Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den George Lucas verännert d'Filmwelt

Geschicht vu Star Wars

Den George Lucas verännert d'Filmwelt

Star Wars ass net just beléift fir seng Figuren oder d'Erzielung, mä och wéinst der Technologie, souwuel an de Filmer, wéi och filmtechnesch. Fir den George Lucas stoung eng realistesch Verwierklechung vu senge Virstellungen un éischter Plaz – an dat zanter den 1960er Joeren. An dat huet eng ganz Rei vu Komplikatiounen, awer och vill Innovatioune mat sech bruecht huet.

auto_stories

7 min

D'Legosversioun vu Star Wars ass eng Konsequenz vum Succès vun de Filmer, den THX-System vum Lucas sengem Innovatiounsgeescht

Star Wars huet e neie Standard gesat, an d'Art a Weis wéi Filmer gemaach gi komplett verännert. De neuseelännesche Regisseur Peter Jackson schreift am Virwuert vun "The Making of Star Wars", dass d'Filmlandschaft haut ouni den George Lucas a Star Wars mat Sécherheet anescht géif ausgesinn. Et ass bekannt: soubal eng nei Technologie um Maart iwwerzeegt an hire Wee an eisen Alldag fënnt, gëtt séier vergiess wéi een et eigentlech ouni déi ganz technesch Hëllefsmëttel konnt aushalen.

Wéi d'Episode IV vu Star Wars, A New Hope, erauskomm ass, war u villes wat fir eis haut selbstverständlech ass, nach net ze denken: keng Smartphones oder Computeren, vum Internet huet nach kee geschwat a Videosspiller huet een deemools just op grousse Kassette kritt. Eng ganz aner Welt am Verglach mat haut. Filmer waren déi Zäit nach reng Handaarbecht, Spezialeffekter si mat opteschen Tricken, Plastiksmodeller a vill Gedold entstanen.

Lucas: scho fréi vun Hologramme geschwäermt

Mee d’60er an d’70er Joere waren eng spannend Zäit fir den amerikanesche Film. De schwéierfällege Studiosystem huet ugefaang ze bréckelen, nei interessant Regisseuren hunn ugefaang sech duerchzesetzen: Spielberg, Coppola, de Palma, Scorcese. An dann eben net ze vergiessen, den George Lucas. Deen huet scho ganz fréi vu sengem Wonsch eng Weltraum-Fantasy-Oper an de Kino ze bréngen gedreemt, a beim Coppola am Hotelszëmmer vun Hologramme geschwäermt – ouni datt soss ee verstanen hätt wat dat soll sinn.

Fir sengen Iddien vun der Star-Wars-Technologie gerecht ze ginn, investéiert den George Lucas am Summer 1975 an eng eegen Boîte fir Spezialeffekter a nennt se Industrial Light and Magic. An enger schappeger Hal net wäit vu Venice Beach waren dem Lucas seng Techniker dofir zoustänneg Virstellung an d'Realitéit emzesetzen. A wann ee bedenkt dass et sechs Méint gedauert huet fir e Roboter z'entwerfen an ze bauen, da waren zwee Joer virun der Premiere vum Film scho kuerz gemooss.

Zeechnungen als Virlag fir den Design vum Set

Mam Ralph McQuarrie senge Konzept, Zeechnungen als Virlag, sinn hei souwuel sämtlech Pläng a Maquettë fir de Set Design, grad  wéi déi visuell Spezialeffekter fir Star Wars entstan. Déi fäerdeg Maquettë sinn da mat de Pläng op London gecheckt ginn, wou de Film gedréint ginn ass, a wou de Filmset op der Plaz 1:1 gebaut ginn ass. Mat engem souwisou scho knappe Budget ass hei d'Toleranz fir Feeler zimlech kleng. An trotzdem kënne riskant Entscheedungen sech um Enn onerwaart ausbezuelen...

Den Design vum Millenium Falcon, zum Beispill, ass nach am leschte Moment komplett op d'Kopp geheit ginn. D‘Schëff war scho gebaut wéi de Lucas entscheed huet e ganz anert Konzept wéi virgesinn ze benotzen. Et war him wichteg, datt grad de Falcon gutt erkennbar wier: flaach, ronn, mam Cockpit op der Säit amplaz vun engem bis dohinn méi traditionelle Konzept. D'Ännerung huet sech bezuelt gemaach, de Millenium Falcon ass dat eenzegt Raumschëff wat esou ausgesäit, bleift onkopéiert, huet seng eege Legosversioun an ass nach ëmmer eng vun de populärste Spillsaachen vu Star Wars.

D’Klimaanlag ausgeschalt, 150.000 Dollar fort

Fir d'Kameramänner war dat Ganzt awer net ëmmer sou einfach: Bei den Dréiaarbechten vun Return of the Jedi (1983), hunn wéint der Hëtztentweckleng vun de Kameraen an anerem techneschen Equipement déi eenzel Sete misse klimatiséiert ginn. D'Geräisch vun der Klimaanlag huet awer ee vun de Kameramänner esou gestéiert datt hien se ausgeschalt huet, wat leider mat sech bruet huet datt e ganzen Imperial Cruiser geschmollt ass, en Akzident deen d'Produktioun 150.000 Dollar kascht huet.

D' Hëtzt war awer net nëmmen am Studio e Problem: An Tunesien wou d'Sequenze vum Luke sengem Heemechtsplanéit Tatooine gedréit gi sinn, war et esou waarm dass dem Anthony Daniels säi gëllenen 3CPO-Kostüm huet missen aus Fiberglas hirgestallt ginn, well déi tunesesch Hëtzt all Plastik geschmollt huet. An och de Kenny Baker, de Schauspiller deen de R2D2 beweegt huet, war méi gefuerdert wéi een dat bei engem Dréi soss gewinnt ass. Hien gouf alt mol an der klenger blo-wäisser Këscht vergiess, a konnt alleng net eraus klamme well de Kapp vum Roboter just konnt vu baussen erof geholl ginn. Wéi wann et net schonn duer gaang wier ëmmer erëm mat dem ganze Roboter no vir ëmzefalen, well dem R2D2 säi mëttelst Ben entweder iwwerhaapt net funktionéiert huet oder net richteg agerast ass.

Filmer op Computere schneiden, de Wonsch vum George Lucas

Filmer maachen ass also net ëmmer sou einfach wéi et um Pabeier ausgesäit a besonnesch fir Projete wéi Star Wars huet d'Technik am Laf vum Dréi missten entwéckelt ginn, fir Problemer ze léisen déi sou net virauszegesi waren. Wann Industrial Light and Magic fir a New Hope nach e Puppelchen a Saache Spezialeffekter war, sou huet d'Equipe ronderëm den George Lucas sech bis Return of the Jedi zu enger héich professioneller Filmboîte eropgeschafft an dem George Lucas ee grousse Wonsch erfëllt: Filmer op Computere kennen ze schneiden.

Mëtt de 1990er Jore war Industrial Light and Magic mat engem Wäert vun 350 Milliounen Dollar weltwäit d'Nummer 1 a Saache Spezialeffekter. Eng ganz Rei vu bekanntene Szene sinn hei entstan, wéi déi wou den Tom Hanks am Robert Zemeckis sengem Forrest Gump dem JFK d'Hand gëtt, a ganz Filmreihen, wéi Harry Potter an Indiana Jones. Eng vun de wichtegsten Innovatiounen, wann net souguer déi wichtegst, déi op den George Lcuas seng Kap geet ass awer den THX.

Innovatioun THX

Entgéint deem wat allgemeng ugeholl gëtt ass THX keen Tounformat oder Surround Sound System, mee e Kinostounstandard fir de Playback vun der Tounspur ze normen. THX suergt dofir dass all Film an all Kino op der Welt fir all Zuschauer, onofhängeg dovu wou hien am Sall setzt, tsälwecht klengt. Den THX-Standard ass 1983 vum Tomlinson Holman fir Lucasfilm entweckelt ginn an den éischte Film deen iwwer THX-System gelaf ass war – wéi kéint et och anescht sinn – d'Star Wars Episode VI The Return of the Jedi.

Den Toun ass fir de Lucas eng vun de wichtegsten Komponenten an enger Erzielung, well en zu engem groussen Deel dozou bäi dréit datt de Film gutt beim Publikum ukënnt. 1987 baut den Goerge Lucas de 14000 m2 grousse Skywalker Sound mat 8 Studioen. Dee gréisste Studio ass mat engem 96-Kanal-Mëschpult ausgerüst wou fir Filmer wéi dem Robert Redford säin The Horse Whisperer 85 Tountechniker gebraucht gi sinn, fir den Toun ofzemëschen.

An der Fro op d'Konscht d'Liewen imitéiert oder d' Liewen d'Konscht, liwwert Star Wars hei eng kloer Äntwert. D' Virstellung vun dem wat kéint sinn amplaz vun dem wat ass, huet erméiglecht dass technesch Innovatiounen eng Realitéit gi sinn, un déi ee vläit soss net oder vill méi spéit réischt geduet hätt.

Lauschtert de ganze Bäitrag vum Alice Grandgenet.