Radioen

On air

Kultur um 5  |  Nei Concerten am Atelier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dréchemaueren: Biotop, Héichwaasserschutz a Konschtwierk

Biophilia

Dréchemaueren: Biotop, Héichwaasserschutz a Konschtwierk

Wunnraum fir all méiglech Déierenaarten, Héichwaasserschutz, ëmweltfrëndlech a (bal) fir d'Éiwegkeet. Alles dat sinn Dréchemaueren. D'Konzept vum Mauere bauen, ouni iergendeppes wat d'Steng zesummenhält, gouf déi lescht Joren hei am Land nees erëm entdeckt. Et ass en aalt Handwierk, dat lues a lues nees opersteet a wat fir d'Natur vill Virdeeler mat sech bréngt.

auto_stories

4 min

Gemeng Schieren léisst Dréchemaueren nei opbauen, déi ëm déi 100 bis 150 Joer um Bockel hunn. (Foto: Lisa Lahos)

D'Gemeng Schieren léisst Dréchemaueren nei opbauen, déi ëm déi 100 bis 150 Joer um Bockel hunn. Well joerzéngtelaang net dono gekuckt gouf, si se lues a lues an de Koup gefall. Den Hiwwel hannendrun huet se no vir gedréckt, oder et si Beem derduerch gewuess, déi se zerstéiert hunn.

De Manktem un Entretien ass allgemeng de Problem vun den honnerte Kilometeren Dréchemaueren hei am Land, seet de Jo Goergen, Gérant technique vun engem Betrib, deen op d'Restauratioun vun alem Patrimoine spezialiséiert ass, an un den Dréchemaueren zu Schieren mat schafft.

"Fréier war jidderee Bauer an déi ganz Famill war mat dran, dat heescht et huet jiddereen all Kéiers ugefaangen, do ze flécken. Dat heescht all Wanter si rëm puer Meter nei gebaut ginn, puer Steng ersat ginn. An dat ass zanter dem Krich net méi gemaach ginn."

Keng Hexerei

En interregionale Projet, deen 2016 ugelaf an d'lescht Joer op en Enn gaangen ass, sollt den Dréchemaueren hei am Land neit Liewen anhauchen.

Den Interessi fir al Maueren ze restauréieren, an neier ze bauen, hëlt zanterhier ëmmer méi zou, mengt de Jo Goergen. Souwuel privat, wéi bei Gemengen oder Ëmweltorganisatiounen. Eng Dréchemauer ze baue wier dobäi keng grouss Hexerei. Prinzipiell misst een sech u fënnef Reegelen halen.

"Et gëtt op den normale Buedem gesat, d'Steng hunn eng liicht Pente no hannen, dat heescht wann den Hiwwel géif drécken, misst en d'Steng als éischt mol erop, no vir hiewen, ier se kéinte rausfalen."

Wat dann och nach wichteg ass, d'Foue mussen ëmmer versat sinn. Dat ass wéi eng Tirett oder eng Dier, déi net zou ass. Dat gëtt eng Schwaachstell, sou de Jo Goergen.

"Wat ganz wichteg ass: eemol pro Meter maache mir ee Steen dran, deen déi ganz Déift vun der Mauer hëlt, deen um Frontsteen an um Steen hannendru läit. Dat heescht, dee verbënnt, an et hält just duerch d'Gewiicht."

Wichteg Roll a Saachen Héichwaasserschutz

Hannendrun leet een déi kleng, manner schéi Steng. Engersäits fir opzefëllen, anerersäits fir e besseren Drainage ze garantéieren. Well eng Dréchemauer spillt och eng wichteg Roll a Saachen Héichwaasserschutz, präziséiert de Jo Goergen.

"D'Waasser, wat hei duerch de Buedem kënnt, muss sech ee ganz schwéiere Wee tëscht all deene Steng sichen. Dat heescht, wann hei eng Bëtongsmauer wier, an d'Waasser géif driwwer lafen, dann ass d'Waasser an enger Minutt duerch."

Bei der Dréchemauer brauch dat eng Véirelstonn. Bis d'Waasser also ënnerhalb an der Baach ukënnt, sinn e puer Stonne vergaangen, seet de Jo Goergen.

Eng Dréchemauer soll iwwerdeems een Drëttel bis hallef esou déck sinn, wéi se héich ass, fir eng zolidd Konstruktioun ze garantéieren.

Eng Mauer mat dekorativen Elementer

Wiem d'Ästhetik wichteg ass, dee kënnt net dolaanscht sech e wéineg mam Handwierk vum Steemetzer auserneen ze setzen. Da kann een Trapen, Bänken, Nischen oder dekorativ Elementer dran integréieren.

Wichteg ass et awer och, fir de klengen a méi groussen Déieren e Liewensraum ze bidden. Zu Schieren gi beispillsweis eng Partie Igelshielen an der Dréchemauer geschaf.

"Well déi ënne raginn, dat heescht dat ass een Tunnel, an um Enn vum Tunnel ass nach ee klengen Huelraum, doduerch kënnt de Fuuss net eran."

Dat heescht, et kann ee Biotope mat kreéieren. Et kann een och Vugelsnäschter iwwer ee Rouer, deen hannendra kënnt, integréieren. Et gi vill Méiglechkeeten, esou de Jo Goergen.

Bis zu 200 Joer al

Esou eng Dréchemauer ass en organescht Bauwierk, dat, mat lokale Steng gebaut, sech dem Relief vun der Landschaft soll upassen, an net ëmgedréint. Wéi muss een esou eng Dréchemauer ënnerhale wann se bis steet?

"Ee Bam soll net dra wuessen. Grieser, Blummen, alles wat net verholzt. De Problem ass zemools Efeu fir eng dréche Mauer. Dee geet ëmmer rëm eran, wuerzelt ëmmer rëm nei, an dat Holz sprengt duerno e Steen."

Wa Steng eroffalen, soll een se iwwerdeems och net leie loossen, mee se zeréck an d'Mauer setzen, sou nach de Jo Goergen. Op déi Manéier kéint esou eng Dréchemauer ouni Problem 200 Joer al ginn.

Vill Gemengen an Ëmweltorganisatioune bidden an Tëscht Formatiounen an deem Beräich un.