Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Zäithistoriker: Eng nei Zäit?

Geschicht

Den Zäithistoriker: Eng nei Zäit?

“Eng nei Zäit” ass fir den Denis Scuto net nëmmen e schauspilleresch, szenaresch, a visuell gelongene Film. E weist och wat eng Fiktioun, wat kënschtleresch Imaginatioun, der Geschicht an enger Erënnerungs-Politik kënne bréngen, wou et net nëmmen em passiv Affer geet, mee em aktiv Mënschen mat hiren Hoffnungen, hiren Ziler, hiren Interessen, hiren Ängschten an hire Widderspréch.

auto_stories

9 min

“Aereto dachte, so beginnt es und der Bäcker, der Milchmann, die Arbeiter, der Schulmeister, alle sagten zu ihnen: Haltet die Augen offen; das erlebt ihr nur einmal.”

“Während des Krieges war viel geschehen. Der Krieg war jetzt zu Ende. Es wird alles anders werden, hatte der Vater gesagt. Es wird sein als wären die Toten nicht gestorben. Aeretos Vater arbeitete auf dem Friedhof.”

Dat sinn zwee Extraiten aus engem Roman-Fragment, dat 1966 vum Fernand Karier geschriwwe gouf. Den Titel ass: “Anfang”. 50 Joer virum Kinosfilm vum Christophe Wagner huet en talentéierte Schrëftsteller sech schonns mam Thema “Eng nei Zäit” beschäftegt. De Fernand Karier ass leider dat Joer drop an engem Autosaccident gestuerwen an et ass beim Fragment bliwwen.

Wéi am Film ass an der Erzielung vum Fernand Karier den Titel ironesch gemengt. Si ass geschriwwen aus der Siicht vun zwee Bouwe mat den erfonnten Nimm Pini an Aereto an engem erfonnte Land, dat immens Lëtzebuerg gläicht. Si geet un mat der Liberatioun, wou “alles so beeindruckend neu und aufregend war”. Mee den éischten Androck täuscht. Frae gi geschuer op der Maartplaz. Aner Frae prostituéieren sech virun den amerikaneschen Zaldoten. De Papp vum Aereto gëtt als Kollaborateur verhaft. “Laßt ihn laufen, schrie eine Stimme. Der hat nichts getan. Aber der Mann mit dem Gewehr und der weißen Armbinde sagte: Besser einer zuviel als einer zuwenig (…).” D’Erzielung hält op als Anti-Idyll mat enger Läich vun engem Hond mat opgeschwemmte Bauch, Zeechen, wéi d’Germaine Goetzinger schreift, net fir d’Leed vun der  Krichszäit, mee fir d’Verlugenheet vun enger Zäit, déi hinnen als nei presentéiert gi war.

Fir d’Literaturwëssenschaftlerin steet de Fernand Karier an den 1960er Jore mat aneren Auteure wéi dem Roger Manderscheid an engem Grupp vu jonke Schrëftsteller ronderëm de Cornel Meder fir eng, do awer wierklech, nei Phase an der Lëtzebuerger Literatur zum Zweete Weltkrich: Existenziell Froen a Krise stinn am Virdergrond. De Krich gëtt “ent-heroiséiert”. E Géigepol zu patrioteschen Erzielungen, zur Schwaarz-Wäiss-Molerei “Mir géint den (däitsche) Feind”.

50 Joer méi spéit gräift de Lëtzebuerger Kino d’Thematik vum Fernand Karier nees op. D’Fro, ob déi direkt Nokrichszäit “eng nei Zäit” ass, gëtt an dësem Spill-Film, dee fir de grand public geduecht ass, natierlech net behandelt aus der Perspektiv vum engagéierte Schrëftsteller a vun der literarescher Traditioun vum Existenzialismus. Mee en erfëllt déi Roll déi den Historiker Marc Ferro dem Fiktiounsfilm zouschreift, déi vun enger “contre-histoire” oder enger “contre-analyse de la société”.

Eng nei Zäit, geschriwwe vum Viviane Thill, realiséiert vum Christophe Wagner, produzéiert vum Claude Waringo (Samsa Film), geet aus vun engem reelle fait divers, engem fënneffache Mord. Besser gesot geet en aus vun engem Artikel vum Historiker Claude Wey iwwer dëse Mord, am Begleitband zur Ausstellung “Mord und Totschlag” vum Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg vun 2009.

Den 21. Juli 1945 ginn um Wandhaff bei Welschent fënnef Mënschen erschoss, déi däitsch Bauerefamill Weyer, Papp, Mamm a Jong, de Kniecht an d’Mod vum Haff. Regelrecht higeriicht. Opgrond vun engem Fangerofdrock geléngt et der Gendarmerie de virbestrooften Nicolas Bernardy wéinst Raubmord ze iwwerféieren. Dëse leet fir d’éischt e komplett Geständnis of, fir et spéider ze widderruffen an e fréiere Member vun der Friemelegioun a Sergeant vun der nei gegrënnter Arméi, ee vun den haapt Zeien, ze belaaschten. Den Tribunal d’Assises befënnt awer just de Bernardy schëlleg a veruerteelt en zum Dout. Säi Recours en grâce gëtt vun der Grande-Duchesse refuséiert an et kënnt de 7. August 1948 zur der Hiriichtung vun engem Gemengverbriecher zu Lëtzebuerg, 127 Joer no der leschter Hiriichtung, déi 1821 duerchgefouert gouf an anengems déi lescht virun der Ofschafung vun der Doudesstrof am Joer 1979.

De Claude Wey huet sech selwer op en Artikel vum Evy Friedrich an der Revue 1973 baséiert an dono weider Archiv-Recherchen ënnerholl. Aus senge Recherchen ass ervirgaangen, dass déi däitsch Bauerefamill zu Onrecht, ënnert anerem vun der lokaler Resistenzler-Unioun zu Welschent der Kollaboratioun mam Okkupant beschëllegt gouf. De Géigendeel war fir de Bouf Weyer de Fall, dee fir de belsche Spionage-Déngscht geschafft huet an dowéinst vun der Gestapo verhaft gouf a während 10 Méint an engem däitsche Prisong souz. De Gendarmen hir Conclusioun: “Aus diesem Grunde geht hervor, dass Weyer Mathias sich als alliierten Freund betätigte und somit auch den Interessen des Grossherzogtums gedient hat.” D’zentral Roll vun anti-däitsche Gefiller geet och aus dem Ëmstand ervir, dass deen als amerikaneschen Zaldot verkleede Bernardy den Iwwerfall tarnt als Vergeltungs-Moossnam géint eng däitsch Famill déi nom Enn vum Krich zu Lëtzebuerg bliwwe war. Hie wosst anscheinend vun der Konfliktsituatioun tëscht der Welschenter Unioun an der Famill Weyer.

De Claude Wey reit de Mord awer och sozial-historesch an an eng Krichs- a Nokrichszäit an, déi vu grousser Gewalterfahrung a Gewaltbereetschaft gepräägt war. Gewalt vum Okkupant a materiell Zerstéierungen am Krich, staatlech a parastaatlech Lëtzebuerger Gewalt géint Kollaborateuren nom Krich. Sommaire Exekutiounen – de Paul Cerf schwätzt vun op d’mannst 4 -, Selbstmorden, Accidenter. An eng haart geriichtlech Epuratioun, bei där et zu 5006 Condamnatioune kënnt an zu zwielef Doudesuerteeler, vun deenen aacht vollstreckt goufen, déi lescht 1948.

Verschidden Auteure, wéi de Jurist Léon Metzler, de Journalist Paul Cerf, deen déi bis elo eenzeg Publikatioun zur Epuratioun 1980 geschriwwen huet, an den Historiker Gilbert Trausch hunn ënnerstrach, dass d’Häert vun der Epuratioun géint Lëtzebuerger Kollaborateuren am Widdersproch steet mam “mëllen” Ëmgang mat däitsche Krichsverbriecher zu Lëtzebuerg. Kee vun den aacht zum Dout veruerteelten Däitschen ass higeriicht ginn. De leschten däitsche Krichsverbriecher ass 1957 fräigelooss ginn an de leschte Lëtzebuerg Kollaborateur eréischt 1965.

Dat Originellt um Szenario vum Viviane Thill an um Film vum Christophe Wagner ass, dass se dem Claude Wey seng Interpretatioun vum Fall Bernardy benotzen an an engems ëmänneren, fir se an eng Fiktioun an an eng Intrige anzebauen, déi se bis zum Schluss duerchzéien. Mam festen Entschloss eng contre-histoire ze proposéieren.

An sengem kritesche Geschichtsmémoire mam Titel “Peur de l’oubli – peur de l’autre. Les films et documentaires luxembourgeois ayant pour sujet la Deuxième Guerre mondiale  (1948-2001)”, huet d’Claudine Muno, haut éischter bekannt als Musekerin a Schrëftstellerin, betount, dass déi Filmer eng grouss Villfalt vun Theme behandelt hunn an et also keng wierklech Tabue gouf. Problematesch huet hatt éischter fonnt, dass ëmmer déi selwecht Iddi am Mëttelpunkt steet: Déi vun enger klenger homogener Gemeinschaft, déi Affer vun enger Attaque vu bausse gëtt an awer solidaresch bleift. Affer a passiv. Eng Gesellschaft déi reagéiert éischter wéi se agéiert. Zou, immobil.

“Eng nei Zäit” vermëttelt en anert Bild. D’Protagoniste sinn net nëmmen Affer, si réagéieren net nëmmen. Si agéieren. Den Armand, Chef vun de lokale Resistenzler, alliéiert sech mam Buergermeeschter fir dass net erauskënnt, dass d’Resistenzler selwer an net den däitsche Becker alias Weyer de Refraktär Dolling, fir si ze vill fanatesch, un d’Preise verroden hunn. De Kommandant vun der Sûreté an den Untersuchungsriichter maachen alles dass de Glesener alias Bernardy den eenzege Schëllege bleift, fir dass och hei d’Roll déi lokal Streidereie beim Mord gespillt hunn net erauskënnt.

Den Usproch vun der moralescher Iwwerleeënheet vun den Affer géintiwwer den Täter gëtt an dësem Film a Fro gestallt. Onrecht gëtt hei net nëmme méi vun den Aneren, vun de Feinden ausgeüübt. D’preisesch Famill an der lokaler Communautéit, déi ënnert anerem verstoppte Jonge gehollef huet, gëtt hei zum Affer. Scholdzouweisungen an Net-Vergiesse-Wëlle präge vill patriotesch Erzielungen.  An der Lëtzebuerger Literatur wéi am Film. An dësem Film riichte sech d’Scholdzouweisungen net nëmmen un den Okkupant an un d’Kollaborateuren,  mee och un unerkannte Membere vun der Lëtzebuerger Communautéit vun der Nokrichszäit. Hei sinn et de Lëtzebuerger Buergermeeschter, de Resistenzler an de Kommandant vun der Sûreté déi ugeklot ginn. An op eemol soen et wier un der Zäit ze vergiessen an e Schwamm iwwer d’Krichszäit ze zéien.

Eng nei Zäit. Wat e komeschen Titel, hunn ech mer gesot nodeems ech de Film gesinn hat. Ironesch ganz sécher, wéi “Anfang” vum Fernand Karier. An awer, wat ech méi driwwer nodenken, net komesch, mee pertinent, well esou villschichteg. Eng nei Zäit heescht fir déi, déi un der Muecht sinn, am Duerf an am Staat, dass een den Deckel op déi al Zäit mécht a fest zouhält. Fir den Haaptpersonnage vum Film, de Maquisard Jules, bedeit e wierklech d’Hoffnung op en neien Ufank, deen näischt mat der Helde-Roll ze dinn huet an déi e gedrängt gëtt. Fir den Armand de Resistenzler ass et d’Hoffnung, dass seng Roll am Krich sech an eng Bedeelegung um Pouvoir nom Krich ëmsetze léisst.

A wéi bei “Anfang” vum Fernand Karier gesi mer an “Eng nei Zäit” zum Schluss och eng Läich als Zeechen net fir d’Leed vum Krich, mee – ech zitéieren nach eng Kéier d’Germaine Goetzinger – fir d’Leed nom Krich un der Verlugenheet vun der restaurativer Rekonstruktiounszäit.