Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bestseller-Auteur a Geléierten

Dout vum Umberto Eco

Bestseller-Auteur a Geléierten

De weltbekannten italiéinesche Schrëftsteller, Philosoph a Sproochwëssenschaftler Umberto Eco ass dout. Hien ass e Freideg Owend am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

auto_stories

1 min

(CC-Lizenz: Alessio Jacona/Flickr)

Dem grousse Publik ass den Umberto Eco zënter der Publikatioun 1980 vu sengem Roman “Le Nom de la Rose”, wéi en an der franséischer Iwwersetzung heescht, ee Begrëff. Den Umberto Eco huet regelméisseg Bestseller geschriwwen, an deenen hien all méiglecht historescht, philosophescht oder och reliéist Wësse verschafft huet. Ënnert Spezialisten hat den Umberto Eco sech virun allem als Sproochwëssenschaftler e Numm gemaach.

Den Umberto Eco ass dëse Februar och de "Schrëftsteller vum Mount" um radio 100,7. De Marc Clement huet sech mam Eco sengem Bestseller "Le nom de la rose" beschäftegt, grad ewéi mat sengen amüsante Recueillen an deenen d'Referenz op aner literaresch a philosophesch Wierker eng grouss Roll gespillt huet, a mam Eco als Geléierten.