Erënnerungen Den ugeschmierte Verhalt

Viru Geriicht entscheed d'Ausso vum Aenzeien dacks iwwer Schold oder Onschold. Déi grouss Fro ass awer: Wéi verlässlech ass de Verhalt? Kënnen d'Erënnerunge manipuléiert ginn, zum Beispill duerch e Verhéier bei der Police, duerch Fotoen oder Reportagen?

Jean-Claude Majerus / cwi

Das getäuschte Gedächtnis
Erënnerunge kënne manipuléiert ginn. Foto: ZDF / Pedram Kramer

Vill Psychologen a Kriminologe sinn iwwerzeegt, datt Erënnerungen immens verformbar sinn. Dat ka besonnesch an der Justiz zolidd Repercussioun hunn. Falsch Zeienaussoe waren der Organisatioun “Innoncence Project” no Schold un 242 vun den 343 falschen Uerteeler an den USA, déi spéider duerch DNA-Tester annuléiert goufen.

Wéi séier eng falsch Erënnerung kann entstoen, weisen d’Realisateure vum Documentaire "Das getäuschte Gedächtnis" vum Pedram Kramer. Am Film gëtt ënnert Anerem unhand vun enger banaler Übung, bei där et dorëm geet fir e Gesiicht z'erkenne gewisen, datt ee sengem Gediechtnes net traue kann. De Spectateur selwer ass d'Testpersoun an hie mierkt séier, wéi einfach et ass eng Erënnerung ze fälschen.

De Film weist och wéi duerch gutt gemengte Berodungen an Therapië bei Mënschen, déi subjektiv iwwerzeegt sinn, Affer vu Kandsmësshandlung ze sinn, falsch Erënnerunge kënnen entstoen. Déi kënnen der concernéiert Persoun quasi imposéiert ginn, well d'mënschlecht Gehir fräi Plazen an der Memoire mat plausibelen Erënnerungsdeeler fëllt. Mee falsch Erënnerunge ginn et net nëmmen am Kontext vun den Dote vun anere Leit. D'Droit-Psychologin Julia Shaw weist, datt een duerch gezielt Froen un d'Testpersounen hir Kandheets- oder Jugenderënnerungen esou manipuléiere kann, datt d'Testpersoune mengen si wiere kriminell gewiescht.

Erënnerungen a Fro stellen

Mat impressionnante Biller, Expertemeenungen an Tester weist "Das getäuschte Gedächtnis" eng spannend a gläichzäiteg erschreckend Realitéit. D’Gehir späichert keng Filmopnamen, déi een - wann ee grad Loscht huet - of, zeréck oder no fir spille kann. Eng Erënnerung huet dacks wéineg mam reellen Evenement ze dinn.

Mee wouvu Psychologen a Kriminologe schonn zënter laangem iwwerzeegt sinn, dat ass an der Justiz, bei der Police an am Alldag nach net ukomm. Un der Ausso vun Zeien ze zweiwelen ass net beléift. Experten déi dat maachen, kréien dacks virgehäit, si géifen d'Täter schützen. An awer kann d'Zweiwelen um Verhalt fir d'Justiz an d’Gesellschaft ee positiven Effekt hunn: An zwar datt manner onschëlleg Mënschen op Grond vu falschen Erënnerunge veruerteelt ginn.


"Das getäuschte Gedächtnis" gëtt den 22. September op 3Sat gewisen.

An der Mediathéik:

Kulturchronik / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Altersdemenz.jpg
Demenz

Zu Lëtzebuerg gëtt et manner Altersdemenz wéi an aneren Länner. Eng Ursaach dofir ass d'Villsproochegkeet vun de Residenten. Dat ergëtt eng Etude vum "Luxembourg Institute for Health".

Fraktal
Mathematik

D'Chaosfuerschung beschäftegt sech mat Situatiounen, an deene Viraussoen nëmme begrenzt méiglech sinn. Et ass net verwonnerlech, datt dës Branche Applikatiounen an allerlee Domainer vum Alldag huet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen