Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech weess wat Honger an Duuscht ass!"

Tambow-Iwwerliewenden

"Ech weess wat Honger an Duuscht ass!"

De 5. November 1945 sinn déi lescht Lëtzebuerger aus sowjetescher Gefaangenschaft heem komm. Ënnert hinne war de Jos Steichen. Deen haut 91-jähregen erzielt vu sengen Erliefnisser am Lager zu Tambow.

auto_stories

3 min

Lëtzebuerger Krichsgefaangener kommen am November 1945 vun Tambow heem

D’Waasser hu si aus dem Gruef gedronk, e Grapp voll Käre war d’Iessen fir de ganzen Dag. Bis zu 200 Kilometer hunn déi Krichsgefaange misse buerféiss goen. Et waren onendlech Strapazen.

De Jos Steichen huet Zwangsrekrutéierungen an d’sowjetesch Gefaangenschaft zu Tambow mat- a virun allem iwwerlieft. Hien huet sech säi Liewen awer ni duerch Roserei an Haass vergëfte gelooss. Elo geet hien an d’Schoule fir deene Jonke säin Erlieftent weider ze ginn, mat der Hoffnung datt esou eppes ni méi virkënnt.

“Zu jung um erschossen zu werden”

De Jos Steichen huet no der Annonce vun der Zwangsrekrutéierung mat gestreikt, gouf vun der Gestapo festgeholl, zum Doud veruerteelt a souz an der Villa Pauly an enger Doudeszell. D’Standgericht huet awer jugéiert: “Zu jung um erschossen zu werden”.

Fir de Jos Steichen koum “Jugenderziehungslager”, den “Arbeitsdienst” an “Dienst in der Wehrmacht”. Hien huet eng Uniform ukritt, déi hien net wollt, krut eng Grondausbildung als Infanterist a koum un d’Front.

De 5 August 1943 ass hie mat 5 lëtzebuerger Kollege bei d’Russen iwwergelaf, et goung an d’Gefaangenelager Nr. 188 op Tambow.

"Goufe mer vergiess?"

Franzouse konnte vun Tambow aus heem. Lëtzebuerger net.

De Jos Steichen seet: “D’Regierung wollt eis net heem huelen. Dat sinn dach lauter Kommunisten.” Bei engem “Tambower” soll een d’Regierung vun deemools am beschten net ernimmen.

Ganz vill Lëtzebuerger sinn an där Zäit zu Tambow gestuerwen, well se iwwerzeegt waren datt si net méi heem kéimen, erënnert de Jos Steichen sech.

De Jos Steichen am 100,7-Studio

"A mengen Äerm sinn 13 Lëtzebuerger gestuerwen"

13 Mat-Gefaangener vu Lëtzebuerg huet de Jos Steichen an den Doud begleet. D’Nimm vun de Jongen hat hien op e klengen Ziedel geschriwwen, an hinne versprach hiren Eltere Bescheed ze soen, wann hie géif heem kommen.

Wou hie bis bei den Eltere vum drëtte verstuerwe Kolleg war, gouf de Jos Steichen vun der Sûreté interpelléiert. D’Beamten hunn de Jos Steichen no Zeie vun deenen Doudesfäll gefrot, hie war awer alleng. Et gouf vill Drock op hie gemaach, hien huet gekrasch wei e klengt Kand. An nach haut kommen d'Gefiller héich, wann hien d’Gebei gesäit, wou deemools d’Sûreté dra war.

Am beschte loosse sech dem Jos Steichen seng Gefiller duerch eng Zeil resuméieren, déi hien an de Cahiers du CDREF geschriwwen huet: “Erënnerunge bleiwen, verzeie kann een, awer vergiesse kann een esou eppes ni!”

De 7. November 2015 huet de Jean Claude Majerus mam Paul Scholer, Trésorier vun der Amicale des Anciens de Tambow, der Nataliya Vyazovova vun Tambow an dem Jos Steichen, Prisonnéier am Gefaangenelager Tambow en Interview gefouert.