sensibel an der Rinde, aber die Jungen Pflanzen sind vor Allem an den Kronen sehr empfindlich."
Wann d'Knospen ofgebass ginn, géif de Bam net riicht erop, Richtung Luucht wuessen, betount de Winfried von Loë.
Eng weider wichteg Ëmstellung misst den Ausbau vu Mëschkulture sinn, dat heescht datt een an de Bëscher verschidden Essenze virgesäit am Plaz vun enger Monokultur.